Bäihëllef fir d'berufflech Ausbildung vun engem Demandeur d'emploi
All Demandeur d’emploi, dee bei der Aarbechtsagence (Agence pour le développement de l’emploi - ADEM) ageschriwwen ass an eng Beruffsausbildung maache wëll, kann, ënnert gewësse Bedéngungen, eng Bäihëllef a Form vun engem deelweise Remboursement vun de Käschte vun dëser Formatioun kréien.
D'Demarchen, fir sech anzeschreiwen, ginn zesumme mam Beroder vun der ADEM ofgewéckelt.
Den Dossier muss déi follgend Elementer enthalen:
- eng motivéiert Requête, an där de beruffleche Projet presentéiert gëtt;
- e komplette CV;
- d'Bezeechnung vum Formatiounsinstitut, zesumme mat der Justifikatioun, firwat dëst Institut ausgewielt gouf;
- den detailléierte Programm vun der Formatioun;
- d'Dauer vun der Formatioun (Ufank an Enn);
- d'Käschte vun der Formatioun, all Taxen abegraff;
- falls zoutreffend, Informatiounen iwwer den Diplom/Certificat, mat dem d'Beruffsausbildung ofgeschloss gëtt.
D'Bäihëllef fir d'Formatioun muss virum Ufank vun der Formatioun ugefrot ginn.
Den Demandeur d'emploi muss d'Formatioun integral virfinanzéieren. En däerf net vun enger anerer ëffentlecher finanzieller Ënnerstëtzung fir déi Formatioun, fir déi hien eng Bäihëllef fir seng berufflech Ausbildung ufreet, profitéieren. |
Falls seng Demande ugeholl gëtt, kann den Demandeur d'emploi um Enn vun der Formatioun en deelweise Remboursement bei der ADEM ufroen.
D'Remboursementsdemande muss déi follgend Dokumenter enthalen:
- e Beleg fir d'Bezuele vun der Beruffsausbildung,
- e Relevé vun de Präsenzen an de Coursen,
- eng Déclaration sur l'honneur, datt den Demandeur fir déi selwecht Formatioun keng aner ëffentlech Bäihëllef an Usproch hëlt.
Remboursement vun de Käschte vun der Formatioun:
- 75% vun de Käschte vun der Formatioun, plafonéiert op de Betrag vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter pro Mount, wann op d'mannst 80% Präsenze certifiéiert ginn,
- déi reschtlech 25% ënnert gewësse Bedéngungen.
D'Dauer vum Remboursement däerf am Prinzip net iwwer 12 Méint leien.
D'ADEM proposéiert och nach aner Formatiounsmesuren, fir d'Beschäftegung ze fërderen.
Méi doriwwer