GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

lifelong-learning.lu - Den Zougang zur Weiderbildung méi einfach maachen

D'Portal fir liewenslaangt Léieren am Déngscht vun der Entwécklung vun de Kompetenzen

Wëllt Dir Är Kenntnisser aktualiséieren, Iech nei Kompetenzen uneegnen, fir an Ärem Betrib weiderzekommen? Sicht Dir eng nei Aarbecht? Oder hutt Dir einfach Loscht, um neiste Stand ze bleiwen?

Egal aus wéi enge Grënn Dir Iech fir d'Weiderbildung entscheet, lifelong-learning.lu guidéiert Iech bei Äre Recherchen.

D'Portal bréngt d'Offer an d'Demande am Beräich vun der Weiderbildung zesummen a referenzéiert 12321 Formatioune vun 308 Formatiounsinstituter, déi Member op eiser Plattform sinn. Hei ginn och all d'Informatiounen iwwer d'liewenslaangt Léieren zentraliséiert: Bäihëllefe fir d'Formatioun, alternativ Weeër, fir Zougang zu Diplomer ze kréien, Evenementer, Legislatioun, Neiegkeeten...

Sech gutt forméieren heescht, sech fir d'éischt gutt informéieren!

Wéi eng Formatiounen?

Éier ee sech fir eng Formatioun entscheet, soll ee sech fir d'éischt froen, wéi e perséinlecht oder berufflecht Zil een erreeche wëll, a wéi eng Kompetenzen dofir néideg sinn.

  • Wéi eng Kenntnisser brauch ech, fir a mengem Beruff weiderzekommen?
  • Wéi eng nei Kompetenze muss ech léieren, fir meng Effikassitéit a mäi Fachwëssen op menger Aarbechtsplaz ze verbesseren?
  • Ass en Diplom néideg fir dee geplangte Wiessel vun der Aarbechtsplaz?
  • Wéi eng Kompetenze muss ech mir uneegnen, fir meng Employabilitéit an engem Ëmfeld ze garantéieren, an deem d'Digitaliséierung ëmmer méi wichteg gëtt?...

All dës Froen hëllefen engem dobäi, seng Formatiounsbesoinen ze preziséieren, a sinn e wichtege Facteur fir de Succès vum Projet ze garantéieren. Soubal ee seng Ziler an d'Kompetenzen, déi dofir néideg sinn, identifizéiert huet, kann een d'Sich no där richteger Formatioun lancéieren.

D'Formatiounen

lifelong-learning.lu présentéiert eng breet gefächert Offer vu Formatiounen, déi all Aktivitéitsberäicher vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ofdeckt.

Fir d'Recherche ze vereinfachen, kënnen d'Formatiounen no Krittäre wéi Formatiounsdomaine, Léiermodus, Plaz vun der Formatioun, Dauer, gewënschten Niveau, Sprooch, asw. gefiltert ginn. Den Inhalt vun all Formatioun gëtt vun deem jeeweilege Formatiounsinstitut am Detail beschriwwen.

D'Formatioune ginn an Dagescoursen, Owescoursen, iwwer de Weekend oder als Fernunterrecht ofgehalen. Si kënnen nëmmen iwwer eng kuerz Zäit oder awer iwwer e puer Méint lafen.

Diplomer

Erwuessenen, déi en Diplom kréie wëllen, sti verschidde Méiglechkeeten zur Verfügung.

Parcoursen am Enseignement secondaire

  • 5e-Klassen: erméiglechen den Zougang zu enger Beruffsausbildung an zu Studien am Secondaire.
  • Beruffsausbildungen a Form vun enger Léier fir Erwuessener oder en alternance, déi mat follgenden Diplomer ofgeschloss ginn:
    • CCP (Certificat de capacité professionnelle)
    • DAP (Diplôme d’aptitude professionnelle)
    • DT (Diplôme de technicien)
  • Formatiounen, déi zu engem Diplôme de fin d'études secondaires classiques féieren
  • Formatiounen, déi zum DAES (Diplôme d'accès aux études supérieures) oder DAEU (Diplôme d’accès aux études universitaires) féieren, fir en Diplome ze kréien, dee mam Diplôme de fin d’études secondaires gläichgestallt ass

Parcoursen am Enseignement postsecondaire a supérieur

  • Preparatiounscoursë fir d'Meeschterkaart (Brevet de maîtrise) fir zukünfteg Entrepreneuren an den Handwierksberäicher

  • De BTS (Brevet de technicien supérieur), en Diplom aus dem Enseignement supérieur de type court, deen iwwer d'Validation des acquis de l’expérience zougänglech ass

Validation des acquis de l’expérience

D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) ass en Dispositif, mat deem ee seng berufflech a perséinlech Erfarung valoriséiere loosse kann, sief et fir en Diplom oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.

Betraff sinn déi follgend Qualifikatiounen:

Unerkennung vun Diplomer

Persounen, déi op Lëtzebuerg kommen an do studéieren oder weiderstudéieren, schaffen oder Zougang zu engem bestëmmte Beruff kréie wëllen, kënnen, jee no hirem konkrete Besoin, Follgendes ufroen:

  • eng Unerkennung vum Bildungsstand (ouni den Ofschlossdiplom),
  • eng Unerkennung vun der Equivalenz vu engem Diplom (Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire),
  • eng Unerkennung vum Bildungsstand, vun der Equivalenz vun engem Diplom oder der Equivalenz vu beruffleche Qualifikatiounen.

Méi Informatiounen

Wéi eng Formatiounsinstituter sinn op lifelong-learning.lu vertrueden?

Et handelt sech hei ëm agreéiert, ëffentlech, parastaatlech oder privat Formatiounsprestatairen oder Instituter aus dem Veräinswiesen, déi zu Lëtzebuerg oder an engem EU-Memberstaat etabléiert sinn.

D'Formatiounsinstituter uweisen

En agreéiert Formatiounsinstitut ginn

Wéi eng aner Informatioune fënnt een op lifelong-learning?

lifelong-learning.lu zentraliséiert och all d'Informatiounen, déi d'Demarchen am Formatiounsberäich vereinfache sollen.

Bäihëllefe fir d'Weiderbildung

Fir hire Formatiounsprojet erfollegräich ëmzesetzen, kann all Privatpersoun eng Bäihëllef fir d'Formatioun ufroen, déi a Form vu bezueltem Spezialcongé (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé), dem Amenagement vun der Aarbechtszäit oder vu Finanzbäihëllefen (Ofsetze vun de Steieren, Finanzbäihëllefe fir Héichschoulstudien...) bereetgestallt gëtt.

D'Entreprise kann iwwer den Dispositif vun der Kofinanzéierung vun der berufflecher Weiderbildung oder iwwer de Subside fir d'Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch eng finanziell Bäihëllef vum Staat ufroen.

D'Bäihëllefe fir d'Weiderbildung uweisen

Orientatioun/Reorientatioun

Bei der Gestaltung vu sengem beruffleche Parcours ass d'Orientatioun en Instrument, fir säi Formatiounsparcours ze optiméieren, den Zougang vun de Jugendlechen zum Beruffsliewen ze verbesseren oder d'berufflech Mobilitéit an d'Ëmschoulung vun den Erwuessenen am Laf vum Beruffsliewen ze erliichteren.

Méi Informatiounen

Etüden an Analysen

Den Observatoire de la formation féiert Etüden duerch a stellt den ëffentlechen a privaten Decideure säi Fachwëssen zur Verfügung, fir hinnen ze hëllefen, wirtschaftlechen Entwécklunge virauszegräifen an hir Formatiouns- a Beschäftegungspolitik ze steieren.

Den Observatoire féiert Studien an Ëmfroen zu ënnerschiddlechen Theemen duerch:

  • Analys vun de Formatiounspraktike vun den Entreprisen, déi en ëffentleche Kofinanzement fir d'Formatioun ufroen
  • Analys vun der Offer am Beräich vun der Weiderbildung zu Lëtzebuerg, opgrond vun enger Ëmfro, déi reegelméisseg bei den agreéierte Formatiounsinstituter duerchgefouert gëtt
  • Beschäftegungsperspektive vun deene Jonken, déi d'initial Beruffsausbildung ofgeschloss hunn, iwwer d'Etüd TEVA, Transition École - Vie Active (Iwwergang vun der Schoul an d'Beruffsliewen)

Bleift informéiert

Formanews abonéieren

Dir wëllt iwwer d'Entwécklung vum Formatiounsmarché um Lafende bleiwen? Dann abonéiert Iech gratis op Formanews, fir reegelméisseg Neiegkeeten an d'Formatiounsofferen zu Lëtzebuerg op Är E-Mail-Adress geschéckt ze kréien.

Méi Informatiounen an Abonnementer

Eis op de soziale Medie suivéieren



lifelong-learning gëtt vum INFPC, dem Nationalen Institut fir d'Entwécklung vun der berufflecher Weiderbildung, entwéckelt a geréiert. Den INFPC ass en Etablissement public ënnert der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Seng Missioun besteet doran, d'liewenslaangt Léiere bei allen Zilgruppen am Beräich vun der Formatioun ze fërderen, egal ob et sech ëm Salariéen, Leit op der Sich no enger Aarbecht, Formatiounsinstituter, Akeefer vu Formatiounen oder Chef d'Entreprisen handelt.

Lescht Aktualiséierung - 22.06.2022
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...