Diplôme d’accès aux études universitaires - DAEU
Erwuessener, déi keen Ofschloss vum Enseignement secondaire classique oder général oder gläichwäertegen auslänneschen Ofschloss hunn , an déi op enger Universitéit studéiere wëllen, kënne mam DAEU en Diplom kréien, dee mam Ofschlossdiplom vum Secondaire gläichgestallt ass.
Den DAEU (Optioun Literatur) erméiglecht den Zougang zu Héichschoulstudien. E gëtt an Owes- an an Dagescoursë vum Luxembourg Lifelong Learning Center an Zesummenaarbecht mat der Université de Lorraine ugebueden a vermëttelt sengem Titulaire déiselwecht Rechter wéi de Baccalauréat.
Zougangsbedéngungen
D'Kandidate mussen den 1. Oktober vum Aschreiwungsjoer an den DAEU hir schoulesch Ausbildung zanter op d'mannst 2 Joer ënnerbrach hunn. Si mussen doriwwer eraus eng vun de folgende Bedéngungen erfëllen:
Owescoursen an Dagescoursen
D'Coursë sinn esou organiséiert, datt si mam Beruffsliewe kombinéiert kënne ginn. Si ginn an der Woch owes a samschdes dagsiwwer ofgehalen a lafen iwwer zirka 10 Méint.
Et ginn ënnerschiddlech Fächer ugebueden, dorënner 2 modern Sproochen, vun deenen eng Franséisch an déi aner eng vun de Sproochen Däitsch, Englesch oder Portugisesch muss sinn, an 2 Optiounsfächer au choix. Zu dëse Fächer ziele Geschicht, Geografie, Mathematik an eng weider modern Sprooch (Englesch, Däitsch oder Portugisesch).