D'VAE fir de Brevet de technicien supérieur
D'
Validation des acquis de l'expérience oder VAE erlaabt et, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dee Wee de Brevet de technicien supérieur (BTS) oder en Deel vun deem Ofschloss ze kréien.
D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit, mat oder ouni Ënnerbriechung, am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, an an deem betraffenen Domaine ausgeüübt hunn.
Fir erauszefannen, wéi en Diplom senger eegener Erfarung entsprécht, gëtt de Kandidat gebieden, sech d'Lëscht unzekucken a sech bei de betraffene Lycéeën ze renseignéieren. Net all d'BTSe si schonn iwwer d'VAE zougänglech: op d'mannst ee Joergang vu Studente muss schon eng Kéier e kompletten Zyklus absolvéiert hunn, éier déi entspriechend Prozedur kann ëmgesat ginn.
Demarchen
D'Demande fir d'Validation des acquis de l'expérience an d'Aschreiwungsdemande ginn un d'Direktioun vum betraffene Lycée geschéckt. D'VAE-Demande gëtt begleet vun engem Dossier, an deem d'Kenntnesser, d'Kompetenzen an d'Fäegkeeten am Zesummenhang mat deem viséierten Diplom, déi de Kandidat sech duerch Erfarung ugëeegent huet, mussen erkläert ginn.
Op Virschlag vun der Direktioun vum Lyée ernennt de Minister fir all betraffene Formatiounsprogramm eng ad hoc-Kommissioun.
Dës Kommissioun iwwerpréift d'Validatiounsdemande an den Dossier a féiert e Gespréich mam Kandidat. Si kann d'Versetzen an eng reell oder nogestallte Situatioun virgesinn. Bei hirer Entscheedung evaluéiert d'Kommissioun d'Acquisen aus der Erfarung par rapport zum Programm vum viséierten Diplom.
D'ad hoc-Kommissioun kann eng oder e puer vun de folgenden Entscheedungen treffen:
- Dispens, fir ee vun den Diplomer virzeleeën, déi am Artikel 10 (1) vum Gesetz vum 19. Juni 2009 (iwwer d'Festleeë vun de Modalitéite vum Héichschoulstudiegang, dee mat engem Brevet de technicien supérieur ofgeschloss gëtt) virgesi sinn;
- Aschreiwung ënnert der Bedéngung, e komplementäre Programm ze absolvéieren;
- Dispens, fir un engem Deel vun de Modüllen oder engem Deel vun de Coursen, déi d'Modülle vun der Formatioun duerstellen, deelzehuelen;
- Dispens fir sech enger Partie vun de Validatiounsmesuren ze ënnerzéien;
- Dispens fir sämtlech Modüllen, Coursen a Prüfungen, déi néideg sinn, fir den Diplom ze kréien.