Bei den Inhalt goen

ECTS - Europäesche System fir den Transfert an d'Accumulatioun vu Kreditter

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

System deen dora besteet, en Héichschoulprogramm duerch d'Attributioun vu Kreditter fir déi eenzel Bestanddeeler (Modullen, Coursen, Stagen, Dissertatiounen, Thèsen asw.) ze beschreiwen, mam Zil:
  • d'Liesbarkeet an d'Vergläichbarkeet vun de Studieprogrammer fir in- an auslännesch Studenten ze erliichteren;
  • d'Mobilitéit vun de Studenten an d'Validatioun vun de Resultater/Acquis d'apprentissage ze fërderen;
  • d'Universitéiten dobäi ze ënnerstëtzen, hir Studieprogrammer ze organiséieren an ze iwwerschaffen.
NB: Den ECTS-System berout um Aarbechtspensum, deen de Student bewältege muss, fir d'Objektiver vum Programm, déi a Form vu Resultater/Acquis d'apprentissage festgeluecht sinn, ze erreechen. Den Aarbechtspensum vun engem Student an engem Vollzäitstudium läit an Europa an deene meeschte Fäll bei ongeféier 1.500 - 1.800 Stonnen d'Joer an dofir entsprécht ee Kredit an deem Fall ongeféier 25 bis 30 Stonnen Aarbecht. Persounen, déi vergläichbar Resultater/Acquis d'apprentissage an anere Léierkontexter noweise kënnen, kënnen dës vun de Certificatiounsorganismen, déi d'Diplomer ausstellen, unerkannt oder Kreditter (Dispensen) accordéiert kréien.

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"