D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Diplôme d'accès aux études supérieures - DAES

Erwuessener, déi keen Ofschloss vum Enseignement secondaire classique oder général hunn, an Erwuessener, deenen hiren Diplom et opgrond vu senger Spezifizitéit net erlaabt, verschidden Universitéitsstudien opzehuelen, hunn iwwer den DAES eng zweet Chance, en Diplom an domat Zougang zu Héichschoulstudien ze kréien.

Den DAES ass en neie Bildungswee, deen am Kader vun der Erwuessenebildung ugebuede gëtt. E bereet d'Apprenanten op d'pädagogesch an didaktesch Realitéit op den Héichschoule vir, andeem en hinnen hëlleft, fächerrelevant Wëssen an transversal Kompetenzen ze entwéckelen, déi fir hir Studie wichteg sinn.

Den DAES ass mam lëtzebuergeschen Diplôme de fin d’études secondaires gläichgestallt an erlaabt den Zougang zu Universitéits- oder Héichschoulstudien, zu de reglementéierte Beruffer an zu de Plazen am ëffentleche Secteur.

Den DAES gëtt ënnert verschiddenen Organisatiounsformen ugebueden:

  • Den DAES an Dagescoursen

  • Den DAES en alternance: 30% an Owescoursen, de Rescht am selbststännegen E-Learning-Modus (momentan gëtt dës Formule nëmme fir d'Oschlossklass ugebueden, vun 2020 un gëtt och d'Virbereedungsklass en alternance ugebueden)

  • Den eDAES, e Cours am E-Learning-Modus

Virbereedungs- an Ofschlossklass

D'Formatioun, déi zum DAES féiert, besteet, jee nom Bildungsniveau vum Kandidat, aus 1 oder 2 Schouljoer:
  • eng Virbereedungsklass fir Apprenanten, déi d'Zougangsbedéngunge fir d'Ofschlossklass net erfëllen. An dëser Klass gi Moduler organiséiert, bei deenen d'Kandidaten hir Grondkënntnesser opfrëschen an sech déi néideg Léiertechniken a -strategien uneegne kënnen.
  • eng Ofschlossklass, déi mat enger Ofschlossprüfung ofgeschloss gëtt, a während där de Kandidat och eng encadréiert perséinlech Aarbecht schreiwe muss. D'Packe vun dëser Klass vermëttelt Zougang zu Héichschoul- an Universitéitsstudien.
Fir den Zougang zu den Universitéiten an Héichschoulen ze erliichteren, beinhalt d'Formatioun, déi zum DAES féiert, déi véier Léierberäicher, déi an de Léierpläng vum ieweschten Zyklus vum Enseignement secondaire an an der Legislatioun iwwer d'géigesäiteg Unerkennung vun den Ofschlossdiplomer vum Secondaire festgeluecht sinn. All Léierberäich ass a Moduler opgedeelt.

Den Apprenant wielt sechs Moduler aus, dovun obligatoresch op d'mannst zwou Sproochen an op d'maanst ee Modul a jiddwerengem vun deenen anere Léierberäicher.

  1. Sproochen: Däitsch, Englesch, Franséisch
  2. Mathematik: Mathematik, applizéiert Mathematik
  3. Naturwëssenschaften: Biologie, Chimie, Physik
  4. Human- a Sozialwëssenschaften, Konscht: Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften, Geografie, Geschicht, Philosophie, Konscht

Opnambedéngungen

Allgemeng Bedéngungen

Fir zu de Studien, déi zum DAES féieren, zougelooss kënnen ze ginn, mussen d'Kandidaten eng vun de folgende Bedéngungen erfëllen:

  • si mussen den 1. September vum lafende Joer op d'mannst 20 Joer al sin,
  • si mussen eng Beruffserfarung vu mindestens 20 Stonnen d'Woch während engem Mindestzäitraum vun 12 Méint noweisen,
  • si mussen d'Éischtausbildung zanter op d'mannst 2 Joer verlooss hunn.

Zousätzlech Bedéngungen

Fir zu der d'Virbereedungsklass zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten eng vun de folgende Bedéngungen erfëllen:

  • eng 3e aus dem Enseignement secondaire classique oder général gepackt hunn,
  • eng 11e aus dem Enseignement secondaire technique – régime technique (fréiere Schoulsystem) gepackt hunn,
  • en DAP oder e CATP hunn,
  • Kandidaten, déi zu dëser Formatioun wëllen zougelooss ginn, ouni eng vun den uewe genannte Klasse gepackt ze hunn, mussen d'Opnamprüfungen an de Fächer Franséisch, Däitsch, Englesch a Mathematik maachen.

Fir an d'Ofschlossklass zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten eng vun de folgende Bedéngungen erfëllen:

  • d'Virbereedungsklass gepackt hunn,
  • eng 2e aus dem Enseignement secondaire classique oder général gepackt hunn,
  • eng 12e aus dem Enseignement secondaire technique – régime technique (fréiere Schoulsystem) gepackt hunn,
  • eng Meeschterkaart oder en Diplôme de technicien hunn.

Demande de candidature

Eng Demande de candidature muss spéitstens virum 30. August vum lafende Joer agereecht ginn.

Umeldung
Zilgrupp
Schouljoren, déi ugebuede ginn
Schoulinstitut
DAES an DagescoursenErwuessenerVirbereedungsklass
Ofschlossklass
ENAD
DAES en alternance (Owescoursen)
  • Beruffstäteg Erwuessener
  • Erwuessener, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn
Ofschlossklass
ENAD
eDAES, Cours am E-Learning-Modus
Beruffstäteg Erwuessener
Virbereedungsklass

eCampus
E-Learning-Plattform

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer