DFESG - Diplôme de fin d'études secondaires générales

Lescht Aktualiséierung : 30.08.2023

Allgemenges

Erwuessener, déi hir Studien am Enseignement secondaire général ofschléissen oder hir Studien nees ophuele wëllen, kënnen den Diplôme de fin d'études secondaires générales vun der Division administrative et commerciale, Section Gestion kréien. Et gëtt drop higewisen, datt an der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich och den Diplôme d'éducateur am beruffsbegleedende Studium accessibel ass.

Erwuessener, déi hire Formatiounsparcours ergänze wëllen, kënnen d'4e an d'3e vun der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich besichen an hir Studien eventuell am reguläre Schoulbetrib fortsetzen, bis si den Diplom vum Enseignement secondaire général kréien.

Divisiounen, déi am Kader vun der Weiderbildung ugebuede ginn

Divisions - Administratif et commercial / Professions de santé et professions sociales
1GCG 1GCC 1GCF 1GMM 1GSH 1GSI 1GED- 1G+* 1GSO
2GCG 2GCC 2GCF 2GMM 2GSH 2GSI 2GED 2GSO
gestion communication
et organisation
finance marketing
médias
communication
sciences
de la santé
formation
de l'infirmier
formation
de l'éducateur
sciences
sociales
  Sections  
3GCM 3GPS 3GSO
4GCM 4GPS 4GSO
Section
administrative
et commerciale
Section
des professions
et des professions
sociales
Section
sciences
sociales
Division
administrative
et commerciale
Division
des professions de santé
et des professions sociales
* Klass 1+ nëmme fir d'Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich, Sektioun vun den Educateuren
Divisions - Technique générale / Artistique / Hôtellerie et touristique
1GSE 1GIG 1GIN 1GA3D 1GSN 1GT2S 1GACV 1GGH
2GSE 2GIG 2GIN 2GA3D 2GSN 2GT2S 2GACV 2GGH
sciences
environnementales
ingénierie informatique architecture
design et
développement
durable
sciences
naturelles
technologies
sport & santé
arts et
communication
visuelle
gestion de
l'hospitalité
 Sections 
3GIG  3GA3D  3GSN  3GT2S 3GACV 3GGH
4GIG(F)  4GA3D  4GSN  4GT2S 4GACV 4GGH
Section
ingénierie
Section
architecture,
design et
développement
durable
Section
sciences
naturelles
Section
Technologies
sport et santé
Section
arts et
communication
visuelle
Section
gestion de
l'hospitalité
Division
technique générale
Division artistique Division hôtellerie
et touristique

Fir Kandidaten, déi keng 5e ofgeschloss hunn, ginn d'Coursë vun der 5e vum Enseignement secondaire général an Owes- an an Dagescoursen an a verschiddene Sproocheregimmen ugebueden, fir Zougang zu enger 4e ze kréien.

Den Dispositif vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) erméiglecht et och, ganz oder deelweis en Diplôme de fin d'études secondaires générales ze kréien.

Méi doriwwer

DFESG vun der Division administrative et commerciale, Section Gestion

Kandidaten, déi drun interesséiert sinn, den Diplôme de fin d'études secondaires générales vun der Division administrative et commerciale, Section Gestion, ze kréien, mussen:

  • op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • déi néideg Bedéngunge fir déi jeeweileg Klass erfëllen.

Organisatioun vun de Klassen

  • Klasse vun der 4e GCM bis 3e GCM an der 2e GCG bis 1re GCG - Owescoursen
  • D'Coursen, déi am ECG organiséiert ginn, suivéieren d'Programmer vum regulären Enseignement an de Klasse vun der Division administrative et commerciale, Section Gestion (2e a 1re).

    An der Ofschlossklass maachen d'Kandidaten den Ofschlossexame vum Enseignement secondaire général.

  • Klasse vun der 3e G an 2e G fir jonk Erwuessener - Dagescoursen
  • D'Zil vum Projet "Klasse fir jonk Erwuessener" - (Classes pour jeunes adultes - CJA) besteet doran, de Schüler, déi hir Schoul net gepackt hunn oder sech ëmorientéiere wëllen, eng lescht Chance ze ginn, fir den Diplôme de fin d’études secondaires générales an engem raisonnablen Zäitkader ze kréien an de sozialen Ausschloss ze verhënneren. D'Opnam an d'Klasse fir jonk Erwuessener am ECG gëtt opgrond vun engem Dossier entscheet.

    D'Klasse fir jonk Erwuessener gi fir d'3e G an d'2e G vun der Division administrative et commerciale organiséiert. Den Unterrecht ass a puncto Schoulzäiten, Methoden an Inhalter un d'Zilgrupp ugepasst. Déi jonk Erwuesse ginn opgrond vun engem Dossier ënner gewësse Bedéngungen zougelooss a mussen eng Konventioun ënnerschreiwen, déi d'Engagementer vun der Schoul a vun de Schüler reegelt.

DFESG an der Divisioun vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich

Formatioun vum Educateur en alternance

D'Formatioun vum Educateur en alternance gëtt am beruffsbegleedende Studium vun der École nationale pour adultes (ENAD) organiséiert.

De Bildungswee, deen am Kader vun der Erwuessenebildung ugebuede gëtt, erméiglecht et Erwuessenen, iwwer den zweete Bildungswee en unerkannten Diplom ze kréien. D'Zil ass et, eng Formatioun unzebidden, déi d'Kandidaten nieft hirer Aarbecht suivéiere kënnen an déi op d'Lëtzebuerger Beruffswelt zougeschnidden ass. D'Formatioun adresséiert sech un Erwuessener, déi schonn am Erzéiungs- oder soziale Beräich täteg sinn, ouni iwwer eng unerkannte berufflech Qualifikatioun fir de Beruff vum Educateur ze verfügen.

Dës Formatioun fir den Educateur en alternance ëmfaasst allgemeng an technesch Aspekter aus den Erzéiungs- a Sozialwëssenschaften, woubäi d'Methodologie op d'Erwuessenepädagogik an op d'spezifesch Besoine vun der Zilgrupp ausgeriicht ass.

D'Formatioun vum Educateur en alternance setzt sech engersäits aus de Studien, déi zum Diplôme vum Enseignement secondaire général féieren an eng normal Studiendauer vun zwee Joer ëmfaassen, an anerersäits aus de Studien, déi zum Diplom vum Educateur féieren, an eng normal Studiendauer vun engem Joer ëmfaassen, zesummen.

  • Zougangsbedéngungen
    • op d'mannst 21 Joer al sinn,
    • en Aarbechtsvertrag am Erzéiungs- a Sozialberäich hunn, deen op d'mannst iwwer 16 Stonnen an der Woch an zanter mindestens 12 Méint leeft, oder en Aarbechtsvertrag als Educateur an der Ausbildung CCT-SAS (Convention Collective de Travail pour les Salariés du Secteur d'Aide et de Soins et du Secteur Social), deen op d'mannst iwwer 16 Stonnen an der Woch leeft, an d'Éischtausbildung zanter op d'mannst 12 Méint verlooss hunn,
    • eng vun de folgende Formatioune gepackt hunn:
      • eng 3e aus dem Enseignement secondaire classique
      • eng 3e aus dem Enseignement secondaire général
      • d'Formatioun vum Auxiliaire de vie (DAP).

    Kandidaten, déi zu dëser Formatioun zougelooss wëlle ginn, ouni eng vun den uewe genannte Klasse gepackt ze hunn, mussen eng Opnamprüfung maachen.

  • Organisatioun vun der Formatioun
  • D'Formatioun setzt sech zesummen aus:

    • 16 Stonnen theoretesche Coursë während de Schoulzäiten, déi zwee Deeg hannerteneen an der Woch, donneschdes a freides, ofgehale ginn,
    • Selbststudium,
    • Beruffspraxis, begleet vu pädagogescher Selbstreflexioun.

    D'Formatioun ëmfaasst:

    • Basismoduler: Pedagogik; Psychologie; Sproochen: Franséisch, Däitsch, Englesch; Berufflech Praxis a Methodologie.
    • Opbaumoduler: Soziologie; Philosophie, Biologie; Mathematik; Medien a Kommunikatioun; Konscht a Kultur; Pedagogik vu Bewegung- a Sportsaktivitéiten; encadréiert perséinlech Aarbecht.
    • Lafend Evaluatioun an Ofschlossprüfung fir all Modüll.

Klasse vun der 4e G an 3e G an Owescoursen

D'Kandidaten, déi d'Klasse vun der 4e G an der 3e G an Owescoursë besiche wëllen, mussen:

  • op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • eng 5e oder en equivalente Parcours hunn,
  • d'Promotiounskritären, déi fir d'Klass vun der 4e gëllen, erfëllen.

Dës Klasse ginn Accès op den ieweschten Zyklus vun der Formatioun fir d'Beruffer aus dem Gesondheets- a Sozialberäich. D'Coursë ginn am Lycée technique du centre (LTC) ofgehalen.

Zur Informatioun

Am Secteur vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich sinn och 2 DAPen an 1 CCP accessibel:

Klass vun der 4e vun der Section Ingénierie an der Division technique générale

Dës Klass ass dat 1. Joer vum Cycle moyen. D'Coursë ginn am Lycée Mathias Adam (LMA) organiséiert.

Kontakt

ECG - École de commerce et de gestion

21, rue Marguerite de Brabant
L-1254 Luxembourg

www.ltecg.lu

+352 26 04 5303
secretariat@ltecg.lu


ENAD - École nationale pour adultes

17, rue Marguerite de Brabant
L-1254 Luxembourg

www.enad.lu

+352 26 65 03 50
info@enad.lu

Formation d'éducateur
educateur@enad.lu
LMA - Lycée Mathias-Adam

avenue de l'Europe
L-4802 Lamadelaine

www.ltma.lu

+352 50 87 30 206
secretariat@ltma.lu

Cours du soir
couso@ltma.lu


LTC - Lycée Technique du Centre

106, avenue Pasteur
L-2309 Luxembourg

www.ltc.lu

+352 47 38 11 223
secretariat@ltc.lu
info@ltc.lu