DFESC - Diplôme de fin d'études secondaires classiques - Sciences humaines et sociales - Section moderne G

Lescht Aktualiséierung : 25.09.2023

Allgemenges

Erwuessener, déi hir Éischtausbildung ofschléissen oder hir Studien nees ophuele wëllen, kënnen den Diplôme de fin d’études secondaires classiques an Human- a Sozialwëssenschaften - Sektioun Moderne G (Englesch) kréien.

Et kann een den Diplom kréien, andeem een Owescoursen, E-Learning-Coursen (eBac) oder Dagescoursë suivéiert. D'Sektioun Moderne G ass déi eenzeg Sektioun vum Enseignement secondaire classique, déi iwwer de Wee vun der Weiderbildung accessibel ass.

1CG 1CA 1CB 1CC 1CD 1CE 1CF 1CI 1CJ 1CP 1CR
2CG 2CA 2CB 2CC 2CD 2CE 2CF 2CI 2CJ 2CP 2CR
3CG 3CA 3CB 3CC 3CD 3CE 3CF 3CI 3CJ 3CP 3CR
G A B C D E F I J P R
sciences
humaines
et sociales
langues
vivantes
mathématiques/
informatique
sciences naturelles/
mathématiques
sciences économiques/
mathématiques
arts
plastiques
musique informatique/
communication
entrepreneuriat,
finance & marketing
sciences cognitives
& humaines
politiques et
développement durable
Sections
4C
Classes supérieures        Classes inférieures
5C
6C
7C

Klassen, déi am Kader vun der Weiderbildung ugebuede ginn

Dagescoursen

D'Coursen (1re CG, 2e CG, 3e CG, 4e C, 5e C) ginn daagsiwwer an der ENAD ofgehalen an ëmfaassen 32 bis 36 Stonne pro Woch.

Fir d'5e C mussen d'Kandidaten op d'mannst 16 Joer al sinn, fir déi aner Klassen, déi ugebuede ginn, musse si op d'mannst 17 Joer al sinn.

Méi Informatiounen

Fernunterrecht

D'eBac-Coursen (1re CG, 2e CG, 3e CG, Opfrëschung) gi vum eCampus a Form vu Fernunterrecht ugebueden:

D'Kandidate mussen:

  • op d'mannst 16 Joer al sinn,
  • d'4e am lëtzebuergeschen Enseignement secondaire classique gepackt hunn,
  • déi néideg Kompetenzen am Däitschen, Franséischen an am Engleschen hunn.

Persounen, déi keng 4e C gepackt hunn, kënnen eng Opfrëschung am Franséischen, am Däitschen, am Engleschen an an der Mathematik maachen (dës Opfrëschung gëtt Zougang zu enger 3e ESC).

De Kandidat ka seng eBac-Studie bei all nei "Sessioun" ufänken, dat heescht 6 Mol am Joer.

Neien eLearner (eLs) gëtt ugeroden, un enger vun den Informatiounsversammlungen deelzehuelen, fir wäertvoll Rotschléi zur Organisatioun vun eCampus a perséinlech Léierstrategien, déi se ëmsetze kënnen, mat op de Wee ze kréien.

D'Umeldung fir den eBac ass just iwwer de Site eCampus.lu méiglech.

Owescoursen

Den Owescours (3e), deen d'ENAD organiséiert, fënnt am Athénée de Luxembourg (24, blvd. Pierre Dupong   L-1430 Luxembourg) statt.

D'Kandidate mussen:

  • op d'mannst 17 Joer al sinn,
  • d'4e am lëtzebuergeschen Enseignement secondaire classique gepackt hunn,
  • déi néideg Kompetenzen am Däitschen, Franséischen an am Engleschen hunn.

Kontakt

ENAD - École Nationale pour Adultes

17, rue Marguerite de Brabant
L-1254 Luxembourg

www.enad.lu

+352 26 65 03 50 1
info@enad.lu
eCampus - eBac

Alain Hoffmann
Délégué à la formation des adultes

www.ecampus.lu

+352 621 472 040
admin@ebac.lu