Bei den Inhalt goen

Iwwer d'TEVA-Etüd

D'Längsschnittstudie iwwer den Iwwergang vun der Schoul an d'Beruffsliewen (Transition École-Vie Active - TEVA), déi vum Formatiouns-Observatoire vum INFPC duerchgefouert gëtt, beliicht den Ufank vun de Schüler hirer berufflecher Karriär, nodeem si de Lycée verlooss hunn. De Karriärsufank gëtt um Niveau vun der berufflecher Insertioun vun deene Jonken a vun der Qualitéit vun hiren Aarbechtsplazen analyséiert.

D'TEVA-Etüd soll et den ëffentlechen Acteuren an de Sozialpartner erlaben, d'Formatioune vu muer an d'Politik fir d'Ënnerstëtzung vun der Jugendbeschäftegung besser ze definéieren.

Déi lescht TEVA-Publikatioun an d'Indicateure vum éischte Joer am Beruffsliewe vu jonken Absolvente vun der berufflecher Éischtausbildung consultéieren.

Méi iwwer de Formatiouns-Observatoire

Karriärsufank vun de Jonken no der initialer Beruffsausbildung

D'TEVA-Etüd vum Formatiouns-Observatoire befaasst sech mat der berufflecher Integratioun vu Jonken, déi e komplette Studiegang am Kader vun der berufflecher Éischtausbildung ofgeschloss hunn.

D'Ënnerscheeder an d'Änlechkeeten an de Parcourse vu Jonker wärend dem Joer, nodeem si de Lycée verlooss hunn, ginn no verschiddene Krittären opgeschlësselt: hate si en Diplom beim Antrëtt an d'Beruffsliewen oder net, wéi e Geschlecht haten d'Schoulofgänger, wéi e Certificat oder Diplom hate si.

Fir all Referenzjoer beleeën d'Resultater d'Bedeitung vun der schoulescher Reussite, vum Geschlecht a vun de Certificaten an Diplomer souwuel fir den Accès zum Aarbechtsmaart an de Maintien dans l'emploi wéi och a Bezuch op d'Qualitéit vun de besate Posten.

Déi lescht TEVA-Publikatioun consultéieren

D'Resultater musse jee no Handwierk oder Beruff, op dat bzw. deen déi Jonk sech wärend hirer Ausbildung virbereet hunn, nuancéiert ginn. Den interaktive Barometer TEVA gëtt Opschloss iwwer den Accès zu der Beschäftegung pro Handwierk a pro Beruff.

Barometer vun der berufflecher Insertioun: Beschäftegungsperspektive fir d'Schoulofgänger no Formatioun

TEVA, den interaktive Barometer vun der berufflecher Insertioun, evaluéiert d'berufflech Insertioun, d'Qualitéit vun den Aarbechtsplaze vun deene Jonken an d'Iwwerteneestëmme vun der Formatioun mat den Aarbechtsplaze vun de Schoulofgänger am Kader vun der Beruffsausbildung, opgedeelt no Handwierk, no Beruff an no Formatioun.

D'Vilfalt vun de Situatiounen, déi déi Jonk am Laf vum Joer no hirem Schoulofschloss erliewen, gëtt verdäitlecht duerch e Set vun 22 Indicateuren. Duerch d'Auswäertung vun dësen Indicateure kënne pro Formatioun Vergläicher a 4 Dimensioune gezu ginn:

  • d'Verloosse vun der Schoul mat der Zuel vu suivéierte Schoulofgänger
  • déi éischt Aarbechtsplaz nom Verloosse vun der Schoul, mat Informatiounen iwwer den Accès zu der éischter Aarbechtsplaz, déi duerchschnëttlech Dauer vun der éischter Beschäftegung, déi éischt Astellung a Vollzäit mat engem CDI an de mëttlere Stonneloun bei der éischter Astellung
  • d'Aarbechtsplaz am Laf vum Joer nom Verloosse vun der Schoulmat Indicateuren zur Dauer vun der Beschäftegung, der permanenter Beschäftegung wärend dem ganze Joer, der Beschäftegung mat engem CDI oder deelzäit, der Beschäftegung, déi mat méi ewéi 1,5 Mol dem Mindeststonneloun fir onqualifizéiert Aarbechter remuneréiert gëtt
  • d'Beschäftegung ee Joer nom Verloosse vun der Schoul jee no Beschäftegungstaux, Beschäftegung mat engem CDI, Vollzäitbeschäftegung, mëttlere Stonneloun, Situatiounen, an deenen déi Jonk no 1 Joer weeder an enger Beschäftegung nach zeréck an der Schoul sinn

De Barometer vun der berufflecher Insertioun fir en Handwierk oder e Beruff consultéieren