D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Diplôme de technicien - DT

Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Carrière ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener en DT am duale System kréien.

Véier DTe sinn am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener ënner gewësse Konditiounen accessibel:

Den DT ass eng ganz pousséiert Beruffsausbildung, déi dem Apprenant en direkten Zougang zum Beruffsliewen erméiglecht.


Diplôme de technicien - DT



Éischtausbildung 2. Bildungswee
1re - 4e - Administration et commerce
- Agriculture
- Artistique, section design 3D
- Artistique, section graphisme
- Artistique, section image
- Électrotechnique, section communication
- Électrotechnique, section énergie
- Entrepreneur maraîcher
- Environnement naturel
- Équipement énergétique et technique des bâtiments
- Génie civil
- Horticulture
- Hôtellerie, section hôtellerie
- Hôtellerie, section tourisme
- Informatique
- Logistique
- Mécanicien d'avions - cat B
- Mécanique générale
- Mécatronique d'automobiles
- Vente et gestion (nëmmen zougänglech fir d'Titulairë vun engem DAP Conseiller en vente oder engem vergläichbaren Diplom)
Administration et commerce
  • 1re  an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt (LML, LNB, LTB, LTC, LTL, LTMA, EPMC, EPSA, EPF, LNW, LTETT, LLJ, MLG, ALR)
    D'Formatioun kann och a Form vu Blended Learning suivéiert ginn.

Vente et gestion (nëmmen zougänglech fir d'Titulairë vun engem DAP Conseiller en vente oder engem vergläichbaren Diplom)

  • 1re  an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt (LTL)

Mécanicien d'avions - cat B

  • 2e  an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt (LTPEM)

Logistique

  • 3e - 1re  an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt (LTB, LTL)


Erwuessener, déi hir Studien am Enseignement secondaire général ofschléisse wëllen, kënnen och iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) en Diplôme de technicien kréien.

DT Administration et commerce

D'Formatioun fir den DT Administration et commerce ze kréien, kann am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener suivéiert ginn, an dat vun der 1re un (lescht Formatiounsjoer), wann déi folgend Zougangsbedéngungen all erfëllt sinn:

  • op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • den initiale Schoulsystem (oder den initialen Ausbildungsvertrag) zanter mindestens engem Joer verlooss hunn,
  • zanter mindestens 12 Méint a fir op d'mannst 16 Stonnen d'Woch beim CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) affiliéiert sinn.

Bei engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:

  • Schoulesch Ausbildung an engem vun de Lycéeën, déi den DT vun der Division administrative et commerciale ubidden (LML, LNB, LTB, LTC, LTL, LTMA, EPMC, EPSA, EPF, LNW, LTETT, LLJ, MLG, ALR)

  • Modullen am Formatiounsorganismus, déi de Kandidat am Kader vu senger Beschäftegung bei der Entreprise, mat där hien en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, suivéiert. D'Entreprise muss autoriséiert sinn, fir Léierjongen a -meedercher auszebilden.
    Erwuessen Apprentië kréie während hirer Ausbildung de soziale Mindestloun.

Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.

Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn. D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnesser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.

D'Formatioun kann och am Blended Learning suivéiert ginn, wou Online-Coursen a Präsenzcoursë matenee kombinéiert ginn. Interesséiert Kandidate kënne sech bei de Lycéeën, déi d'Formatioun ubidden, informéieren.

DT Logistique

D'Formatioun fir den DT Logistique ze kréien, kann am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener suivéiert ginn, an dat vun der 3e un (2. Formatiounsjoer) , wann déi folgend Zougangsbedéngungen all erfëllt sinn:

  • op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • den initiale Schoulsystem (den initialen Ausbildungsvertrag) zanter mindestens engem Joer verlooss hunn,
  • zanter mindestens 12 Méint a fir op d'mannst 16 Stonnen d'Woch beim CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) affiliéiert sinn.
Organisatioun
Kontakt

Am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:
  • Schoulesch Ausbildung an engem Lycée, deen den DT Logistique ubitt
  • Modullen am Formatiounsorganismus, déi de Kandidat am Kader vu senger Beschäftegung bei der Entreprise, mat där hien en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, suivéiert. D'Entreprise muss autoriséiert sinn, fir Léierjongen a -meedercher
    auszebilden.
    Erwuessen Apprentië kréie während hirer Ausbildung de soziale Mindestloun.
Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.

Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn.

LTB - Lycée technique de Bonnevoie
119, rue du Cimetière
L-1338 Luxembourg
Tel +352 40 39 45 1
secretariat@ltb.lu
www.ltb.lu

LTL – Lycée technique de Lallange
Boulevard Hubert Clément
L-4064 Esch/Alzette
Tel +352 55 95 42 1
secretariat@ltl.lu
www.ltl.lu

D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnesser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.

DT Mécanicien d'avions - cat B

D'Formatioun fir den DT Mécanicien d’avions, Cat. B, ze kréien, gëtt mat enger internationaler EASA-Lizenz - "Aircraft Maintenance Licence" (AML) vun der Kategorie B ofgeschloss, déi et dem Titulaire erlaabt, an alle Länner vun der Europäescher Unioun an an alle Länner, déi Member bei der EASA (European Aviation Safety Agency) sinn, ze schaffen.

Organisatioun
Kontakt
Zougangsbedéngungen
  • Duerch en Ausbildungsvertrag un eng Fluchgesellschaft gebonne sinn,
  • Titulaire vun engem Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) an de Formatiounen Industrie- a Maintenancemecanicien oder Energieelektroniker sinn, oder eng 2e Technicien (3. Formatiounsjoer) an den Divisiounen Elektrotechnik oder Mechanik gepackt hunn,

  • gutt Engleschkenntnesser hunn, well d'Formatioun integral op Englesch ofgehale gëtt.
LTPEM - Lycée Technique Privé Emile Metz
50, rue de Beggen
L-1220 Luxembourg
Tel +352 43 90 61 461
Itpem@education.lu
www.ltpem.lu

Déi schoulesch Ausbildung (am LTPEM) fir d'Lizenz vum Typ A dauert ee Joer a gëtt mat engem Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) ofgeschloss.

DT Vente et gestion

D'Formatioun fir den DT Vente et gestion ze kréien, kann am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener suivéiert ginn, an dat vun der 1re un (lescht Formatiounsjoer).
Fir zum DT zougelooss ze ginn, muss de Kandidat en DAP (Diplôme d'aptitude professionnelle) conseiller en vente oder e vergläichbaren Diplom virweise kënnen.

Organisatioun
Kontakt
Am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:
  • Schoulesch Ausbildung an engem Lycée, deen den DT Vente et gestion ubitt
  • Modullen am Formatiounsorganismus, déi de Kandidat am Kader vu senger Beschäftegung bei der Entreprise, mat där hien en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, suivéiert. D'Entreprise muss autoriséiert sinn, fir
    Léierjongen a -meedercher auszebilden.
    Erwuessen Apprentië kréie während hirer Ausbildung de soziale Mindestloun.
Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.

Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn.
LTL – Lycée technique de Lallange
Boulevard Hubert Clément
L-4064 Esch/Alzette
Tel +352 55 95 42 1
secretariat@ltl.lu
www.ltl.lu

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer