Fit fir d'Léier
D'Formatioun "Fit fir d’Léier" riicht sech u Jonker tëschent 18 a 24 Joer, déi keen Ausbildungsvertrag hunn a beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM (ADEM-OP) ageschriwwe sinn. D'Zil ass et, hinnen dobäi ze hëllefen, eng Léierplaz fir dat nächst Schouljoer ze fannen. D'Formatioun ass eng Alternativ zu de COIP-Klassen a bitt eng méi geziilte Betreiung.
Dee Jonke kritt gehollef, en Ausbildungspatron ze fannen, e gëtt derbäi ënnerstëtzt, säin CV a säi Motivatiounsbréif opzestellen, nodeems d'pädagogesch Ekipp zesumme mat him en individuelle beruffleche Projet ausgeschafft huet. E gëtt och op en eventuellt Astellungsgespréich virbereet. D'Aarbecht mat deene jonke Leit fënnt entweder a klenge Gruppen oder individuell statt.
D'Formatioun soll doduerch, datt dee Jonken e potenziellen neie Beruff entdecken an dobäi feststelle kann, ob hien déi néideg Viraussetzungen erfëllt, eng besser Orientatioun erméiglechen. Als Ausbildungsberäicher ugebuede ginn: Coiffure, Handel, Bauwiesen, Kachen, Elektresch, Informatik, Mechanik, Schräinerei, Metall, Usträichen, Verschaffen a Verkaf.
Oflaf
- Éischte Kontakt, Virgespréich fir erauszefannen, wéi eng Interessien de Kandidat huet an ob e fir de Projet gëeegent ass.
- Formatiouns-Workshoppen mat enger Auswiel vun 12 Beruffer, déi ee wärend 2 Semester entdecke kann. Déi theoretesch Coursë sollen op d'Beruffsliewe virbereeden (en CV an e Motivatiounsbréif schreiwen, gutt kommunizéiere kënnen, sech op e Virstellungsgespréich virbereeden, asw.).
- Orientatiouns-Stagen: och dës sinn drop ausgeriicht, ze kucken, ob e Beruff passt, an eng Léierplaz ze fannen. De Kandidat muss obligatoresch 2 Stagë vun 2 bis 3 Woche maachen, hie kann awer am Laf vun der Formatioun esou vill Stagë maache, wéi hie wëll.