Liewenslaangt Léieren
Liewenslaang allgemeng a berufflech Bildung oder och "liewenslaangt Léieren" bezeechent
"All Léieraktivitéit, déi zu iergendengem Moment vum Liewen ënnerholl gëtt mam Zil, säi Wëssen, säin Know-how, seng Fäegkeeten, seng Kompetenzen an/oder seng Qualifikatiounen am Kader vun enger perséinlecher, sozialer an/oder berufflecher Perspektiv ze verbesseren."
Source: Cedefop, Glossaire La qualité dans l'enseignement et la formation, 2011 |
Dës Aktivitéite fanne souwuel an den Educatiouns- a Formatiounssystemer wéi och ausserhalb dovu statt.

Educatioun an Éischtausbildung (Formation initiale)
Et fänkt alles mam Schoulunterrecht un (Education précoce, Spillschoul, Primärschoul).
Duerno kënnt d'Orientatioun, d'Aussiche vun engem Beruff an der Formatioun, déi zu dësem Beruff féiert. Et gëtt een also Schüler am Enseignement secondaire, Léierbouf oder -meedchen oder Student am lëtzebuergesche Schoulsystem.
Beruffsliewen
Elo ass de Moment vum Antrëtt an d'Beruffsliewe komm.
Et gëtt séier kloer, datt Weiderbildung onëmgänglech ass, fir
- sech nei Kompetenzen am Kader vu senger Aktivitéit unzëeegnen,
- den Zougang zum Aarbechtsmaart oder d'Zeréckkommen op seng Aarbechtsplaz ze erliichteren,
- sech a senger Entreprise oder och ausserhalb dovu weiderzëentwéckelen,
- sengem beruffleche Parcours eng nei Richtung ze ginn,
- eng Qualifikatioun ze kréien ...
Pensioun
A schliisslech kënnt de Moment vun der Pensioun, wou d'berufflech Aktivitéit op en Enn kënnt, déi perséinlech Weiderentwécklung awer fortgesat gëtt.
De Pensionéierte bleift weiderhi geeschteg aktiv a ka vill Offeren notzen, fir ëmmer nach derbäizeléieren.
| D'liewenslaangt Léiere besteet aus all dësen Etappen. |
An deem Sënn schaffen déi staatlech a privat Initiativen zu Lëtzebuerg op dat selwecht Zil hin: den Opbau vun engem héichwäertegen Educatiouns- a Formatiounssystem ouni Ënnerbriechung, vun der Kandheet bis zum Pensiounsalter.