Grondbildung
D'Grondbildungscoursë fir Erwuessener riichte sech:
- u Persounen, déi ufänken, op Däitsch oder Franséisch alphabetiséiert ze ginn, an déi dës Sproochen am Mëndleche verstinn
- u Persounen, déi op Däitsch oder Franséisch alphabetiséiert goufen, an déi hir Grondkompetenze verbessere wëllen:
- liesen
- schreiwen
- rechnen
- an enger ëmmer méi digitaliséierter Welt eens ginn
D'Grondkompetenze sinn en zolidd Fundament fir méi selbststännegt a verdéift Léieren zu engem spéidere Moment.
Organisatioun
D'Grondbildung ass gratis. Si gëtt op Franséisch oder op Däitsch ugebueden.
Et ginn zwou verschidde Formullen:
- D'Grondbildungscoursë riichte sech un e Grupp vun erwuessenen Apprenanten, déi dee selwechte Programm absolvéieren. Si ginn op Trimesterbasis ugebueden.
D'Grondausbildungscoursen uweisen.
- An de Grondbildungsworkshoppe gëtt a klenge Gruppe geléiert an de Programm ass individualiséiert. Si ginn op Trimesterbasis ugebueden.
Inhalter vun der Formatioun:
- mëndlech Kommunikatioun: Gespréicher, Kommunikatioun um Telefon, Presentatiounen ...
- Schaffe mat authenteschen Dokumenter aus dem Privat- a Beruffsliewen: Umeldungsformulairen, Identitéitsdokumenter, Horairë vum ëffentlechen Transport, Bankdokumenter, Sécherheetsvirschrëften ...
- Uneegne vun Zuelekenntnisser a mathematesche Kenntnisser: Grondoperatiounen, moossen, Orientatioun an der Zäit an am Raum
- Uneegne vun digitale Grondkompetenzen: digital Outile kennen a benotzen, Online-Formatioun
De Rhythmus vun der Formatioun ass un d'sozio-berufflech Situatioun vun den Apprenanten ugepasst a kann tëschent 2 a 6 Stonne Cours d'Woch variéieren.
De Programm ass personaliséiert. E fänkt no enger Orientatiounsseance un, bei där den individuelle Kenntnisser an dem perséinleche Projet vum Apprenant Rechnung gedroe gëtt.
Et ginn och Coursë vu Veräiner a vun de Gemengen ugebueden.