Lescht Aktualiséierung : 06.03.2024

Allgemenges

D'Meeschterkaart riicht sech un Erwuessener, déi hiren eegenen Handwierksbetrib grënnen a leede wëllen oder déi e Poste mat Verantwortung an engem Handwierks-, Industrie- oder Handelsbetrib iwwerhuele wëllen. D'Kandidate musse sech fir d'Formatioun bei der Chambre des Métiers aschreiwen. Den Diplom gëtt ausgestallt, nodeem en all d'Virbereedungscoursë suivéiert an all d'Exame gepackt huet.

D'Kandidate mussen op d'mannst 18 Joer al sinn an ee vun de follgenden Diplomer hunn:

  • Diplôme d'Aptitude Professionnelle (DAP) oder fréieren CATP
  • Diplôme de technicien (DT)
  • Diplôme de fin d’études secondaires classiques (DFESC)
  • Diplôme de fin d’études secondaires générales (DFESG)
  • All Diplom vum post-secondairen Unterrecht (BTS, Bachelor, Master,…)
  • En auslänneschen Diplom oder Certificat, dee vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend unerkannt ass

an op d'mannst ee Joer Beruffserfarung am gewielte Beruff noweisen, fir zum prakteschen Ofschlossexamen zougelooss ze ginn.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Schulungen duerch déi een d'Meeschterkaart kann kréien

Alimentation

  • Artisan en Alimentation
     (Boucher, Boulanger-Pâtissier, Traiteur)

Mode, Santé, Hygiène

  • Artisan en Beauté
     (Coiffeur, Esthéticien)
  • Couturier
  • Opticien

Mécanique

  • Constructeur-réparateur de carrosseries
  • Débosseleur-peintre de véhicules automoteurs
  • Instructeur de la conduite automobile
  • Mécanicien en mécanique générale
  • Mécanicien machines agricoles
  • Mécatronicien d’autos et de motos

Construction et habitat

  • Artisan dans le domaine de la Toiture
  • Artisan en Bois & Métal
  • Artisan en Génie Technique du Bâtiment
  • Carreleur
  • Entrepreneur de construction
  • Marbrier tailleur de pierres
  • Peintre-décorateur
  • Plafonneur-façadier

Virbereedungscoursen

D'Virbereedungscoursë fir d'Meeschterkaart sinn a Modüllen opgedeelt an decken 2 Voleten of:

  • Organisatioun a Gestioun vun Entreprisen an ugewannt Pedagogik
  • Berufflech Theorie a Praxis

D'Formatioun dauert am Prinzip 3 Joer, d'maximal Dauer, fir all d'Moduler ze packen, ass awer op 6 Joer festgeluecht. D'Coursë ginn am Prinzip wiertes owes an iwwer de Weekend ofgehalen.

D'Kandidate kënnen hire Parcours no hirem eegene Rhythmus organiséieren. Sie wiele bei der Aschreiwung déi Moduler aus, déi si besiche wëllen. D'Coursë fänken am Prinzip tëschent Mëtt an Enn September un a lafe bis am Mäerz d'Joer duerno.

D'Umeldungskäschte fir d'Virbereedungscoursë leie bei 600 Euro pro Umeldungsjoer. D'Umeldungskäschte fir d'Exame leie bei 300 Euro pro Examenssessioun.

D'Lëscht vun den zougängleche Beruffer an d'Programmer uweisen

Ofschlossexame vun der Meeschterkaart

D'Chambre des Métiers organiséiert 2 Examenssessioune pro Joer.

D'theoreteesch Examen

  • Fréijoerssessioun: wärend der Ouschtervakanz an am Juni
  • Hierschtsessioun: vun ufangs bis Mëtt Oktober

D'praktesch Examen

  • Fréijoerssessioun: tëschent Mëtt Mee an dem 31. Juli

Bedéngunge fir zum Examen zougelooss ze ginn

Fir zu den theoreteeschen Examen zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten u mindestens 80% vun de Coursen, fir déi si ugemellt waren, deelgeholl hunn an hir Aschreiwungskäschte bannent de virgeschriwwenen Delaie bezuelt hunn.

Fir zu de prakteschen Examen zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten all d'Exame vun der berufflecher Theorie gepackt hunn, eng Beruffserfarung vu mindestens engem Joer (déi si sech nom DAP/CATP beim Ausübe vun deem Beruff, fir dee si sech ugemellt hunn, ugëeegent hunn) noweisen an hir Umeldungskäschte bannent de virgeschriwwenen Delaie bezuelt hunn.

Bei all Sessioun kënnen d'Kandidaten d'Examen an de Fächer Organisatioun a Gestioun vun Entreprisen, ugewannt Pedagogik a berufflech Theorie ofleeën. D'Examen iwwer d'berufflech Praxis ginn nëmmen am Fréijoer organiséiert.

D'Umeldunge gi vum 15. Juni bis spéitstens de 15. August ugeholl. D'Kandidate musse sech bei all Sessioun nei fir d'Coursen an d'Examen umellen.

Validation des acquis de l'expérience

D'Meeschterkaart kann een och ganz oder deelweis iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) kréien.

Méi iwwer d'VAE

Kontakt

Chambre des Métiers
Service Brevet de Maîtrise et Formation Continue

2, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg

www.cdm.lu