D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

D'VAE fir d'Diplomer vum Enseignement secondaire général an d'Meeschterkaart

D'Validation des acquis de l'expérience oder VAE erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dee Wee ee vun de folgenden Diplomer ganz oder deelweis ze kréien:

  • ee vun den Diplomer vum Enseignement secondaire général:
    • Certificat de capacité professionnelle (CCP)
    • Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP)
    • Diplôme de technicien (DT)
    • Diplôme de fin d'études secondaires générales
  • eng Meeschterkart (Brevet de maîtrise) am Handwierk

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Erausfannen, wéi en Diplom der eegener Erfarung entsprécht

Fir ze gewuer ze ginn, wéi en Diplom senger Erfarung entsprieche kéint, kann de Kandidat:

1. op de Bäistand vun der Cellule VAE vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zeréckgräifen, déi eng Orientatioun beim SFA, dem Service fir Erwuessenebildung, recommandéiert. Den SFA ënnerstëtzt de Kandidat an enker Zesummenaarbecht mat der Maison de l’orientation a bitt him Hëllef un, fir säi Projet ze definéieren.
De Kandidat kann iwwer Telefon um +352 8002-4488 oder iwwer E-Mail
un d'Adress sfa@men.lu Kontakt mat de Beroder vum SFA ophuelen;

2. sech un d'Chambre de Commerce an un d'Chambre des Salariés wenden;

3. d'Programmer vun den Diplomer um Internetsite Horaires et programmes consultéieren:

  • Fir de CCP, den DAP an den DT, klickt op de Link Horaires et programmes, dann op Programme Formation professionnelle an duerno op "Vue structurée". Wielt fir d'éischt CCP, DAP oder DT aus an dann dat viséiert Handwierk oder de gewënschte Beruff.
  • Fir den Diplôme de fin d’études secondaires générales, klickt op de Link Horaires et programmes, duerno op Enseignement secondaire général an der Rubrik "Ordre d’études". Wielt duerno d'Studiejoer aus:

    • 2GCG a 1GCG: division administrative et commerciale, section gestion;
    • 2GCC a 1GCC: division administrative et commerciale, section communication et organisation;
    • 2GED a 1GED: division des professions de santé et des professions sociales, section de la formation de l'éducateur;
    • 2GED, 1GED a 1+GED: division des professions de santé et des professions sociales, section de la formation de l'éducateur, terminale formation de l'éducateur;
    • 1GSHAN: division des professions de santé et des professions sociales, section sciences de la santé - ale Regime;
    • 2GSO a 1GSO: division des professions de santé et des professions sociales, section sciences sociales;
    • 2GIG a 1GIG: division technique générale, section ingénierie;
    • 2GIN a 1GIN: division technique générale, section informatique;
    • 2GSN a 1GSN: division technique générale, section sciences naturelles;
    • 2GAR a 1GAR: division artistique, section artistique.

   4. Fir d'Meeschterkaarten, consultéiert w.e.g. d'Programmer um Internetsite vun der Chambre des Métiers.

Gutt ze wëssen

  • Wéi eng Sprooche muss ee beherrschen?
    Et muss een d'Sproochen, déi um Programme cadre vum viséierten Diplom stinn, beherrschen. Fir d'Meeschterkaart kann de Kandidat tëschent Däitsch a Franséisch wielen.
  • Lëscht vun den Handwierker a Beruffer fir d'Diplomer/Certificate CCP, DAP an DT
    D'Lëscht vun den Handwierker a Beruffer, déi am Kader vun der Beruffsausbildung ugebuede ginn, gëtt all Joer am Juli iwwer e groussherzoglecht Reglement aktualiséiert. Iwwer d'Rubrik 'Identifier le diplôme' an der rietser Kolonn hutt Dir Accès zu de CCP, DAP an DT.
  • Lëscht vun de Beruffer fir d'Meeschterkaart
    D'Lëscht vun de Beruffer fir d'Meeschterkaart gëtt all Joer am Juli iwwer e groussherzoglecht Reglement aktualiséiert. Iwwer d'Rubrik 'Identifier le diplôme' an der rietser Kolonn hutt Dir Accès op d'Meeschterkaarten um Site vun der Chambre des Métiers.
  • Grenziwwerschreidend Ausbildung
    Eng VAE-Demande kann nëmme fir Handwierker/Beruffer gestallt ginn, fir déi et en Ausbildungsprogramm gëtt. D'Diplomer, déi e Kandidat iwwer eng grenziwwerschreidend Ausbildung kritt huet (TRF), si vum VAE-Dispositif ausgeschloss.


Demarchen

De Kandidat muss e Validatiounsdossier an zwou Etappen zesummestellen:

  • d'Demande de recevabilité: 1. Etapp vun der Validatiounsprozedur
  • d'Demande de validation sur le fond: 2. Etapp vun der Validatiounsprozedur.


Démarche du VAE-LU

Begleedung

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend bitt dem Kandidat, deen eng Demande fir d'Validation de l'acquis de l'expérience areeche wëllt, e Begleetservice un.

D'Zil vun der Begleedung ass et, de Kandidat beim Opstelle vu senger Demande de validation sur le fond ze ënnerstëtzen. Si ka verschidde Formen unhuelen:

  • e Gruppe-Workshop, dee vum Ministère organiséiert gëtt;
  • een oder e puer perséinlech(t) Gespréich(er) mat der Begleetpersoun, déi entweder e Staatsbeamten oder e Vertrieder vun enger Beruffschamber ka sinn. D'Gesamtdauer vun der perséinlecher Begleedung läit bei maximal 12 Stonnen.

D'Begleedung ass fakultativ a gëtt op Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch ugebueden.

D'Begleedung, déi dem Kandidat proposéiert gëtt, ëmfaasst folgend Etappen:

  • de Kandidat iwwer déi néideg Demarche informéieren;
  • de Kandidat iwwer den Zesummenhang tëschent senger Beruffserfarung an dem Ofschlossdiplom informéieren;
  • de Kandidat beim Opstelle vu sengem Dossier fir d'Commission de validation orientéieren, ënnerstëtzen a beroden;
  • de Kandidat bei senger Virbereedung vun der nogestallter Situatioun oder vum Gespréich beroden.

Delai, fir eng Begleedung unzefroen

Wann Dir matgedeelt krut, datt Är Demande de recevabilité akzeptéiert gouf, musst Dir bannent engem Mount eng Demande beim Ministère areechen, fir e Begleeder zougewisen ze kréien.

Soubal seng Recevabilitéit declaréiert gouf, kritt all Kandidat eng Fiche fir déi Demande ausgehännegt.

Demande de recevabilité

1. Etapp vun der Validatiounsprozedur

De Kandidat muss eng Demande de recevabilité ausfëllen an den Diplom uginn, dee mat der VAE viséiert gëtt.

A senger Demande de recevabilité muss de Kandidat och Informatiounen iwwer seng Erfarung a säin Educatiouns- a Formatiounsparcours uginn. Opgrond vun dësen Informatiounen an den entspriechende Beleger iwwerpréift de Ministère, ob si effektiv Usproch op eng VAE ginn an ob d'Demande recevabel ass.

Administrativen Dossier: Dokumenter, déi mat der Demande de recevabilité anzereeche sinn

  • Offiziell Dokumenter (Aarbechtscertificaten,...)
  • Déclaration sur l’honneur
  • Droit de timbre (Stempeltax)
  • Identitéitsdokument
  • CCSS-Certificat(en)
  • Certificaten/Diplomer fir Formatiounen (Éischtausbildung/Weiderbildung)
  • Dateschutz

Et gëtt keen Delai fir d'Areeche vun der Demande de recevabilité.

Demande de validation sur le fond

2. Etapp vun der Validatiounsprozedur

Wann d'Demande de recevabilité akzeptéiert gëtt, muss de Kandidat d'Demande de validation sur le fond ausfëllen. Déi positiv Decisioun iwwert d'Recevabilitéit vun der VAE-Demande ass fir zwou Validatiounssessioune gëlteg.

Beispill

Dir reecht Är Demande de recevabilité am Laf vum Januar 2019 an. Am Fall vun enger positiver Äntwert kënnt Dir Är Demande de validation sur le fond zu folgenden Datumer areechen:
  •     entweder fir den 31. Juli 2019 (Sessioun Oktober-November 2019)
  •     oder fir den 28. Februar 2020 (Sessioun Mee-Juni 2020)
Dës Datumer mussen onbedéngt respektéiert ginn. De Stempel vun der Post ass ausschlaggebend.


D'Validatiounskommissiounen trieden zweemol d'Joer zesummen.

Déi zoustänneg Autoritéit deelt Iech d'Decisioun spéitstens ee Mount, nodeem si selwer vun der Validatiounskommissioun informéiert gouf, mat.

A senger Demande de validation sur le fond muss de Kandidat am Detail d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen, déi an direktem Zesummenhang mam viséierten Diplom stinn, beschreiwen a konkret Beispiller vun erfëllten Aufgaben uginn.

Dossier de validation sur le fond: néideg Informatiounen

  • d'Déclaration sur l’honneur
  • d'Fichen, déi de Parcours beschreiwen
  • d'Fichen, déi d'Aarbechtsplaze beschreiwen
  • d'Fichen, déi d'Aktivitéite beschreiwen
  • Annexen
  • d'Kopie vun der Decisioun iwwer d'Recevabilitéit
  • Fakultativ: CV a Certificaten vu Formatiounen (Éischtausbildung/Weiderbildung)

Den Dossier gëtt de Membere vun der Validatiounskommissioun virgeluecht. D'Kommissioun vergläicht d'Kompetenzen, déi de Kandidat sech ugëeegent huet, mat deenen, déi néideg si fir de gefroten Diplom ze kréien.

Op der Basis vum Dossier, deen de Kandidat virgeluecht huet, prononcéiert d'Kommissioun sech iwwer den Ëmfang vun der Validatioun:

  • guer keng Validatioun,
  • Deelvalidatioun,
  • vollstänneg Validatioun.

Op Initiativ vun der Kommissioun kann no der Analys vum Dossier eventuell e Gespréich oder e Versetzen an eng reell oder nogestallte berufflech Situatioun stattfannen. Am Fall vun engem Refus huet de Kandidat d'Méiglechkeet, e Recours anzereechen (bannent engem Delai vun 3 Méint no der Zoustellung vun der Kommissioun hirer Decisioun). Am Fall vun enger Deelvalidatioun huet de Kandidat 3 Joer Zäit, fir sech déi feelend Kompetenzen iwwer eng Formatioun oder duerch zousätzlech Erfarung unzëeegenen.

Beispill

De Marc ass Mecanicien a wëll de Familljebetrib iwwerhuelen

De Marc ass 33 Joer al an huet en Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) als Mecanicien fir Autoen a Motoen. Hie schafft zënter 13 Joer als Mecanicien an der Garage vu sengem Monni. Hien hëlleft him och bei der deeglecher Gestioun vum Betrib.

Well de Marc de Betrib enges Daags iwwerhuele wëll, informéiert hie sech beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend iwwer d'Méiglechkeet, eng Meeschterkaart als Auto-Mechatroniker ze kréien. De Ministère äntwert him, datt hien opgrond vu senger Erfarung eng Demande de validation des acquis de l'expérience fir d'Meeschterkaart areeche kann.

Dës Demande gëtt an zwou Etappen ofgewéckelt. Fir d'éischt reecht de Marc beim Ministère eng Demande de recevabilité zesumme mat den néidege Beleger an, a preziséiert, wéi eng Meeschterkaart hie viséiert. Duerno, nodeems hien eng positiv Äntwert krut, hannerleet hie seng Demande de validation sur le fond. An där Demande weist hien no, datt hien d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen, déi vun där viséierter Meeschterkaart gefuerdert ginn, an de Beräicher Aarbechts- a Sozialrecht, Betribsrecht, Berechnung vun de Salairen, Comptabilitéitsmechanismen a Finanzanalys, Berechne vum Prix de revient, Kommunikatiounstechniken, Gestioun vum Personal, Organisatioun vum Betrib, Creatioun vun enger Entreprise, Reform vun der Beruffsausbildung, applizéiert Pedagogik, Theorie a Praxis vum jeeweilegen Handwierk besëtzt.

Hie kritt d'Validation des acquis de l'expérience nëmmen deelweis accordéiert, well d'Commission de validation seng Kenntnesser an de Beräicher Berechnung vun de Salairen, Comptabilitéitsmechanismen a Finanzanalys a Berechnung vum Prix de revient als net vollstänneg ugesäit. De Marc decidéiert, an deene Fächer Owescoursen ze maachen. Hien huet 3 Joer Zäit, fir sech déi feelend Kompetenzen unzëeegnen.

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer