DAP - Diplôme d'aptitude professionnelle

Lescht Aktualiséierung : 25.09.2023

Allgemenges

Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Carrière ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener en DAP am duale System kréien.

Et gëtt drop higewisen, datt am Secteur vun de Beruffer am Gesondheets- a Sozialberäich den DAP Aide-soignant och beruffsbegleedend ugebuede gëtt.

Beruffstäteg Erwuessener, déi den DAP Agent administratif et commercial kréie wëllen, kënnen dat éischt DAP-Joer an Owescoursë maachen.

Den DAP vermëttelt Zougang zum Aarbechtsmaart als qualifizéierte Salarié.

Nei – DAP Agent socio-pédagogique an DAP Agent d'Inclusion

D'Formatioun vum Auxiliaire de vie (DAP) gouf reforméiert an elo ginn et 2 nei DAPen:

DAP Agent socio-pédagogique (oder DAP Éducation)

D'Beruffsausbildung, fir den DAP Agent socio-pédagogique ze kréien, gouf fir d'Rentrée 2022/2023 lancéiert, fir d'Schüler drop virzebereeden, sech un der Betreiung vu Kanner a Jonker an de Crèchen, Maison-relaisen, Dagesfoyeren asw. ze bedeelegen.

Den DAP Agent socio-pédagogique als Ausbildung fir Erwuessener an am franséischsproochege Regimm gëtt vun der Rentrée 2023/2024 un ugebueden.

DAP Agent d'Inclusion

Bei der Formatioun, fir den DAP Agent d'Inclusion ze kréien, geet et an éischter Linn ëm d'Begleedung vu Kanner, Jonken an eelere Leit mat spezifesche Besoinen, fir datt si un allen Aspekter vum Alldag kënnen deelhuelen.

Fir d'Rentrée 2024-2025 gëtt och eng Ausbildung fir Erwuessener ausgeschafft.

Den DAP als Ausbildung fir Erwuessener

All berufflech Ausbildungen, déi am Kader vun engem Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, si fir Erwuessener zougänglech. D'Kandidate kënne sech beim Beruffsberodungsservice vun der Aarbechtsagence (ADEM-OP) informéieren.

Méi iwwer d'Zougangsbedéngungen an d'Organisatioun vun der Ausbildung fir Erwuessener.

Professions et Métiers Organisation
(Année à partir de laquelle un contrat d’apprentissage pour adultes est possible / Régime linguistique spécifique)
Chambre patronale / Ministère
responsable du dispositif
Agent administratif et commercial francophone, anglophone CC
Agent de voyages CC
Agent d’inclusion à partir de 2024/2025 MENJE
Agent socio-pédagogique MENJE
Agriculteur formation plein temps - diplôme accessible via la VAE CA
Aide-soignant francophone MENJE
Assistant en pharmacie à partir de la 2e année CC
Boucher-charcutier CdM
Boulanger-pâtissier francophone CdM
Carreleur francophone CdM
Carrossier CdM
Charpentier CdM
Coiffeur francophone CdM
Conseiller en vente francophone CC
Constructeur métallique formation plein temps - diplôme accessible via la VAE CC
Couvreur CdM
Cuisinier francophone CC
Débosseleur de véhicules automoteurs CdM
Décorateur CC
Dessinateur en bâtiment CC
Électricien francophone CdM
Électronicien en énergie CC
Électro-technologies francophone CC
Esthéticien francophone CdM
Ferblantier-zingueur CdM
Fleuriste CdM
Floriculteur CA
Gestionnaire qualifié en logistique francophone CC
Hôtelier-restaurateur CC
Informaticien qualifié CC
Installateur chauffage-sanitaire francophone CdM
Instructeur de la conduite automobile CdM
Instructeur de natation CdM
Maçon francophone CdM
Magasinier du secteur automobile CdM
Maraîcher CA
Marbrier-tailleur de pierres CdM
Mécanicien de mécanique générale CdM
Mécanicien d’usinage CC
Mécanicien industriel et de maintenance CC
Mécatronicien francophone CC
Mécatronicien agri-génie civil CdM
Mécatronicien d’autos et de motos francophone CdM
Mécatronicien de cycles CdM
Mécatronicien de véhicules utilitaires CdM
Mécatronicien en techniques de réfrigération CdM
Menuisier francophone CdM
Menuisier-ébéniste formation plein temps - diplôme accessible via la VAE CC
Opérateur de la forêt et de l'environnement formation plein temps - diplôme accessible via la VAE CA
Opticien CdM
Parqueteur CdM
Pâtissier-chocolatier-confiseur-glacier francophone CdM
Peintre de véhicules automoteurs CdM
Peintre-décorateur francophone CdM
Pépiniériste-paysagiste CA
Plafonneur-façadier francophone CdM
Prothésiste dentaire CdM
Relieur CdM
Serrurier à partir de la 2e année
francophone
CdM
Serveur de restaurant francophone CC
Smart materials CC
Traiteur à partir de la 2e année CdM
Vendeur en boucherie CdM
Vendeur en boulangerie-pâtisserie-confiserie CdM
Vendeur technique en optique CdM
Vendeur-retouche CC

Méi dozou am Groussherzogleche Reglement vum 21. Juli 2023 iwwer d'Bestëmmung vun de Beruffer an Handwierker am Kader vun der Beruffsausbildung.

Et kënne Formatiounen als grenziwwerschreidend Ausbildung ugebuede ginn.

DAP Aide-soignant - beruffsbegleedend

Déi beruffsbegleedend Formatioun vum Aide-soignant adresséiert sech u Persounen, déi ënnert engem Aarbechtsvertrag am Fleegesecteur schaffen, déi schonn eng gewësse Beruffserfarung hunn an net d'Méiglechkeet haten, fir eng Éischtausbildung ze maachen. D'Formatioun dauert 3 Joer a gëtt mat engem DAP als Aide-soignant ofgeschloss.

D'Kandidate mussen:

  • mindestens 2.500 Stonnen am Fleegesecteur geschafft hunn,
  • op d'mannst hallefdaags agestallt sinn,
  • e favorabelen Avis vun hirem Employeur virleeën,
  • no der 5e e favorabelen Orientéierungsavis kritt hunn oder eng als gläichwäerteg unerkannt Certificatioun virleeën,
  • sech beim Bilan d'entrée de compétences op enger vun den eligibele Plaze klasséiert hunn.

Eng Zouloossungskommissioun stellt e Klassement op a mécht wann néideg eng Selektioun ënnert de Kandidaten. D'Prozedur fir d'Aschreiwung gëtt um Site vum Lycée technique pour professions de santé (www.ltps.lu) beschriwwen.

DAP Agent administratif et commercial - 1. Joer - Owescoursen

D'Owescoursë riichte sech u beruffstäteg Erwuessener, déi den DAP Agent administratif et commercial kréie wëllen.

Fir d'Owescoursë mussen d'Kandidaten op d'mannst 18 Joer al sinn. Si kënne sech beim Lycée technique du centre (LTC) oder beim Lycée Mathias Adam (LMA) iwwer d'Aschreiwungsbedéngungen informéieren.

Organisatioun

1. Joer DAP an 1. Joer DAP am franséischsproochege Regimm

  • Formatioun a Form vun Owescoursen an der Schoul
    D'Owescoursë vum 1. Joer DAP Agent administratif et commercial sinn op 2 Schouljoer opgedeelt.
  • Berufflech Praxis, déi de Kandidat duerch seng Beschäftegung an der Entreprise kritt. D'Entreprise ass fir d'Evaluatioun vun dëse Modüllen zoustänneg.

Erwuessener, déi dat 1. Joer DAP gepackt hunn, kënnen dat 2. an 3. Joer DAP am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener absolvéieren.

Den DAP iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE)

All Persoun, déi am Berufssliewe steet an eng zolitt Erfarung am Zesummenhang mam viséierten Diplom huet, kann eng Demarche fir eng Validation des acquis de l'expérience an d'Weeër leeden, fir en DAP ze kréien.

Méi iwwer d'VAE

Kontakt

ADEM – Agence pour le développement de l’emploi
Service d'orientation professionnelle

Maison de l'Orientation

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

www.Adem.public.lu

+352 247 85480
+352 247 85387
Info.op@Adem.public.lu
Maison de l'Orientation "Beim Park"

7, avenue de la Gare
L-9233 Diekirch

+352 247 65430


Agence Belval

1, blvd. Porte de France
L-4360 Esch-sur-Alzette

+352 247 75411