En agreéiert Formatiounsinstitut ginn
Et gi verschidden Typpe vu Formatiounsinstituter, déi berechtegt sinn, zu Lëtzebuerg Formatiounen unzebidden. En fonction vun hirem Statut schreift d'Gesetz hinne speziell Konditioune fir d'Ausübe vun enger Formatiounsaktivitéit vir.
Privat Formatiounsinstituter
Privat Formatiounsinstituter ënnerleien de Regele vum Droit d'établissement a mussen eng ministeriell Autorisatioun hunn, fir Weiderbildungsaktivitéiten ausüben ze kënnen.
D'Autorisatioun, fir "d'Aktivitéit vum Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut" ausüben ze kënnen, ass strikt perséinlech. Si gëtt vum Wirtschaftsministère op Avis vum MENJE nominativ ausgestallt, an dat esouwuel fir Kapitalgesellschaften wéi och fir Persounegesellschaften.
All Institut muss d'Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an de beruffleche Qualifikatiounen erfëllen, déi fir d'Ausübe vun dëser Aktivitéit erfuerdert sinn.
Prozedur
Fir eng Autorisation d'établissement als Gestionnaire vun engem Weiderbildungsinstitut unzefroen, mussen d'Formulairë vun der Demande ausgefëllt an u folgend Adress geschéckt ginn:
Direction générale PME et Entrepreneuriat
Ministère de l’Économie
19-21, boulevard Royal
L-2914 Luxembourg
info.pme@eco.etat.lu
Bei d'Demande fir d'Autorisation d'établissement si folgend Dokumenter derbäizeleeën:
- e Steiertimber vu 24 € oder d'Kopie vum Virement,
- eng Kopie vun de Statuten,
den Numm vum Dirigeant vun der Entreprise, deen ënnerschrëftsberechtegt ass (zesumme mat sengen Diplomer, de Beleger fir seng Beruffserfarung, dem Extrait aus sengem Casier an dem notarielle Certificat de non faillite, wann hien an de leschte fënnef Joer net zu Lëtzebuerg gewunnt huet).
Berodung an Hëllef
House of Entrepreneurship - One-Stop Shop
14, rue Erasme
L-1468 Luxembourg-Kirchberg
Tel. +352 42 39 39 - 330
info@houseofentrepreneurship.lu
www.houseofentrepreneurship.lu
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 8h30 bis 17h30 Auer
Autorisation d'établissement - Modell
Asbl, Fondatiounen
Privat Associatiounen (asbl), Fondatiounen a Privatpersoune ginn, op Demande, individuell vum Minister, dee fir d'Beruffsausbildung zoustänneg ass, agreéiert.
Wann d'Demande ugeholl gëtt, gëtt dësen Typ vun Instituter an engem Arrêté ministériel als agreéierten Organisateur vu Weiderbildungscoursen deklaréiert.
Prozedur
Dës Formatiounsinstituter mussen:
- sech schrëftlech un den Educatiounsminister wenden, fir e speziellen Agrement fir d'Formatiounsaktivitéit unzefroen,
- hir Statuten un dëse Courrier hänken.
Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Auslännesch Formatiounsinstituter
Auslännesch Formatiounsinstituter mussen iwwer eng Autorisatioun verfügen, datt si am Land, aus deem si stamen, eng Formatiounsaktivitéit ausüben dierfen.
Si sinn deemno net verflicht, en Agrement no der lëtzebuergescher Prozedur, mä no därjéineger vun hirem jeeweilege Land unzefroen.
Dës Prozedur gëtt awer obligatoresch, wa si decidéieren, sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen.