D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit

Vum Horaire mobile profitéieren, fir sech weiderzebilden

Salariéen, déi an Entreprisë mat engem Horaire mobile schaffen, kënnen en Amenagement vun hirer Aarbechtszäit ufroen. Dës Moossnam soll hinnen et duerch eng méi flexibel Gestioun vun der Aarbechtszäit méi einfach maachen, u Formatiounen deelzehuelen.

01 Detailer    

Den Horaire mobile erlaabt et dem Salarié, d'Auerzäiten an d'Dauer vu senger deeglecher Aarbechtszäit u seng perséinlech Besoinen unzepassen.

Bei deem Amenagement si folgend Aspekter ze berücksichtegen:

  • d'Besoine vum Service an déi berechtegt Wënsch vun den anere Mataarbechter,

  • d'gesetzlech Limitte vun der Aarbechtsdauer. Ausser a gesetzlech geregelten Ausnamefäll däerf d'Aarbechtszäit net iwwer 10 Stonnen den Dag an 48 Stonnen d'Woch leien,

  • d'Regelen, déi am Kader vun der Horaire mobiles-Regelung am Virfeld festzeleeë sinn.

02 Beispiller

D'Sylvie ass Salariée a mécht a senger Mëttespaus Coursen an der Bureautique

D'Sylvie ass 55 Joer al, schafft als Sekretärin bei enger Baufirma a soll seng Powerpoint-Kenntnesser verdéiwen. Déi eenzeg Zäit, déi hatt arrangéiert, ass d'Mëttespaus. D'Coursen daueren awer zwou Stonnen an d'Regelung vum Horaire mobile a senger Firma gesäit nëmmen eng Mëttespaus vun enger Stonn vir.

No Verhandlunge mat sengem Patron gëtt ausgemaach, datt d'Sylvie déi Deeg, wou Cours ass, éischter mat Schaffen ufänkt, ouni awer déi gesetzlech virgeschriwwe Grenzen ze iwwerschreiden. Hatt profitéiert deemno vum perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit am Kader vum Horaire mobile, fir bei senger Formatioun kënne matzemaachen.

De Paul ass Salarié. Hie mécht eng Formatioun vun 3 Woche mat, bei där hien awer éischter vu senger Aarbechtsplaz fortgoe muss.

De Paul huet 42 Joer a schafft bei enger Entreprise am Norde vum Land, bei där d'Salariéë vun engem Horaire mobile profitéiere kënnen. Hien huet sech privat an eng Formatioun ageschriwwen, déi an der Stad ofgehale gëtt.

D'Coursë fänken um 18h00 Auer un. Normalerweis gesäit d'Regelung vun der gleitender Aarbechtszäit vir, datt déi fest Plage, während där hien op senger Aarbechtsplaz muss sinn, bis 18h00 Auer geet. Den Amenagement vun der perséinlecher Aarbechtszäit, op deen hie sech am Kader vun enger Horaire mobiles-Regelung mat sengem Chef gëeenegt huet, erlaabt him awer, éischter vun der Schaff fortzegoen, fir bei senge Coursë kënne matzemaachen.

03 Demarche    

Et gëtt keen allgemeng gëltegen Dispositif fir d'Gestioun vum Horaire mobile, mä nëmme Recommandatioune fir d'Partner, déi an d'Gestioun vun den Horaire mobiles-Regelungen agebonne sinn.

D'Horaire mobiles-Regelung ka virgesinn, datt:

  • fir d'Gestioun vun de Stonnen, déi um Enn vun enger Referenzperiod feelen, eng spezifesch Léisung gëllt. Zum Beispill kann d'Héchstzuel vun de Stonnen, déi pro Referenzperiod feelen däerfen, fir de Salarié, dee sech weiderbilt, eropgesat ginn, genee wéi den Zäitraum, bannent deem den Defizit muss opgeschafft ginn, ka verlängert ginn,
  • déi fest Plagen, während deenen d'Salariéen obligatoresch musse present sinn, kënnen individuell un déi spezifesch Contraintë vun de Persounen, déi sech weiderbilden, ugepasst ginn,
  • d'Gesamtamplitude (Ufank an Enn vun der Aarbechtszäit) mat de festen a flexibele Plagë kann iwwer déi normal Limitten eraus verlängert ginn.

Refus vum Employeur    

Bei den Entreprisë ka gefuerdert ginn, dass déijéineg, déi:

  • entweder refuséieren, engem Apprenant e flexibelen Amenagement vu senger Aarbechtszäit ze erméiglechen,
  • oder refuséieren, d'Schaffzäiten am Sënn vun dëser Moossnam ze amenagéieren,

hire Refus duerch d'Besoine vum Service oder duerch zwéngend Grënn am Zesummenhang mat der rationeller Organisatioun vum Betrib begrënne mussen.

Am Betrib kann eng intern Instanz ageriicht ginn, déi zesumme mat de Personalvertrieder Entscheedungen trëfft, wann et zu Oneenegkeete bei der Appreciatioun vun de Grënn am Kader vum Horaire mobile kënnt.

Limitte vum Dispositif

Besoine vum Service an zwéngend Grënn am Zesummenhang mat der rationeller Organisatioun vum Betrib kënnen der Demande vum Salarié oder vun de Personalvertrieder entgéintgesat ginn. Et handelt sech deemno net ëm en absolut Recht.

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer