Erwuessenebildung: Ëm wat geet et genee?

Lescht Aktualiséierung : 30.08.2023

Allgemenges

D'Ausbildung fir Erwuessener riicht sech u volljäreg Persounen, déi en Handwierk/Beruff léieren oder sech berufflech ëmschoule wëllen.

Si viséiert esouwuel Erwuessener mat engem Aarbechtsvertrag ewéi och Demandeurs d’emploi, déi bei der Aarbechtsagence (ADEM) ageschriwwe sinn.

D'Formatioune kënne zu follgende Qualifikatioune féieren:

Déi erwuesse Léierjongen a -meedercher kréie vum Ausbildungsbetrib de soziale Mindestloun fir net qualifizéiert Salariéen. Den Ausbildungsbetrib huet Usproch op eng Ausbildungsbäihëllef.

Genee ewéi d'Éischtausbildung dauert och d'Ausbildung fir Erwuessener am Normalfall 3 Joer. Ënner gewësse Bedéngunge kënnen Derogatiounen accordéiert ginn. D'Ausbildung kann op kee Fall manner ewéi 1 Joer daueren.

Ze vermierken: D'Formatioune kënnen och als grenziwwerschreidend Ausbildung gemach gin.

Bedéngungen

De Kandidat fir eng Ausbildung fir Erwuessener muss:

  • op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • den initiale Schoulsystem (oder den initialen Ausbildungsvertrag) zanter mindestens 12 Méint verlooss hunn,
  • wärend mindestens 12 Méint a fir op d'mannst 16 Stonnen d'Woch beim CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) affiliéiert gewiecht sinn.

D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnisser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.

Organisatioun

Bei engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:

  • schoulesch Ausbildung an engem Lycée,
  • praktesch Ausbildung, déi de Kandidat duerch seng Beschäftegung an der Entreprise, mat där de Kandidat en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, absolvéiert. D'Entreprise muss autoriséiert sinn, fir auszebilden.

Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn.

Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.

Den Ausbildungsvertrag fir Erwuessener kann nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn.

Kontakt

ADEM - Agence pour le développement de l'emploi
Service d'orientation professionnelle

Maison de l'Orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

www.Adem.public.lu

+352 247 85480
+352 247 85387
Info.op@Adem.public.lu

Maison de l'Orientation "Beim Park"
7, avenue de la Gare
L-9233 Diekirch

+352 247 65430

Agence Belval
1, blvd. Porte de France
L-4360 Esch-sur-Alzette

+352 247 75411