Bei den Inhalt goen

Seng Erfarung iwwer d'VAE valoriséiere loossen

D'VAE ass en Dispositif, deen et jiddwerengem, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun, erlaabt, d'Acquisen aus senger berufflecher a perséinlecher Erfarung unerkennen ze loossen, fir eng Qualifikatioun ze kréien. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d.h. 5.000 Stonnen, eng Aktivitéit am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Déi follgend Qualifikatioune si vun der VAE betraff:

D'VAE ass deemno en zousätzleche Wee, fir Zougang zu Diplomer ze kréien. Et handelt sech net einfach nëmmen ëm d'Ëmwandlung vun Erfarung an en Diplom, mee ëm e reegelrechte Parcours, bei deem eng perséinlech Aarbecht néideg ass. D'Demarchen an déi zoustänneg Uspriechpartner variéieren an hänke vun der ugestriefter Qualifikatioun of.

Méi Informatiounen iwwer d'VAE

Qualifikatioune vun der Beruffsausbildung (DT, DAP, CCP), dem Secondaire général an d'Meeschterkaart

Erwuessener, déi sech op hirer Aarbechtsplaz oder am Kader vun ausserberufflechen Aktivitéiten eng zolidd Erfarung ugëeegent hunn, kënnen dës Erfarung mat enger Qualifikatioun valoriséieren an esou hir Kompetenzen unerkenne loossen.

Am Kader vun der Beruffsausbildung sinn de Certificat de capacité professionnelle (CCP), den Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) oder den Diplôme de technicien (DT) iwwer d'Demarche vun der VAE accessibel. Dat selwecht gëllt fir den Diplôme de fin d'études secondaires générales (DFESG) an d'Meeschterkaart am Handwierk.

Fir erauszefannen, wéi eng Qualifikatioun senger eegener Erfarung am beschten entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, d'Schoulprogrammer ze consultéieren a sech bei der Cellule VAE vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ze informéieren.

Méi Informatiounen iwwer d'VAE fir d'Beruffsausbildung, den Enseignement secondaire général an d'Meeschterkaart

Brevet de technicien supérieur (BTS)

D'VAE erlaabt et, seng Erfarung unerkennen ze loossen, fir iwwer dee Wee de Brevet de technicien supérieur (BTS) oder en Deel vun deem Ofschloss ze kréien.

Fir erauszefannen, wéi en Diplom senger eegener Erfarung entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, sech d'Lëscht vun de BTSen, déi ugebuede ginn, unzekucken a sech beim betraffene Lycée ze renseignéieren.

Méi Informatiounen iwwer d'VAE fir de BTS

Universitéitsdiplomer: Bachelor a Master

D'VAE vun der Universitéit Lëtzebuerg erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, mam Zil:

  • Zougang zu engem Bachelor- (Bac + 3) oder Masterprogramm (Bac + 5) vun der Universitéit ze kréien
  • Transfert-Kreditter oder Dispensen ze kréien.

D'Kandidate gi gebieden, sech bei der Universitéit Lëtzebuerg ze renseignéieren, fir sech iwwer d'Demarchen an d'Bedéngungen ze informéieren, déi mat dësem Dispositif verbonne sinn.

Méi Informatiounen iwwer d'VAE fir Universitéitsdiplomer