Lescht Aktualiséierung : 10.08.2023

Allgemenges

D'Grondbildungscoursë fir Erwuessener riichte sech:

  • u Persounen, déi ufänken, op Däitsch oder Franséisch alphabetiséiert ze ginn, an déi dës Sproochen am Mëndleche verstinn
  • u Persounen, déi op Däitsch oder Franséisch alphabetiséiert goufen, an déi hir Grondkompetenze verbessere wëllen:
    • liesen
    • schreiwen
    • rechnen
    • an enger ëmmer méi digitaliséierter Welt eens ginn

D'Grondkompetenze sinn en zolidd Fundament fir méi selbststännegt a verdéift Léieren zu engem spéidere Moment.

Organisatioun

D'Grondbildung ass gratis. Si gëtt op Franséisch oder op Däitsch ugebueden.

Et ginn zwou verschidde Formullen:

  • D'Grondbildungscoursë riichte sech un e Grupp vun erwuessenen Apprenanten, déi dee selwechte Programm absolvéieren. Si ginn op Trimesterbasis ugebueden.
    D'Grondausbildungscoursen uweisen
  • An de Grondbildungsworkshoppe gëtt a klenge Gruppe geléiert an de Programm ass individualiséiert. Si ginn op Trimesterbasis ugebueden.

Inhalter vun der Formatioun:

  • mëndlech Kommunikatioun: Gespréicher, Kommunikatioun um Telefon, Presentatiounen ...
  • Schaffe mat authenteschen Dokumenter aus dem Privat- a Beruffsliewen: Umeldungsformulairen, Identitéitsdokumenter, Horairë vum ëffentlechen Transport, Bankdokumenter, Sécherheetsvirschrëften ...
  • Uneegne vun Zuelekenntnisser a mathematesche Kenntnisser: Grondoperatiounen, moossen, Orientatioun an der Zäit an am Raum
  • Uneegne vun digitale Grondkompetenzen: digital Outile kennen a benotzen, Online-Formatioun

De Rhythmus vun der Formatioun ass un d'sozio-berufflech Situatioun vun den Apprenanten ugepasst a kann tëschent 2 a 6 Stonne Cours d'Woch variéieren.

De Programm ass personaliséiert. E fänkt no enger Orientatiounsseance un, bei där den individuelle Kenntnisser an dem perséinleche Projet vum Apprenant Rechnung gedroe gëtt.

Et ginn och Coursë vu Veräiner a vun de Gemengen ugebueden.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale,
de l'Enfance et de la Jeunesse

Service de la formation des adultes
Cellule d'orientation

Maison de l'orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Heures d'ouverture du guichet:
lundi: 13h - 17h
mardi - vendredi: 10h - 12h et 13h - 17h