lifelong-learning.lu: elo iwwer 10.000 Formatiounen!
INFPC, den 29-03-2021
D'nationaalt Portal fir liewenslaangt Léieren entwéckelt sech permanent weider: Waren et 2015 nach 6.600 referenzéiert Formatiounen, dann ass dës Zuel 2021 op 10.000 geklommen, wat engem Wuesstem vu 50% a 5 Joer entsprécht. 2015 waren 169 Formatiounsinstituter als Member op der Plattform agedroen, haut sinn et der iwwer 280, d. h. iwwer 60% méi. Vun den 10.000 Formatioune ginn der 1.500 à distance ugebueden.
Eng breet Gamm u Formatioune fir op d'Besoine vun den Apprenanten anzegoen
D'Formatiounsoffer
huet sech am Laf vun der Zäit staark diversifizéiert. Dobäi ginn all
d'wirtschaftlech Aktivitéitssecteuren ofgedeckt, mat un der Spëtzt
d'Coursen an de Sproochen, an der Informatik, am Business Management an
an der perséinlecher a berufflecher Weiderentwécklung.
Iwwer Stéchwierder oder de jeeweilege Formatiounsberäich
kann een einfach no der passender Formatioun sichen. D'Resultater vun
dëser Sich kënnen dann iwwer verschidde Filtere wéi Enseignementsmodus,
Plaz vun der Formatioun, Dauer, Niveau oder och nach Sprooch, an där
d'Formatioun gehale gëtt, affinéiert ginn. Besonnesch vill Wäert gëtt
drop geluecht, datt d'Informatiounen iwwert déi presentéiert
Formatiounen, z. B. Léierziler, Inhalter, Evaluatiounsmethoden, asw.
gutt lieserlech sinn. D'Formatioune ginn à distance, mat decaléierten
Horairen, als Owes- oder Dagescoursen ofgehalen. Si kënnen iwwer eng méi
kuerz Zäit oder iwwer e puer Méint lafen.
De Site informéiert och iwwer d'Méiglechkeeten, en Diplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung ze kréien, besonnesch am Kontext vun der Erwuessenebildung, an iwwert den Dispositif vun der Validation des acquis de l’expérience.
En eenzegaartegt Informatiounsinstrument, fir den Zougang zu der Formatioun ze erliichteren
Jiddwereen,
deen op perséinlechem Plang seng Kompetenzen entwéckelen a seng
Employabilitéit festege wëll, ka sech op lifelong-learning.lu beschtens
informéieren. Fir säi Formatiounsprojet erfollegräich ëmzesetzen, stinn
eng Rei vu Bäihëllefe fir d'Formatioun
zur Verfügung, z. B. den individuelle Formatiounscongé, de
Sproochecongé, den Amenagement vun der Aarbechtszäit oder eng speziell
Finanzbäihëllef.
Entreprisen, déi an d'Entwécklung vun de
Kompetenze vun hire Salariéen investéieren, kënnen iwwer den Dispositif
vun der Kofinanzéierung vun der berufflecher Weiderbildung oder iwwer de
Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch eng finanziell
Bäihëllef vum Staat ufroen.
Um Site ginn donieft och weider
nëtzlech Informatiounen iwwer d'Formatioun zu Lëtzebuerg verëffentlecht:
Etüden an Analysen, Evenementer, aktuell Noriichten, Legislatioun…
Eng ëffentlech Plattform am Déngscht vum Formatiounssecteur
lifelong-learning.lu
ass en onverzichtbaart Instrument fir Formatiounsinstituter, déi hir
Offer méi sichtbar maachen a sech um Formatiounsmarché positionéiere
wëllen.
Déijéineg, déi am Beräich vun der Beschäftegung oder der
Orientatioun schaffen, fannen hei déi Formatiounen, déi den
Ufuerderunge vun deenen ënnerschiddlechste beruffleche Parcoursen
entspriechen, genee ewéi eng Rei vun Hëllefsmëttele fir d'Orientatioun.
lifelong-learning.lu
gehéiert dem INFPC, dem nationalen Institut fir d'Entwécklung vun der
berufflecher Weiderbildung, en Etablissement public, deen ënnert der
Tutelle vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend steet. D'Missioun vum
INFPC besteet doran, d'liewenslaangt Léiere bei allen Zilgruppen, déi
vun der Formatioun betraff sinn, ze fërderen, sief et Salariéen,
Demandeurs d’emploi, Formatiounsinstituter, Akeefer oder Prescripteure
vu Formatiounen.
KontaktINFPC
Cathia Gromczyk
Responsabel fir d'Kommunikatioun
cathia.gromczyk@infpc.lu T +352 46 96 12-221
GSM +352 691 450 221