Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

D'Resultat vun der Assimilatioun vun Informatiounen duerch d'Léieren. D'Wëssen ass den Ensembel vun Tatsaachen, Grondsätz, Theorien a Praktiken, déi zu engem Studien- oder Aarbechtsberäich gehéieren.

NB: Et gi vill Definitioune vum Konzept Wëssen/Kenntnes; déi grouss modern Courante ginn awer vun enger Rei vu fundamentalen Ënnerscheedungen aus:

  • Den Aristoteles mécht en Ënnerscheed tëschent der theoretescher Logik an der praktescher Logik. Och déi modern Theoretiker (Alexander et al., 1991) ënnerscheeden dat deklaratiivt (theoretescht) Wësse vum prozeduralen (prakteschen) Wëssen.
    Dat deklaratiivt Wëssen emfaasst Aussoen iwwer spezifesch Evenementer oder Faiten, genee ewéi empiresch Verallgemengerungen oder méi fundamental Grondsätz iwwer d'Natur vun der Realitéit.
    Dat prozeduraalt Wësse beinhalt verschidden Elementer (Heuristik, Methodologie, Plangen, Praktiken, Verfahren, Routinnaktiounen, Strategien, Taktiken, Techniken oder Astucen) (Ohlsson, 1994);

  • et gi verschidde Forme vu Wëssen, déi ënnerschiddleche Methoden, fir sech Wëssen iwwer d'Welt ze verschafen, entspriechen. Duerch Studie konnte verschidde Kategorië vu Wëssen identifizéiert ginn:
    • objektiivt (natierlecht/wëssenschaftlecht) Wëssen, dat nom Degré de certitude bewäert gëtt;
    • subjektiivt (literarescht/ästhetescht) Wëssen, dat nom Degré d'authenticité bewäert gëtt;
    • moralescht (mënschlecht/normatiivt) Wëssen, dat opgrond vun der kollektiver Akzeptatioun (richteg/falsch) bewäert gëtt;
    • reliéist/geeschtlecht Wëssen, dat opgrond vun enger gëttlecher Instanz (Gott) bewäert gëtt.
    Dës schematesch Ënnerscheedung orientéiert eis bei de Froen, déi mir eis stellen, de Methodologien, déi mir asetzen, an den Äntwerten, déi mir beim Striewen no Wësse fannen.
  • Wësse kann implizit oder explizit sinn. Implizit Wëssen (Polany, 1966) gëtt definéiert als déi (net onbedéngt ausgedréckten oder bewossten) Kenntnesser, déi den Apprenant sech uneegent an déi de kognitive Prozess beaflossen. Explizit Wëssen entsprécht deem Wëssen, dat bewosst vum Apprenant mobiliséiert ka ginn, a beinhalt och dat implizit Wëssen, dat - andeems et sech zu engem "Objet de pensée" entwéckelt - explizit gëtt (Prawat, 1989).

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"