D'Validation des acquis de l'expérience
Ënnert der Validation des acquis de l'expérience (VAE) versteet een eng Prozedur, mat där ee berufflech oder ausserberufflech Erfarung valoriséiere loosse kann, fir en Ofschloss oder en Deel vun engem Ofschloss ze kréien, d. h.:
Ëm wat geet et genee?
D'VAE ass en alternative Wee, fir en Diplom ze kréien a Wëssen an Erfarung, déi een an engem formellen, net formellen oder informelle Léierprozess gesammelt huet, unerkennen ze loossen. Si valoriséiert d'Eenzelpersoun an erliichtert d’liewenslaangt Léieren.
D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun.
Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d. h. 5.000 Stonnen, eng bezuelten, net bezuelten oder benevole Aktivitéit mat oder ouni Ënnerbriechung an am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn. |
D'Certificaten, d'Diplomer an d'Breveten, déi een iwwer d'VAE kritt, sinn equivalent mat deenen, déi een iwwer aner Methode fir d'Wëssenskontroll kritt, a bréngen déiselwecht Rechter mat sech.
Demarchen
De Kandidat muss en Dossier zesummestellen an enger Validatiounskommissioun oder engem qualifizéierte Jury virleeën. Dësen Dossier beschreift am Detail d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Kompetenzen, déi an direktem Zesummenhang mam viséierten Diplom stinn, a gëtt konkret Beispiller vun erfëllten Aufgaben un.
D'Kommissioun oder de Jury prononcéiert sech opgrond vum Kandidat sengem Dossier, no engem Gespréich mam Kandidat an, eventuell, engem Versetzen an eng reell oder nogestallte berufflech Situatioun, wann dës Prozedur vun der Autoritéit, déi d'Certificatioun ausstellt, virgesinn ass.
Fir de Kandidat kann d'Entscheedung vun der Kommissioun oder vum Jury Folgendes bedeiten:
- guer keng Validatioun,
- eng Deelvalidatioun,
- eng vollstänneg Validatioun.
Am Fall vun enger Deelvalidatioun huet de Kandidat dräi Joer Zäit, fir sech déi feelend Kompetenzen duerch eng Formatioun oder duerch zousätzlech Erfarung unzëeegnen.
Méi iwwer d'Prozedur vun der Validation des acquis de l'expérience am Kader vum viséierten Diplom:
|