Steierlech Ofsetzbarkeet
All Persoun, déi Steieren op hirem Akommes aus enger bezuelter Aarbecht bezuele muss, kann d'Ausgabe fir hir berufflech Weiderentwécklung vun hirem steierflichtegen Akommes ofsetzen.
01 Detailer
D'Käschte fir d'berufflech Weiderentwécklung mussen:
- an engem direkten Zesummenhang mat der berufflecher Aktivitéit stoen,
- vum Salarié gedroe ginn,
- dem Salarié erméiglechen, seng berufflech Kenntnesser ze aktualiséieren an a sengem Beruffsliewe weiderzekommen (Fortbildungskosten).
D'Ausbildungskäschten (Ausbildungskosten), d. h. d'Ausgabe fir sech Kenntnesser unzëeegnen, déi an Zukunft fir d'Ausübe vun engem Beruff oder fir e Beruffswiessel néideg sinn, kënnen net ofgesat ginn.
Eligibel Käschten sinn:
- d'Aschreiwungskäschte fir d'Weiderbildung, déi de Salarié dréit,
- d'Käschte fir d'Uschafe vu Bicher, souwäit dës ausschliisslech fir berufflech Zwecker genotzt ginn (Fachliteratur, déi net vun allgemengem Interessi ass).
D'Plaz, op där d'Formatioun stattfënnt, spillt keng Roll.
02 Beispill
D'Marie, Aide-éducatrice, mécht nieft senger Aarbecht eng Formatioun, fir Educatrice ze ginn
D'Marie, 25 Joer, schafft zënter Kuerzem als Aide-éducatrice an enger Maison relais zu Lëtzebuerg. De Beruff mécht him Spaass, an hatt ass bereet, erëm mat Léieren unzefänken.
Hatt schreift sech an enger Schoul an der Belsch an, déi him d'Méiglechkeet bitt, den Diplom vum Educateur gradué ze kréien an trotzdem weider ze schaffen. Den Diplom ass zu Lëtzebuerg unerkannt. Fir zousätzlech bezuelte Congésdeeg ze kréien, reecht hatt beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Demande fir individuelle Formatiounscongé an.
Nieft dësem Spezialcongé wëll d'Marie och seng Aschreiwungskäschten a senger Steiererklärung ofsetzen. Hatt renseignéiert sech bei sengem Steierbüro: Wann d'Rechnung iwwer de Pauschbetrag vu 540 €, deen all Salarié zegutt huet, erausgeet, kann d'Marie dës Käschten a senger Steiererklärung ofsetzen.
03 Demarchen
De Salarié muss d'Ausgabe fir seng berufflech Weiderentwécklung an der Steiererklärung vun deem Steierjoer ofsetzen, an deem d'Depensen entstane sinn.
Beispill: Wann eng Persoun am Oktober 2019 sämtlech Aschreiwungskäschte fir eng Formatioun, déi 2 Joer dauert, bezilt, ka si dës Depensen nëmmen an der Steiererklärung fir d'Steierjoer 2019 ofsetzen.
D'Ausgabe fir d'berufflech Weiderentwécklung falen an de Beräich vun de Frais d'obtention a kënnen an der entspriechender Rubrik vun der Steiererklärung deklaréiert ginn.
All Salarié huet d'office e Forfait vu 540 € pro Steierjoer zegutt, fir seng Frais d'obtention ofzedecken.
Wa bei enger bestueter Koppel, déi kollektiv besteiert gëtt, béid Conjointen en Akommes aus enger bezuelter Aarbecht hunn, dann huet jiddereen de Pauschbetrag vu 540 € zegutt. Wann den Total vun den tatsächleche Frais d'obtention iwwer dee Pauschbetrag erausgeet, kann de Salarié se a senger Steiererklärung ofsetzen.
Dem Salarié gëtt geroden, dem Steierbüro kuerz ze erklären, firwat d'Weiderbildung hien a senger berufflecher Carrière weiderbrénge kann.