École Nationale pour Adultes - ENAD
D'National Schoul fir Erwuessener oder d'ENAD, déi op engem innovative pädagogesche Konzept berout, ass e feste Bestanddeel vum ëffentleche Schoulsystem. Si riicht sech un all Jonker an Erwuessener tëschent 16 an 30 Joer, déi wéinst hirem schoulesche Mësserfolleg oder engem schlechte Choix bei der Orientatioun d'Schoul ofgebrach hunn oder keng Ausbildungsplaz fannen.
D'ENAD bitt dësen Apprenanten eng spezifesch Betreiung, bei där besonnesch vill Wäert op den Encadrement an de personaliséierte Suivi geluecht gëtt. Si ass eng Äntwert op den Apprenanten hire Wonsch no Initiatioun, Rattrapage, Qualifikatioun, Rekonversioun oder perséinlecher Weiderentwécklung.
D'Schoul ka Coursen aus dem Enseignement secondaire classique an aus dem Enseignement secondaire général vun der 5e un ubidden. D'ENAD proposéiert och d'Formatioun vum Educateur, en alternance oder beruffsbegleedend, déi mam Diplôme d'éducateur a mam Diplôme de fin d'études secondaires générales ofgeschloss gëtt, genee ewéi Virbereedungsmodüllen, déi Zougang zu Héichschoulstudie vermëttele kënnen.
Perséinleche Projet
D'Aschreiwung an der ENAD ass u gewësse Konditioune gebonnen. Den Apprenant muss un engem Eenzelgespréich deelhuelen,
- e Kompetenzebilan maachen: Evaluatioun vun de Kenntnesser (dorënner falen och mëndlech a schrëftlech Kommunikatioun, Mathematik a logescht Denkverméigen) a vun de Kompetenzen, déi de Kandidat sech baussent dem schoulesche Milieu ugëeegent huet,
- e Formatiounsvertrag ënnerschreiwen: Hei gëtt festgehalen, datt de Schüler motivéiert ass, fir aktiv a gewëssenhaft un de Coursen deelzehuelen, a sech un d'Regelen an d'Horairen hält,
- e perséinlechen a beruffleche Projet definéieren.
Op der Basis vum perséinleche Projet vum Apprenant an ënner Berücksichtegung vu senge Besoinen a sengem Léierrhythmus stellt déi pädagogesch Equipe e Formatiounsplang op.
Den allgemengen Unterrecht gëtt assuréiert an de Beräicher:
- Sproochen (Franséisch, Däitsch, Englesch an eventuell Lëtzebuergesch)
- Mathematik a logescht Denkverméigen
- Naturwëssenschaften (Gesondheet, Biologie, Chimie, Physik)
- Humanwëssenschaften (Staatsbiergerkunde, Ekonomie, Geografie, Geschicht)
D'Kompetenzen, déi ugestrieft ginn, an den Inhalt vun de Coursen hänke vum Projet vum Apprenant of.
De prakteschen Unterrecht gëtt duerch Stagen an den Entreprisen an an Ateliere bei der ENAD ofgedeckt. Den Apprenant ka säi perséinlechen a beruffleche Projet duerch d'Schaffen an enger Léierkichen, enger Gäertnereizär oder an de verschiddenen Ateliere vun der ENAD vervollstännegen.
D'Zensuren an d'Attestatioune vun der ENAD sinn un den nationale Certificatiounssystem vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend rattachéiert. D'Modalitéite vun den d'Ofschlossexame sinn déi selwecht wéi déi, déi fir d'Lycéesschüler am initiale System gëllen.
E Relevé vun de Kompetenzen, deen als Zousaz bei der Zensur läit, ass e feste Bestanddeel vun den Attestatiounen, déi vun der ENAD ausgestallt ginn.
En Apprenant, deem säin Taux d’absence iwwer 10% vum Total vun den obligatoresche Stonnen, déi fir d'Schouljoer virgesi sinn, läit, däerf seng Formatioun net während dem lafende Schouljoer weiderféieren.
Éischtausbildung - Enseignement secondaire classique moderne
(Klasse vu 5e a 4e C a Klasse vun 3e bis 1re CG - Sektioun Human- a Sozialwëssenschaften)
Fir d'Rentrée 2021/2022 ginn déi follgend Klassen am Dagesunterrecht (32 bis 36 Stonnen d'Woch) ugebueden:
| Klass |
Beschreiwung/Zil |
Gewënschte Profil |
5e C op d'mannst 16 Joer
|
Klass fir d'Remise à niveau als Virbereedung fir d'Opnam an d'4e C |
6e ES gepackt oder op Dossier
|
4e C op d'mannst 17 Joer
|
Klass fir d'Remise à niveau als Virbereedung fir d'Opnam an d'3e CG |
5e ES oder 9e TE gepackt oder op Dossier
|
3e C op d'mannst 17 Joer
|
Klass vun der 3e CG |
4e ESC gepackt oder op Dossier |
2e C op d'mannst 17 Joer
|
Klass vun der 2e CG |
3e CG ES gepackt oder op Dossier |
1re C op d'mannst 17 Joer
|
Klass vun der 1re CG, déi mam Diplôme de fin d'études secondaires classiques ofgeschloss gëtt
|
2e CG ES oder aner Klass vun der 2e classique, gebonnen un d'Konditioun vun engem Opnamexamen an den Haaptfächer vun der Sektioun.
|
Éischtausbildung - Enseignement secondaire général a Beruffsausbildung (Klasse vu 5e G, 1. bis 3. Joer DAP, 4e an 3e GPS)
Fir d'Rentrée 2021/2022 ginn déi follgend Klassen am Dagesunterrecht (32 bis 36 Stonnen d'Woch) ugebueden:
| Klass |
Beschreiwung/Zil |
Gewënschte Profil |
5e G de base op d'mannst 17 Joer
|
Virbereedungsklass fir d'Opnam an dat 1. Joer DAP |
op Dossier |
5e G avancée op d'mannst 17 Joer |
Virbereedungsklass fir d'Opnam an den Eneignement secondaire général
|
5e de base oder 6e G gepackt oder op Dossier
|
1. bis 3. Joer DAP - Auxiliaire de vie op d'mannst 18 Joer an d'Schoul zanter mindestens 12 Méint verlooss hunn
| 6 Semester - Formatioun am duale System, ugebueden am Kader vun engem Ausbildungsvertrag (Unterrechtssproochen: Däitsch/Lëtzebuergesch) | 5e gepackt an Agangs-Kompetenzebilan
|
1. bis 3. Joer DAP – Kach op d'mannst 17 Joer
|
6 Semester - 1. Joer am Vollzäitunterrecht an der Schoul mat Stagen am beruffleche Milieu |
Klass vum 1. Joer: Certifiéierten Accès 5e
|
1. bis 3. Joer DAP – Landschaftsgäertner op d'mannst 17 Joer
|
6 Semester - 1. Joer am Vollzäitunterrecht an der Schoul mat Stagen am beruffleche Milieu |
Klass vum 1. Joer: Certifiéierten Accès 5e |
1. bis 3. Joer DAP – Elektriker op d'mannst 17 Joer
|
6 Semester - Formatioun am duale System an ënner modulairer Form, ugebueden am Kader vun engem Ausbildungsvertrag |
Klass vum 1. Joer: Certifiéierten Accès 5e |
4e GPS op d'mannst 17 Joer
|
Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich Klass vun der 4e paramédicale et sociale am Enseignement général
|
Certifiéierten Accès 5e G avancée oder 5e classique gepackt oder op Dossier |
3e GPS op d'mannst 17 Joer |
Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich Klass vun der 3e paramédicale et sociale am Enseignement général |
4e GPS gepackt oder op Dossier |
Erwuessenebildung - Éducateur en alternance
(Klassen 2e GEA, 1e GEA a 1e +GEA)
D'Formatioun en alternance vum Educateur ass en neie beruffsbegleedende Bildungswee. Si gëtt am Kader vun der Erwuessenebildung ugebueden, déi et Erwuessenen erméiglecht, iwwer den zweete Bildungswee en unerkannten Diplom ze kréien. D'Zil ass et, eng Formatioun unzebidden, déi d'Kandidaten nieft hirer Aarbecht suivéiere kënnen an déi op d'Lëtzebuerger Beruffswelt zougeschnidden ass. D'Formatioun adresséiert sech un Erwuessener, déi schonn am Educatiouns- oder soziale Beräich täteg sinn, ouni iwwer eng unerkannte berufflech Qualifikatioun fir de Beruff vum Educateur ze verfügen.
D'Formatioun dauert dräi Joer a setzt sech zesummen aus:
- 16 Stonnen theoretesche Coursë während de Schoulzäiten, déi zwee Deeg hannerteneen an der Woch ofgehale ginn,
- Selbststudium
- Beruffspraxis, begleet vu pädagogescher Selbstreflexioun
| Klass |
Beschreiwung/Zil |
Gewënschte Profil |
2e GEA op d'mannst 21 Joer
|
Klass vun der 2e GEA Éducateur en alternance |
Opnambedéngungen |
1re GEA op d'mannst 21 Joer
|
Klass vun der 1re GEA Éducateur en alternance |
2e GEA ENAD gepackt |
1re +GEA op d'mannst 21 Joer
|
Klass vun der 1re +GEA Éducateur en alternance Diplôme d'État d'éducateur |
1re GEA ENAD gepackt
|
Neie Projet (2021-2022): Passerell 1 GSO fir den Diplôme d’éducateur
D'Formatioun "Passerelle 1 GSO vers le diplôme d’éducateur" riicht sech un Erwuessener, déi en Diplôme de fin d’études secondaires générales vun der Sektioun Sozialwëssenschaften hunn an ausserdeem op d'mannst 16 Stonnen d'Woch am Kader vun engem Aarbechtsvertrag am Bildungs- a Sozialsecteur schaffen, dee spéitstens de 15. September 2021 ufänkt.
Erwuessenebildung - Diplôme d'accès aux études supérieures (DAES)
Den Diplom fir den Zougang zu Héichschoulstudien (Diplôme d’accès aux études supérieures - DAES) erlaabt et Erwuessenen, déi aus iergendengem Grond keen Ofschlossdiplom vum Secondaire hunn, en equivalenten Diplom ze kréien. Genee wéi den Diplôme de fin d'études secondaires ass den DAES en nationalen Diplom, mat deem ee sech an eng Héichschoul zu Lëtzebuerg oder am Ausland aschreiwe kann; e mécht och d'Dieren op fir den Astig oder d'Weiderentwécklung am Beruffsliewen; a schliisslech erlaabt en et och, sech fir d'Opnamexamen an den Ëffentlechen Déngscht ze presentéieren.
Den DAES riicht sech ausserdeem un d'Titulairë vum DAP, vum Brevet de maîtrise a vum Diplôme de technicien, déi am Kader vun der Erwuessenebildung direkten Zougang zu Héichschoul- an Universitéitsstudie kréie wëllen (allgemeine Hochschulreife).
Méi doriwwer