Bei den Inhalt goen

Cadre européen des certifications pour l'apprentissage tout au long de la vie (CEC)

Lescht Aktualiséierung : 31.01.2024

Definitioun

Referenzinstrument fir d'Beschreiwen a Vergläiche vu Certificatiounen, déi op nationalem, internationalem oder sektoriellem Niveau entwéckelt goufen. E besteet aus aacht Certificatiounsniveauen, déi a Form vu Léierresultater (Wëssen, Fäegkeeten, Verantwortung a Selbstännegkeet) mat steigende Kompetenzniveaue beschriwwe ginn. Dës Niveaue gi fir d'Iwwerdroen tëschent deene verschiddene Certificatiounssystemer an -niveaue genotzt.

Commentaire:

  • Zweck vum Europäesche Certificatiounskader fir liewenslaangt Léieren ass et, d'Transparenz, d'Vergläichbarkeet an d'Iwwerdrobarkeet vu Certificatiounen ze verbesseren;

  • seng aacht Niveauen decke sämtlech Certificatiounen of, ugefaange bei deenen, déi Basiswëssen, -fäegkeeten a -kompetenze validéieren, bis hin zum héchsten Niveau vum Universitéitsenseignement a vun der berufflecher Aus- a Weiderbildung. De CEC ass en Iwwersetzungsinstrument fir Certificatiounssystemer.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"