Lescht Aktualiséierung : 19.10.2023

Allgemenges

Vill Erwuessener hunn den Niveau vun der 5e, deen et hinnen erlaabt, hir berufflech a perséinlech Projeten ëmzesetzen, net erreecht. Dat selwecht gëllt fir Persoune mat engem Migratiounshannergrond, déi iwwer keen unerkannte Bildungsniveau oder net iwwer déi néideg Sproochekenntnisser verfügen, fir an de Formatiounssystem zu Lëtzebuerg opgeholl ze ginn.

D'5e ass eng decisiv Klass, fir Zougang zu Studien am Secondaire an zu der Beruffsausbildung ze hunn. All dëse Persoune bitt d'Erwuessenebildung am Kader vum 2. Bildungswee verschidden Dispositiffen un, déi et hinnen erlaben, de 5es-Niveau ze erreechen.

5es-Klassen am Enseignement secondaire classique (ESC)

D'5e huet eng duebel Finalitéit: engersäits d'Reussite vum ënneschten Zyklus am Classique an anerersäits d'Preparatioun op d'4ec classique.

Si gëtt an Dagescoursen organiséiert, zitt sech iwwert ee Schouljoer (2 Semesteren) a riicht sech u Kandidate mat engem certifiéierten Accès zu enger 6e G, mat enger gepackter 6e C oder op Admissiounsdossier.

D'Kandidaten, déi op d'mannst mussen 17 Joer al si, mussen en Dossier fir d'Preinscriptioun zesummestellen an dëse bei der ENAD areechen.

5es-Klassen am Enseignement secondaire général (ESG)

5G
5e générale d'orientation
5AD
5e générale d'adaptation
5P
5e générale de préparation
Orientatioun Virbereedung

Klassen, déi iwwer den 2. Bildungswee zougänglech sinn

Persounen, déi keng 5e ofgeschloss hunn, kënnen dëst an Owescoursen, an Dagescoursen oder am Blended Learning nohuelen. Klasse vun der 5e classique, der 5e G (Basis- oder avancéierten Niveau) an der 5e AD ginn a follgenden Etablissementer ugebueden:

Etablissement Klassen Informatiounssäiten
5e-Klassen
CNFPC - Centre national de formation professionnelle continue
www.cnfpc.lu
  • 5AD - Coursen fir jonk Erwuessener (>16 Joer)
Schoulesch Offer
ENAD - École nationale pour adultes
www.enad.lu
  • 5G (≥17 Joer) - Dagescoursen
  • 5C - Dagescoursen
Schoulesch Offer
LGK - Lycée Guillaume Kroll
www.lgk.lu
  • 5G - Owescoursen
  • 5AD - Owescoursen
Schoulesch Offer
LN - Lycée du Nord
www.lnw.lu
  • 5G - Owescoursen
  • 5AD - Owescoursen
Erwuessenebildung
LTC - Lycée technique du Centre
www.ltc.lu
  • 5G - Owescoursen
  • 5G-FR* - Owescoursen
  • 5AD - Owescoursen
  • 5AD-FR* - Owescoursen
  • *FR: régime francophone
Owescoursen
SFA - Service fir d'Erwuessenebildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
sfa@men.lu
www.men.public.lu
  • 5G a 5G-FR* - Dagescoursen a Blended Learning
  • 5AD a 5AD-FR* - Dagescoursen a Blended Learning
  • Integratiounsklassen
  • 5G-FR* intégration - Dagescoursen
  • 5AD-FR* intégration - Dagescoursen
  • *FR: régime francophone
2. Bildungswee

Den Unterrecht ass organiséiert an 12 bis 24 Stonne Cours d'Woch iwwer 2 Semester, vu September bis Juni.

Um Enn vun der 5e vum Enseignement secondaire général sinn, ofhängeg vum Niveau, deen erreecht gouf, a vun de Viraussetzunge fir déi ugestrieft Formatioun, 5 Bildungsweeër méiglech:

Klasse vun der 5e intégration

E Parcours fir d'Kompetenze vu Persounen, déi nei an d'Land koumen, ze verstäerken

Eng Qualifikatioun an d'Beherrsche vun de Landessprooche sinn d'Viraussetzungen dofir, datt en Erwuessene sech op Dauer um Aarbechtsmaart vum Opnamland integréiere kann. Zu Lëtzebuerg ass d'5e eng decisiv Klass, fir Zougang zu deenen ieweschten Zykle vum Enseignement secondaire an der Beruffsausbildung ze hunn.

D'Klasse vun der 5e intégration adresséiere sech besonnesch u Persounen, déi internationale Schutz ugefrot oder accordéiert kritt hunn, genee wéi u Leit, déi nei an d'Land komm sinn an zwar Englesch, mee net d'Sprooche vum Land kënnen. D'Klasse vun der 5e générale mat verschiddenen Niveaue ginn ugebuede mat engem verstäerkte Programm am Franséischen oder am Däitschen, mat Mathematikscoursen, Coursë fir d'Fërderung vun de Kompetenzen am digitale Beräich an an der Civique a mat Orientatiounssessiounen.

Ergänzt gëtt dësen Dispositif duerch eng Passerellesklass fir Kandidaten, déi am Laf vum Schouljoer wëllen opgeholl ginn.

Kontakt

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation des adultes

15, rue Léon Hengen
L-1745 Luxembourg - Kirchberg

www.men.public.lu