Lescht Aktualiséierung : 04.08.2023

Allgemenges

A verschiddene Beruffer ass d'Meeschterkaart eng onverzichtbar berufflech Qualifikatioun, fir sech selbststänneg ze maachen a Léierbouwen a -meedercher ausbilden ze kënnen.

D'Meeschterkaart ass déi typesch Ausbildung vun engem Chef d'entreprise. Si adresséiert sech un zukünfteg Betribsleeder grad ewéi un all Persoun, déi e Poste mat Verantwortung an engem handwierklechen, industriellen oder kommerzielle Betrib ustrieft.

Wéinst der Vilfalt vu den enseignéierte Fächer – Organisatioun & Gestioun vun Entreprisen, ugewannt Pedagogie, berufflech Theorie & Praxis – vermëttelt d'Meeschterkaart déi indispensabel Kenntnisser, fir säin eegene Betrib opzebauen an ze féieren oder e Poste mat Verantwortung bei engem Employeur ze iwwerhuelen.

Kontakt

Chambre des Métiers
Service Brevet de Maîtrise et Formation Continue

2, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg

www.cdm.lu