Initiatiouns- a Weiderbildungscoursen
D'Demandeurs d’emploi, déi bei der Aarbechtsagence (Agence pour le développement de l'emploi - ADEM) ageschriwwe sinn, kënnen, souwäit Plaze fräi sinn, während hirer Chômage-Zäit entweder gratis oder zu reduzéierten Tariffer u Formatiounen deelhuelen.
Duerch Initiatiouns- a Weiderbildungscoursë kënnen d'Participanten hir Chancen um Aarbechtsmaart verbesseren. Dës Formatioune ginn a Secteuren ugebueden, déi rekrutéieren, oder si Formatioune mam Schwéierpunkt op perséinleche Besoinen.
Et sinn:
- Formatiounen op d'Mooss, déi vum Employeur verlaangt ginn
- Sektoriell Formatiounen: Handwierk, Banken a Finanzen, Handel, Bauwiesen, Entrepreneurswiesen, Horeca, Informatik, Botzservicer, Gesondheet a Sozialpädagogik, Sekretariatsaarbechten, Bureautique a Servicer, Transport, Logistik, Industrie
- Aktivéierungs- an Orientéierungsformatiounen (z. B. Skill you up, Fit 4 JobStart,…)
- Sproochecoursen (z. B. Lëtzebuergesch, Words4Work, …)
- gemeinsam Formatiounen: D’ADEM huet mat den Haaptubidder vu Formatiounen, d .h. der Chambre de Commerce, der Chambre des Métiers, der Chambre des Salariés an dem Institut national d'administration publique (INAP), Partenariater ofgeschloss. Am Kader vun där Zesummenaarbecht kënnen d'Demandeurs d'emploi sech ënner bestëmmte Bedéngunge gratis fir dës Formatiounen umellen.
D'Placementsbüroe vun der Adem ënnerstëtzen a beroden den Demandeur d’emploi bei senger Sich no enger Aarbecht. Dës Formatioune gehéieren zu den Encadrementsmesuren, déi ugebuede ginn, fir seng Employabilitéit ze verbesseren. D'Deelhuelen un enger Formatioun erfollegt op Avis vum Beruffsberoder, deen den Demandeur d’emploi betreit. D'Umeldung fir eng Formatioun muss vun engem Beruffsberoder validéiert ginn.