Initiative fir d'berufflech Reinsertioun

Lescht Aktualiséierung : 06.12.2023

Zu Lëtzebuerg ginn et verschidden Initiativen um Gebitt vun der berufflecher Reinsertioun.

CO-LABOR

Initiatioun an Orientatioun fir "Green Jobs"

Schonn zënter 30 Joer entwéckelt CO-LABOR S.c. Aktivitéiten am Beräich Gaardebau, Forstwirtschaft an Ëmwelt.

All dës Aktivitéite schafen den ekonomesche Kader a bidden esou d'Plattform fir berufflech Ausbildungen, déi den Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart entspriechen. Éischt Zil vu CO-LABOR ass d'berufflech (Re)insertioun iwwer de Wee vun der Orientatioun, enger Qualifikatioun an der Integratioun um Aarbechtsmaart.

Eis Interventioune si grondsätzlech drop ausgeriicht, déi betreite Persounen, entspriechend hire Fäegkeeten, op hirem Wee zu méi Selbststännegkeet an engem méiglechst héije beruffleche Qualifikatiounsniveau ze begleeden. Eis Aktivitéit mécht d'Insertioun iwwer d'Aarbecht an enger reeller Situatioun méiglech.

An Zesummenaarbecht mat der ADEM an de verschiddene soziale Servicer am Land ginn d'Demandeurs d'emploi am Kader vun enger Mesure fir d'berufflech Insertioun rekrutéiert. Dës Persoune ginn dann an deene verschiddenen Insertiounsateliere vu CO-LABOR agesat.

  • Accueil-Berodung-Orientatioun
  • D'Plattform "Berufflech Initiatioun"
  • Evaluatioun, Entwécklung vum beruffleche Projet, Bilan vun de beruffleche Fäegkeeten
  • Struktur fir den Iwwergang zum Aarbechtsmaart (Aktivitéite fir d'berufflech (Re)insertioun)
  • Formatioun
  • Biografesch Reflexioun an aktiv Sich no enger Aarbecht
  • Sozial Betreiung
  • Soziale Suivi vu fréiere Kandidaten

Competence

De Partner fir Är Karriär

D'Zil vu Competence A.s.b.l. besteet doran, Privatpersounen an Organisatiounen derbäi ze hëllefen, hir Kompetenzen ze verbesseren.

Competence A.s.b.l. konzentréiert sech an éischter Linn dorop, d'Kompetenze vu Leit, déi eng Aarbecht sichen, weiderzeentwéckelen. D'Associatioun ënnerstëtzt haaptsächlech zwee Profiller vu Leit, déi et aktuell schwéier hunn, eng Aarbechtsplaz ze fannen:

  • Leit ënner 25 Joer an
  • Leit iwwer 45 Joer

Competence A.s.b.l. bitt fir dës Profiller (45+ a -25) follgend Servicer un:

  • Kompetenzebilanen,
  • Orientatiounsbilanen,
  • Bootcampen,
  • Formatiounen,
  • Interventiounen.

All d'Servicer an Evenementer kënnen op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch ugebuede ginn.

COSP, Centre d’Orientation Socio-Professionnelle

Orientatiounsmesuren

D'A.s.b.l. Centre d’Orientation Socio-Professionnelle (COSP) ass en Organismus, deen den Demandeurs d'emploi en Evaluatiounsparcours ubitt, fir e Bilan vun hiren transversale Kompetenzen opzestellen. Donieft kënne si sozial an technesch Formatiounen an eng individuell sozioberufflech Betreiung an Usproch huelen.

De COSP huet als Ziler:

  • d'Leit op der Sich no enger Aarbecht ze stabiliséieren an ze valoriséieren,
  • hir sozial an technesch Kompetenzen an hir Verhalensweise weiderzeentwéckelen,
  • e sozialen a beruffleche Projet ze definéieren,
  • d'Demandeurs d'emploi op eng Aarbechtskultur virzebereeden,
  • e Kompetenzebilan vum Demandeur d'emploi opzestellen, fir en um éischten Aarbechtsmaart, an eng sozial Initiativ oder eng aner gëeegent Struktur, fir d'Insertioun um Aarbechtsmaart ze vereinfachen, ze integréieren.

Den Demandeur d'emploi absolvéiert en Evaluatiounsparcours vun 2 Méint am COSP, ënnersteet awer weiderhin der ADEM. D'ADEM iwwerhëlt d'Orientatioun an déi verschidde sozial Initiativen.

Forum pour l’emploi

Ziler a Servicer

D'A.s.b.l. Forum pour l'Emploi huet als Ziler:

  • den Encadrement, d'Schafen an d'Ënnerstëtze vun Initiative géint de Chômage, déi d'Integratioun vun den Demandeurs d'emploi an d'Aarbechtswelt fërderen
  • d'Verbesserung vun der Employabilitéit vun all Demandeur d'emploi duerch d'Vermëttele vu Beruffserfarung an duerch berufflech a sozial Formatiounen
  • d'Entwécklung, an Zesummenaarbecht mat Partner, déi am Beräich vun der Beschäftegung aktiv sinn, vu Projete mat Asaz an der realer Aarbechtswelt, déi d'Reinsertioun vum Demandeur d'emploi haaptsächlech um éischten Aarbechtsmaart fërdere sollen

De Forum pour l'Emploi entwéckelt Projeten, déi et deene betraffene Leit erméiglechen, berufflech täteg ze ginn. Hei kënnen d'Leit, déi keng Aarbecht hunn, forméiert ginn, souwuel am Kader vun der Aarbecht selwer (learning by doing) wéi och dernieft. D'Aktivitéitsberäicher vun dëse Projete si ganz vilfälteg: Fleeg vun der Ëmwelt, Noperschaftsservicer, Bau …

D'Zil vun dësem Eruféieren un d'Aarbecht ass et, d'Persoun ouni Aarbecht aus hirer Isolatioun erauszehuelen, si ze encouragéieren, erëm an d'aktiivt Liewen eranzeklammen, an hir ze hëllefen, sech an d'Aarbechtswelt ze integréieren.

Déi follgend Servicer ginn ugebueden:

  • Am Gäertchen: Ubau a Verkaf vu Geméis, Gaardekraider am Dëppen a Planzen no de Bio-Label-Normen. Online-Verkaf vun eise Bio-Produiten op www.fpe-online.lu
  • Bummelbus: kënnt d'Leit op Ufro sichen a féiert se bequeem a flexibel op déi Plaz, wou si hiwëllen.
  • Holzfrënn: Schräineraarbechte fir de Baussen- a Banneberäich, Miwwelen.
  • Noperschaftsdéngschter: all Zort vu klengen Aarbechten am a ronderëm d'Haus.
  • Haushëllef: Wäscherei, Botzerei, Strecken, doheem Ofhuelen an Zeréckbrénge vun de Kleeder – Punktuell Botzaarbechten am Haus

Initiativ Rëm Schaffen

Personaliséiert Begleedung

D’A.s.b.l. Initiativ Rëm Schaffen bitt all Persoun op der Sich no enger Aarbecht konkret Hëllef un.

D’Initiativ Rëm Schaffen proposéiert reegelméisseg Formatioune fir Demandeurs d'emploi, déi bei der Aarbechtsagence ageschriwwe sinn.

D’Initiativ Rëm Schaffen guidéiert an informéiert Leit op der Sich no enger Aarbecht, hëlleft den Demandeuren, realistesch berufflech Ziler festzeleeën, bitt Hëllef bei der Opstellung vun engem Curriculum Vitae an de Motivatiounsbréiwer un, renseignéiert iwwer oppe Plazen um Aarbechtsmaart, hëlleft de Leit, erëm Vertrauen a sech selwer ze kréien an hir Fäegkeeten ze entdecken.

Déi individuell a personaliséiert Berodunge si gratis. D’Initiativ Rëm Schaffen gëtt ënnerstëtzt vum Ministère fir Chancëgläichheet, dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, der Stad Lëtzebuerg, der Stad Esch/Uelzecht an der Stad Ettelbréck.

NAXI - Zentrum fir d'Formatioun an d'berufflech Insertioun vu Fraen

Reinsertioun vu Fraen

Den NAXI riicht sech u groussjäreg Fraen op der Sich no enger Aarbecht, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn.

D'Zil vun eise Formatiounen ass et, de beruffleche Profil vun der Zilgrupp ze optiméieren an d'Aussiichten op eng Aarbechtsplaz ze verbesseren. D'Haaptzil vum Projet besteet an der direkter an dauerhafter (Re)insertioun vun de Fraen um regulären Aarbechtsmaart.

Follgend Formatioune ginn ugebueden:

  • Hëllefsdéngschter fir Persounen: op Franséisch an op Lëtzebuergesch (d'Formatioun ass vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun als Pre-Qualifikatioun fir d'Formatioun als Aide socio-familiale unerkannt)
  • De beruffleche Projet (Orientatiounsformatioun)
  • Nei starten (Sich no enger Deelzäitaarbecht aus gesondheetlechen oder anere Grënn)
  • Workshop fir Wäscherei- a Streckaarbechten (Aktivitéit a Formatioun am Hibléck op eng berufflech Reinsertioun)

Den NAXI riicht sech un all d'Fraen op der Sich no enger Aarbecht, déi hir berufflech Karriär ënnerbrach hunn (aus privaten oder familiäre Grënn) an/oder kee präzise beruffleche Projet hunn.

ProActif

Reinsertioun a Formatioun

D'soziaalt Zil vun der A.s.b.l. ProActif ass:

  • d'sozial Reinsertioun,
  • d'berufflech Reinsertioun an
  • d'Weiderbildung.

D'Aktiounen a Projete vu ProActif hunn als Zil, en Environnement ze schafen, dat d'Beschäftegung fërdert, fir d'Demandeurs d’emploi sou gutt ewéi méiglech bei hirer (Re-)Insertioun um Aarbechtsmaart ze ënnerstëtzen. D'Associatioun schafft dobäi enk mat Partner zesummen, déi um Gebitt vun der Beschäftegung an der Formatioun aktiv sinn.

ProActif garantéiert e professionellen Encadrement duerch Beroder am Beräich vun der sozialer a berufflecher Reinsertioun, déi dem Demandeur d’emploi hëllefen, eventuell Hürden, déi hie bis elo dru gehënnert hunn, eng nei Aarbecht ze fannen, ze iwwerwannen.

Den Asaz op enger Aarbechtsplaz bitt d'Méiglechkeet, iwwer dem Schaffen ze léieren (learning by doing) an ausserdeem certifiéiert Beruffsausbildungen ze maachen an doduerch seng Aussiichten, fir erëm eng Plaz um Aarbechtsmaart ze fannen, ze verbesseren.

Aktivitéitsberäicher vun der ProActif A.s.b.l.:

  • Am gaertchen-sud: biologeschen Ubau vu Geméis
  • Bau: Steemetzer-, Plätterchers-, Tapezéier- an Usträichaarbechte bannen a baussen
  • Restauratioun
  • Schräineraarbechten: Holzaarbechten, Reparaturen, Moderniséierungen an nei Holzbauten
  • Noperschaftsdéngschter: all Zort vu klengen Aarbechten, Gaardenaarbechten, Botzaarbechten am a ronderëm d'Haus

Zarabina

Formatioun a Berodung

Zarabina bitt Gruppeformatiounen an individuell Berodung fir all Erwuessenen, deen an de Beräicher Beruffsliewen, Weiderbildung a Karriär orientéiert wëll ginn.

Zënter 1995 gëllt Zarabina als Referenz um Gebitt vun der Formatioun an der Berodung am Zesummenhang mat iwwerdrobarem Wëssen. Der A.s.b.l. hir Approche vum Aarbechtsmaart setzt op individuell ugepasste Strategien, déi d'Contraintë vun der Realitéit an déi perséinlech Ziler vun hire Clienteën a Clientë systematesch an effikass matabezéien.

D'Schlësselkompetenze vun Zarabina leien a follgenden Domainer:

  • Déngschtleeschtunge fir den aktiven Opbau vun engem beruffleche Parcours an engem Formatiounsparcours fir d'liewenslaangt Léieren. Formatioun fir de Beruff "Informatik-Assistentin mat Spezialisatioun a kommerziellen Aktivitéiten/Comptabilitéit" fir Fraen op der Sich no enger Aarbecht, déi eng gewëssen Erfarung am Sekretariat hunn.
  • Initiative fir d'Unerkennung vun de berufflechen an ausserberuffleche Kompetenzen.
  • Zukunftsträchteg Projeten an de Beräicher Weiderbildung, Beschäftegung a Karriär.

Kontakt

CO-LABOR S.c.
105, route d’Arlon
L-1140 Luxembourg

www.co-labor.lu

+352 44 78 83
secretariat@co-labor.lu


Competence A.s.b.l.
13-15, Breedewues
L-1259 Senningerberg

www.competence-asbl.com

+352 28 99 36 69
info@competence-asbl.com


COSP, Centre d’Orientation Socio-Professionnelle A.s.b.l.
30, rue de Diekirch
L-7440 Lintgen

cosp.lu/

+352 26 32 42 201


Forum pour l’emploi
20, route d'Ettelbrück
L-9230 Diekirch

www.fpe.lu

+352 80 48 85-1
nmigy@fpe.lu


Initiativ Rëm Schaffen
41, rue de Luxembourg
L-4220 Esch-sur-Alzette

www.remschaffen.lu

+352 53 23 78
esch@remschaffen.lu

110, Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg

+352 25 02 49
info@remschaffen.lu

40, Avenue Salentiny
L-9080 Ettelbruck

+352 81 11 71
ettelbruck@remschaffen.lu
Naxi, Centre de Formation et d’Insertion Professionnel pour Femmes
49 A, rue du Baerendall
L-8212 Mamer

www.fed.lu

+352 40 71 51 - 1
naxi@fed.lu


ProActif A.s.b.l.
5, rue de Läiteschbaach
L-5324 Contern

www.proactif.lu

+352 27 33 44 1
info@proactif.lu


Zarabina A.s.b.l.
27, rue Emile Mayrisch
L-4240 Esch-sur-Alzette

www.zarabina.lu

+352 26 55 12 13 1

37-39, rue Felix de Blochausen
L-1243 Luxembourg

+352 26 55 12 13 60
info@zarabina.lu