Acteuren am Formatiounsberäich: wie mécht wat?

Lescht Aktualiséierung : 12.10.2023

Allgemenges

Et ginn den Ament verschidde Kategorië vun Acteuren, déi am Beräich vum liewenslaange Léieren zu Lëtzebuerg aktiv sinn.

De Staat spillt am globalen Dispositif vun der Weiderbildung eng ganz aktiv Roll. En intervenéiert besonnesch beim Ausbau vun der Legislatioun an deem Beräich, bei der Kofinanzéierung vun den Entreprisen hirem Investissement a bei der Vereinfachung vun der Verwaltung vum System.

D'Beruffschambere vun den Patronen – Chambre de Commerce, Chambre des Métiers, Chambre de l'Agriculture – an d'Beruffschambere vun de Salariéen – Chambre des Fonctionnaires et Employés publics, Chambre des Salariés – sinn iwwer d'Avisen, déi si erausginn, och un der Gestaltung vun der Politik am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung bedeelegt.

Den INFPC, en Etablissement public ënner der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, huet als Haaptmissioun, d'liewenslaangt Léieren an alle gesellschaftleche Schichten ze fërderen a sämtlech sozioekonomesch Acteure ronderëm dat gemeinsamt Zil vun der Entwécklung vun der Weiderbildung zesummenzeféieren.

Staatlech Servicer a Verwaltungen

Formatiounsberäicher Service oder Verwaltung
Allgemeng Formatiounen

De Service fir d'Erwuessenebildung (Service de la Formation des Adultes) huet follgend Missiounen:

  • d'Formatiounen, déi an Owescoursë fir Erwuessener am Enseignement secondaire ugebuede ginn, an d'Formatioune vum Nationale Sproocheninstitut (Institut National des Langues) ze koordinéieren,
  • e Regime fir Erwuessener ze organiséieren, deen iwwer Owescoursen den Accès zu Diplomer a Certificaten aus dem Dagesunterrecht, mat Ausnam vum Regime professionnel, erméiglecht (z.B. eBac),
  • d'Inhalter vun den allgemenge Coursen an de Beräicher vun der sougenannter Allgemengbildung an dem sozialen Opstig ze organiséieren an ze definéieren,
  • d'Programmer vun den allgemenge Coursen a vun de conventionnéierte Coursë fir Erwuessener ze definéieren
SFA - Service de la formation des adultes
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

+352 247 85100
info@men.lu
www.men.public.lu
Beruffsausbildung

De Service fir d'Beruffsausbildung (Service de la formation professionnelle) huet follgend Missiounen:

  • d'Beruffsausbildung an d'sozialpedagogesch Betreiung vu Chômeuren a Leit op der Sich no enger Aarbecht,
  • den 2. Bildungswee (DAP, CCP),
  • d'Ausbildung fir Erwuessener,
  • d'Organisatioun vun den Ofschlossexame fir d'Gesellen- oder d'Meeschterkaart an Zesummenaarbecht mat de betraffene Beruffschamberen.
SFP - Service de la formation professionnelle
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

+352 247 85239
info@men.public.lu
www.men.public.lu
Formatiounen am Sproocheberäich

Den INLL, deen ënnert der Tutelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend steet, huet follgend Missiounen:

  • Coursen a moderne Sprooche fir Erwuessener ginn, fir:
    • d'Méisproochegkeet ze fërderen,
    • déi sozial Integratioun a Kohäsioun ze vereinfachen,
    • zur Beschäftegungsfäegkeet vun de Persoune bäizedroen,
  • den interkulturellen Austausch iwwer d'Praktizéiere vun de Sproochen, déi ënnerriicht ginn, ze fërderen,
  • Alphabetiséierungscoursen unzebidden.

Als nationale Certificatiounszenter mécht den INLL Follgendes:

  • e certiféiert Lëtzebuergeschkenntnisser fir déi reglementéiert Lëtzebuergeschdiplomer a -certificaten,
  • en organiséiert international Tester an Examen a Friemsproochen.
INLL - Institut National des Langues Luxembourg

+352 26 44 30 1
Kontaktformulaire
www.inll.lu
Beruffsausbildung

Den Nationalen Zentrum fir berufflech Weiderbildung (Centre national de formation professionnelle continue - CNFPC) ass déi privilegiéiert Plaz fir d'Ëmsetzung vun der berufflecher Weiderbildung, déi vum Ministère organiséiert gëtt.

De CNFPC Ettelbréck ass zoustänneg fir:

  • Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun (COIP) fir aarbechtslos Jugendlecher,
  • Coursë fir d'berufflech Weiderbildung an d'berufflech Ëmschoulung,
  • Ausbildungscoursë fir Erwuessener (DAP-CCP-CCM),
  • allgemeng oder spezifesch Formatioune fir d'Besoine vun Entreprisen, Beruffssecteuren oder Associatiounen, op Ufro vum Aarbechtsministère,
  • Owescoursen.
CNFPC - Centre National de Formation Professionnelle Continue
CNFPC Esch-sur-Alzette

+352 55 89 87
secretariat.esch@cnfpc.lu


CNFPC Ettelbruck

+352 81 89 39 1
secretariat.ettelbruck@cnfpc.lu

www.cnfpc.lu
Formatioune fir d'Insertioun an d'Reinsertioun

D'Adem ënnersteet dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft. Si huet vilfälteg Missiounen am Beräich vun der Formatioun:

  • bei der Ëmschoulung oder Neibeschäftegung vun Aarbechter matwierken,
  • d'Formatioun, d'Reeducatioun an d'berufflech Integratioun vun handicapéierten Aarbechter fërderen,
  • d'berufflech Orientatioun vu Jonken an Erwuessenen organiséieren an assuréieren, fir hir Integratioun an d'Beruffsliewen ze erméiglechen,
  • d'Orientatioun, de Placement, d'Reeducatioun, d'berufflech Reinsertioun vun Aarbechter mat ageschränkter Erwerbsfäegkeet assuréieren.
Adem - Agence pour le développement de l'emploi

+352 247 85300
info@Adem.public.lu
www.Adem.public.lu

Gemengen

D'Gemenge spille beim Developpement vun der Weiderbildung vun de Bierger eng ëmmer méi aktiv Roll.

Si bidden op ville Gebidder Formatiounen un:

  • Musek,
  • Éischt Hëllef,
  • Sproochen,
  • Sport,
  • an a villen anere Beräicher.

Zanter e puer Joer entstinn och op eenzele Plazen Initiativen, déi d'Formatiounsoffer vu Gemengeverwaltungen, déi an engem Reseau gruppéiert sinn, zesummendroen.

Dës Initiative konkretiséiere sech, ënner anerem, duerch d'Bereetstelle vun Internetsitte wéi www.landakademie.lu, déi e breede Spektrum u Formatioune fir d'Regioun "Éisleck-Atert" ubitt.

Universitéit Lëtzebuerg

Héichschoulausbildung

D'Haaptziler vun der Universitéit Lëtzebuerg sinn:

  • den Enseignement,
  • d'Fuerschung,
  • d'Vermëttele vu Wëssen op héchstem Niveau.

Et ass méiglech, en Universitéitsdiplom iwwer de Wee vun der Weiderbildung ze kréien.

Formatiounsorganer vun de Beruffschamberen

D'Beruffschambere setze sech staark fir d'berufflech Weiderentwécklung an.

Hir Aktivitéiten am Beräich vun der Formatioun huelen ëmmer méi zou an zanter e puer Joer verfüge si all iwwer déi entspriechend Infrastrukturen.

Formatiounsdomainer Formatiounsorgan
Weiderbildung a Meeschterkaart

D'Chambre des Métiers bitt all Joer e Programm vu Coursen a Seminairen un, déi sech souwuel un d'Dirigeantë vun den Entreprisë wéi och un hir Mataarbechter riichten.

D'Offer ëmfaasst Management- a Gestiounscoursen, déi un d'spezifesch Besoine vu klengen a mëttelgrousse Betriber ugepasst sinn, Virbereedungscoursen op d'Meeschterkaart a speziell technesch Coursen, déi exklusiv den Handwierksbetriber, déi Member vun der Chambre des Métiers sinn, virbehale sinn.

Chambre des Métiers

+352 42 67 67 1
contact@cdm.lu
www.cdm.lu
Beeruffsausbildung an universitaire Formatioun
  • Éischtausbildung – fir e qualitativ héichwäertegen Enseignement

    Um Niveau vun der Éischtausbildung setzt sech d'Chambre de Commerce fir d'Qualitéit vum Enseignement secondaire a besonnesch vun der Beruffsausbildung an. Si proposéiert Programmer fir den Enseignement secondaire général an ass och aktiv an d'Organisatioun vum Apprentissage mat agebonnen, andeem si z.B. déi potenziell betraffe Beruffer festleet, Programmer ausschafft, déi allgemeng Surveillance assuréiert an d'Fonctionnementsmodalitéiten definéiert.

  • Weiderbildung - HoT (House of Training) - eng Weiderbildungsoffer, déi op d'Besoine vun den Entreprisen ofgestëmmt ass

    D'Chambre de Commerce ass Co-Fondatrice vum "House of Training", dem Referenzpartner an der berufflecher Weiderbildung fir d'Lëtzebuerger Ekonomie. D'Offeren am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung vun der LSC an dem IFBL - de respektive Formatiounsinstituter vun der Chambre de Commerce an der Association des Banques et Banquiers Luxembourg - goufen ënner där selwechter Enseigne zesummegeluecht a bidden eng breet Palett u Formatiounen un, déi op d'Besoine vun den Entreprisen, vun de Salariéen a vum Aarbechtsmaart ofgestëmmt sinn.

  • Universitär Formatioun - ISEC (Institut Supérieur de l’Économie) - eng Universitéit fir ugewant Wëssenschaften

    Um Niveau vun der akademescher Formatioun huet d'Chambre de Commerce, niewent hirem Partenariat mat der Universitéit Lëtzebuerg, zesumme mat der Chambre des Métiers d'ISEC-HdW (Institut supérieur de l’Économie – Hochschule der Wirtschaft) an d'Liewe geruff. D'ISEC huet hir Dieren am September 2016 opgemaach, dëst mam Zil, duerch eng "Formation tertiaire professionnalisante" eng vollstänneg Wäertschöpfungsketten an der berufflecher Weiderbildung unzebidden. D’ISEC proposéiert Héichschoulstudien, déi souwuel mat Certificate wéi mat Diplomer ofgeschloss ginn. Am Aklang mat der Nomenclature vu Bologna ginn d'Diplomer um Niveau vum Bachelor oder vum Master ausgestallt. D'Coursë kënnen niewent engem Beruff suivéiert ginn, mä den educativen Dispositif ass op d'Praxis ausgeriicht a gesäit och Stagen an den Entreprisë vir, mat deenen d'Studenten ECTS-Kreditter sammele kënnen.

Chambre de Commerce

+352 42 39 39 1
chamcom@cc.lu
www.cc.lu
Weiderbildung, spezialiséiert Formatiounen an universitär Formatiounen

Den LLLC vun der Chambre des Salariés bitt Owescoursen, Seminairen, spezialiséiert Formatiounen an universitär Formatiounen an Zesummenaarbecht mat lëtzebuergeschen an auslännesche Partner un.

Den LLLC erméiglecht et och all Kandidat, deen eng relevant berufflech an/oder ausserberufflech Erfarung noweise kann, een oder méi Diplomer aus sengem Programm vun Owescoursen ze kréien (Informatik a Bürotechnik, Comptabilitéit a Contrôle de Gestion, Droit, Action commerciale, sozial Kompetenzen, Ekonomie a Gestioun), an dat ouni d'Coursë besichen ze mussen oder Examen ofzeleeën.

LLLC - Luxembourg Lifelong Learning Center

+352 27 49 46 00
formation@lllc.lu
www.lllc.lu

Gewerkschaftlech Acteuren

Formatiounsberäicher Formatiounsinstitut
Formatiounen an de Beräicher Ekonomie an Droit

D'EST ass e Formatiounsinstitut, dee vun engem Verwaltungsrot mat Tripartite-Charakter geleet gëtt an der Tutelle vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a Sozial- a Solidarwirtschaft ënnersteet.

Dëst Institut bitt Coursë fir Salariéen an Independanten un, déi Kenntnisser erwerben, verdéiwen oder upasse wëllen, an dëst besonnesch an de Beräicher Ekonomie, Fiscalitéit, Verfassungsrecht, Aarbechtsrecht, Sozialversécherungsrecht a Kultur.

D'EST kann och mat der Formatioun vun de Personaldelegéierte vu Betriber, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, beoptraagt ginn.

EST - École supérieure du travail

+352 247 86200
+352 247 86202
estinfo@est.etat.lu
est.public.lu

Fuerschungszentren

Den LIH iwwerdréit d'Erkenntnisser, déi aus de Fuerschungsaktivitéite gewonne ginn, am Kader vu qualitativ héichwäertege Stagen. Dës Stagen adresséiere sech u jonk Universitairen, déi hiert akademescht Wësse perfektionéiere wëllen, an u Cadren, déi schonn eng gewësse Beruffserfarung hunn an hir Kenntnisser verdéiwen oder sech nei berufflech Domainer erschléisse wëllen.

Formatiounsdomainer Fuerschungszentren
Research dedicated to life

De Luxembourg Institute of Health (LIH) ass eng ëffentlech Fuerschungsariichtung an der Biomedezin. Seng Fuerscher striewen no Exzellenz a generéiere mat hirer Kreativitéit, hirem Enthusiasmus an hirem Engagement Wëssen iwwer d’Mechanisme vun de Krankheeten. Si droen esou dozou bäi, nei Diagnosmethoden, innovativ Therapien a klinesch Applikatiounen ze entwéckelen, déi en Afloss op d’Gesondheet vun de Bierger zu Lëtzebuerg an an Europa hunn. D’Aktivitéite vum LIH si ronderëm déi follgend Fuerschungstheematike strukturéiert: Onkologie, ustiechend an Immunerkrankungen, Gesondheet vun der Bevëlkerung.

Als Virreider an de biomedezinesche Wëssenschaften ass den LIH staark an d‘Ëmsetzung vun nationalen an internationale Fuerschungsprogrammer am Beräich vun der personaliséierter Medezin agebonnen. E wierkt als Katalysator, fir am Beräich vun der Fuerschung d’Zesummenaarbecht mat Gesondheetsdéngschtleeschter, Spideeler an aneren ëffentlechen a private biomedezineschen Organisatiounen ze fërderen. Fir um wirtschaftlechen a soziale Plang Wäert ze schafen, viséiert en den Transfert vu senge wëssenschaftlechen Entdeckungen an technologeschen Entwécklungen. Als éischten Informatiounsprestataire am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet zu Lëtzebuerg erméiglecht en och der ëffentlecher Hand, Decisiounen op der Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnesser ze huelen a validéiert Donnéeën fir déi un déi international Institutioune weiderzeginn.

Den LIH hëlt eng grouss Zuel vu Stagiairen, Master-Studenten an Doktorande vun der Universitéit Lëtzebuerg oder anere Partner-Universitéiten aus dem Ausland op, genee ewéi Post-doc-Fuerscher, déi sech an engem bestëmmte Fuerschungsberäich spezialiséiere wëllen. Dës jonk Wëssenschaftler, déi um Ufank vun hirer Karriär stinn, profitéiere vun enger moderner Infrastruktur, vu Spëtzentechnologie an engem stimulanten Aarbechtsëmfeld, an deem héichwäerteg Betreiung a Fuerschungsausbildung garantéiert sinn.

Den LIH bitt ënnert dem Numm "Training and Workshops" eng Rei vu Formatiounen un, iwwer déi ee sech wëssenschaftlech an transversal Kenntnesser uneegne kann. Si riichte sech haaptsächlech un Doktoranden an u jonk Fuerscher.

Luxembourg Institute of Health (LIH)

+352 26 970 1
www.lih.lu/page/training

Associatiounen a Fondatiounen

Och privat Associatiounen a Fondatiounen zielen zu den Acteure vun der Weiderbildung.

Eng net vollstänneg Lëscht vun a.s.b.l.en a Fondatioune fënnt een iwwer d'Sichmaschinn vum Portal lifelong-learning.lu an am annuaire des organismes de formation, deen den INFPC erausgëtt.

Fir eng Formatiounsaktivitéit ausüben ze kënnen, muss eng a.s.b.l. oder eng Fondatioun, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, agreéiert sinn.

Méi Informatiounen, fir zu Lëtzebuerg täteg ze sinn.

Sektoriell Formatiounsinstituter

Den Ament sinn eng Rei vu sektoriellen Instituter am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung täteg.

<
Formatiounsdomainer Fuerschungszentren
Bausecteur

D'Haaptzil vum IFSB besteet doran, de System vun de sektorielle Formatioune fir d'Bauwiese fir all Kategorië vu Salariéen anzeféieren. Den IFSB ass eng Initiativ vun der Fédération des entreprises de construction et de génie civil a vum Groupement des entrepreneurs du bâtiment et des travaux publics.

Mat sengem Formatiounszentrum zu Beetebuerg wëll d'Institut sech als Kompetenzzentrum fir nohaltegt Bauen zu Lëtzebuerg positionéieren.

IFSB - Institut de formation sectoriel du bâtiment

+352 26 59 56
contact@ifsb.lu
www.ifsb.lu
Spidolssecteur

De Centre de Formation Professionnelle Continue DeWidong - CFPC DeWidong, gouf vun der Entente des hôpitaux luxembourgeois an de Gewerkschaften OGB-L an LCGB am Kader vum Kollektivvertrag iwwer de Spidolssecteur gegrënnt. Säin Haaptzil ass d'Prospektioun an d'Informatioun iwwer Formatiounsofferen, souwuel am Beräich vun der Weiderbildung wéi och vun de Formatiounen, déi mat engem Certificat ofgeschloss ginn.

E bitt sektoriell Formatiounsprogrammer fir all Kategorië vu Salariée vun den Etablissementer, déi zu der Entente des hôpitaux luxembourgeois gehéieren, un.

CFPC DeWidong

+352 26 54 00 57
widong@widong.lu
www.widong.lu
Ëffentleche Secteur

Dem INAP, deen dem Minister ënnersteet, dee fir d'Fonction publique zoustänneg ass, seng Missioun besteet an éischter Linn doran, d'Beruffsausbildung vum Personal, dat beim Staat, den Etablissements publics vum Staat, de Gemengen, de Gemengesyndikater an den Etablissements publics vun de Gemenge schafft, ze fërderen.

Den INAP huet och den Optrag, d'Kontroll vun de Kenntnisser an den dräi Verwaltungssproochen am Kontext vun der Admissioun vun de Kandidaten, déi beim Staat a bei de Gemenge schaffe wëllen, ze organiséieren, a bitt Servicer am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung fir aner staatlech Institutiounen un.

INAP - Institut national d'administration publique

+352 247 83172
formationcontinue@inap.etat.lu
www.inap.public.lu

Privat Formatiounsinstituter

Bei den Acteure vun der berufflecher Weiderbildung spille privat Instituter eng bedeitend Roll.

Et ka sech dobäi ëm follgend Acteuren handelen:

  • Formatiounsinstituter, déi an esou ënnerschiddleche Beräicher wéi Sproochen, Qualitéit, Ressources humaines, Sécherheet, Gesondheet, Ëmwelt, kaufmännesch a Finanzverwaltung, Droit, Banken/Assurancen, Industriebetriber ... spezialiséiert sinn
  • kommerziell Gesellschaften, déi an deene meeschte Fäll de Verkaf vu gréisstendeels informateschem Material an Ekipement mat der Formatioun vun hire Clientë verbannen.
  • Consulting-Firmaen oder onofhängeg Consultanten, déi meeschtens Formatiounen am Management-Beräich ubidden.

Eng net vollstänneg Lëscht vu Formatiounsinstituter fënnt een iwwer d'Sichmaschinn vum Portal lifelong-learning.lu an am Annuaire des organismes de formation.

Fir eng Formatiounsaktivitéit ausüben ze kënnen, musse privat Formatiounsinstituter, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, agreéiert sinn.

Méi Informationen, fir zu Lëtzebuerg täteg ze sinn.

Entreprisen

D'Entreprisë si ganz wichteg Acteure vun der berufflecher Weiderbildung. D'permanent Entwécklung vun de Kompetenze vun hire Mataarbechter ass fir si e strategeschen Enjeu, dee si mam järleche Formatiounsplang ëmsetzen.

Et ass matzen an de Betriber, wou d'Formatioun hir Sënnhaftegkeet entwéckelt a wou d'Kenntnisser, déi duerch d'Formatioun vermëttelt goufen, sech no an no a Kompetenzen ëmwandelen.

D'Entreprisë sinn iwwerdeems och dee Beräich, an deem d'Legislatioun fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung zur Uwendung kënnt, wëll dës Mesuren de Betriber erlaben, eng finanziell Bäihëllef fir hir Investissementer an d'Formatioun unzefroen.

Kontakt

INFPC

Anne Oswald
Responsable lifelong-learning.lu