CIE - Beruffsaféierungsvertrag

Lescht Aktualiséierung : 29.01.2024

Allgemenges

De Beruffsaféierungsvertrag (contrat d’initiation à l’emploi - CIE) erlaabt et jonken Demandeurs d'emploi ënner 30 Joer, déi zanter mindestens 3 Méint bei der Aarbechtsagence (ADEM) ageschriwwe sinn oder op en Ausbildungsvertrag waarden, éischt praktesch Erfarungen ze sammelen.

D'ADEM kann engem Demandeur d'emploi an engem privaten Employeur ubidden, e CIE ofzeschléissen, dëst ënnert der Bedéngung, datt den Employeur dem Demandeur d'emploi um Enn vum Vertrag eng reell Chance bitt, hien anzestellen.

Dauer a praktesch Modalitéiten

De CIE gëtt fir eng Dauer vun 12 Méint ofgeschloss. E kann ëm héchstens 6 Méint verlängert ginn, wann dës Verlängerung virum Enn vum initialen Zäitraum ugefrot gëtt. D'Aarbechtszäit läit bei 40 Stonnen d'Woch. Deelzäitaarbecht ass am Kader vun dëser Mesure net méiglech.

An der Entreprise gëtt dem Demandeur d'emploi en Tuteur zur Säit gestallt, deen hie wärend der ganzer Dauer vum Vertrag ënnerstëtzt a betreit.

Den Employeur muss bannent engem Mount nom Ufank vun der Aarbechtsrelatioun zesumme mam Tuteur a mam CIE-Beneficiaire e Formatiounsplang opstellen.

Wärend der Dauer vum Vertrag huet den Demandeur d'emploi 2 Deeg Congé pro Mount zegutt.

Indemnisatioun vum Jugendlechen

De jonken Demandeur d'emploi huet am Kader vun engem CIE-Vertrag Usproch op eng Indemnitéit, déi follgendermoossen op der Basis vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter berechent gëtt:

  • 80% vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter fir Jugendlecher ënner 18 Joer,
  • 100% vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter fir Jugendlecher ouni Ofschloss a Jugendlecher mat engem Certificat d’aptitude technique et professionnelle oder engem Diplôme de fin d’études de technicien, secondaires générales oder secondaires classiques,
  • 130% vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter fir Jugendlecher mat engem Brevet de technicien supérieur, engem Bachelor oder engem Master.

Et steet dem Employeur fräi, dem Demandeur d'emploi eng fakultativ Prime de mérite auszebezuelen.

Héicht an Dauer vun de Subventiounen

De Beschäftegungsfong rembourséiert dem Employeur all Mount wärend deenen éischten 12 Méint vum CIE:

  • 50% vun der Basisindemnitéit (65% bei der Beschäftegung vun enger Persoun, där hiert Geschlecht am Aktivitéitssecteur vum Promoteur an/oder am betraffene Beruff ënnerrepresentéiert ass);
  • den integrale Betrag vun der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg.

Bei enger Verlängerung vum CIE rembourséiert de Beschäftegungsfong dem Employeur fir d'Dauer vun der Verlängerung (maximal 6 Méint):

  • 30% vun der Basisindemnitéit;
  • den integrale Betrag vun der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg.

Wann e jonken Demandeur d'emploi no engem CIE agestallt gëtt, rembourséiert de Beschäftegungsfong d'Chargë vum Patron wärend deenen éischten 12 Méint vum CDI nom Astellungsdatum.

Méi Informatiounen iwwer de CIE

Kontakt

ADEM - Agence pour le développement de l'emploi

www.Adem.public.lu