Initiatiouns- a Weiderbildungscoursen

Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Allgemenges

D'Demandeurs d’emploi, déi bei der Aarbechtsagence (ADEM) ageschriwwe sinn, kënnen, souwäit Plaze fräi sinn, wärend hirer Chômage-Zäit entweder gratis oder zu reduzéierten Tariffer u Formatiounen deelhuelen.

Formatiounen

Duerch Initiatiouns- a Weiderbildungscoursë kënnen d'Participanten hir Chancen um Aarbechtsmaart verbesseren. Dës Formatioune ginn a Secteuren ugebueden, déi rekrutéieren, oder si Formatioune mam Schwéierpunkt op perséinleche Besoinen.

Et sinn:

  • Formatiounen op d'Mooss, déi vum Employeur verlaangt ginn
  • sektoriell Formatiounen: (z.B. Handwierk, Banken a Finanzen, Handel, Bauwiesen …). D'ADEM ka Formatiounen op Demande vun engem bestëmmte Secteur organiséieren, fir d'Kompetenzen ofzedecken, déi vun den zukünftege Mataarbechter verlaangt ginn.
  • Aktivéierungs- an Orientéierungsformatiounen (z.B. Skill you up, Fit 4 JobStart,…)
  • Sproochecoursen
  • transversal Formatiounen (z.B. Fit4Project Management …)
  • Digital Skills
  • gemeinsam Formatiounen: D’ADEM huet mat den Haaptubidder vu Formatioune Partenariater ofgeschloss. Am Kader vun där Zesummenaarbecht kënnen d'Demandeurs d'emploi sech ënner bestëmmte Bedéngunge gratis fir dës Formatiounen umellen.

D'Placementsbüroe vun der ADEM ënnerstëtzen a beroden den Demandeur d’emploi bei senger Sich no enger Aarbecht. Dës Formatioune gehéieren zu den Encadrementsmesuren, déi ugebuede ginn, fir seng Employabilitéit ze verbesseren. D'Deelhuelen un enger Formatioun erfollegt op Avis vum Beruffsberoder, deen den Demandeur d’emploi betreit. D'Umeldung fir eng Formatioun muss vun engem Beruffsberoder validéiert ginn.

Kontakt

ADEM - Agence pour le développement de l’emploi
Bureaux de placement

www.Adem.public.lu