Europass - Europäesche Kompetenzepass

Lescht Aktualiséierung : 16.08.2023

Allgemenges

Den Europass ass en Ensembel vun Online-Instrumenter an -Dokumenter, déi Iech hëllefen, Äre liewenslaange schouleschen a beruffleche Parcours ze geréieren. Op der Europass-Plattform kënnt Dir Äre Kompetenzeportfolio uleeën, deen a 35 europäesche Länner unerkannt ass, an Informatiounen iwwer Aarbechtsplazen a Formatiounen a ganz Europa fannen.

Den Europass ass en eenheetlecht Referenzinstrument, dat:

  • de Bierger hëlleft, hir Kompetenzen a Qualifikatioune besser duerzestellen an nozeweisen, sief et fir eng Aarbecht ze fannen oder fir eng Formatioun ze suivéieren;
  • den Employeuren hëlleft, d'Kompetenzen an d'Qualifikatioune vun de Persounen, déi eng Aarbecht sichen, respektiv vun hiren zukünftege Mataarbechter ze verstoen;
  • den zoustännegen Autoritéiten am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung hëlleft, iwwer hir Programminhalter ze kommunizéieren, hir Formatiounsoffer op europäeschem Plang ze valoriséieren an d'Kompetenzen, déi hir Diplomer vermëttelen, ervirzehiewen.

Wat bitt d'Europass-Plattform?

  • Europass-Profil: Heimat kënnt Dir Ären individuelle Bildungsparcours an engem perséinlechen a gesécherten Online-Beräich, deen an 29 Sproochen zougänglech ass, geréieren.
  • Instrument fir d'Gestioun vun Ärer Karriär: D'Funktionalitéite fir d'Sich no Job-Offeren a Bildungsméiglechkeeten erlaben Iech, online ze postuléieren, nodeem Dir Ären Europass-CV kreéiert hutt.
  • Digital Europass-Certificaten: Fir Qualifikatiounen europawäit unerkennen ze loossen, kënnt Dir mat de fälschungssécheren digitale Certificate vun Ären Ofschlëss oder Diplomer Qualifikatiounen, déi Dir an Héichschoulen oder Beruffsbildungsariichtunge krut, noweisen a mat aneren deelen.
  • Autoevaluatioun vun den digitale Kompetenzen: Dësen Outil erlaabt Iech, Ären Niveau am Beräich vun den digitale Kompetenze potenziellen Employeuren oder Déngschtleeschter aus dem Educatiouns- oder Formatiounsberäich ze presentéieren.

Europass-Dokumenter, fir Är Kompetenzen a Qualifikatiounen ze valoriséieren

  • Europass Mobilité ass e personaliséiert Dokument, an deem d'Zäitraim vu Studien, Stagen oder Formatiounen, déi an engem aneren europäesche Land absolvéiert goufen, genee ewéi d'Wëssen an d'Kompetenzen, déi ee sech am Kader vun dëser Mobilitéit ugëeegent huet, präzis beschriwwe ginn.
  • De Supplément au certificat beschreift am Detail d'Léierresultater, d'Kompetenzen an den Know-how, deen d'Titulairë vu Certificate sech am Kader vun der theoreetescher a praktescher Beruffsausbildung ugëeegent hunn.
  • Den Supplément au diplôme stellt d'Ausriichtung vun der Formatioun genee ewéi d'Kompetenzen an d'Wëssen, déi d'Titulairë vun engem Héichschouldiplom sech ugëeegent hunn, duer.

Leet Ären europäesche Kompetenzepass online un

Den Online-Editor guidéiert Iech duerch d'Kreatioun vun Ärem Kompetenzeportfolio:

  • Erstellt Ären Europass-Profil, andeem Dir all Är Erfarungen, Formatiounen a Kompetenzen zesummendrot
  • Späichert all d'Beleger fir Kompetenzen (Diplomer, Attestatioune vu Stagen, Recommandatiounsbréiwer asw.) an Ärer perséinlecher a gesécherter digitaler Bibliothéik
  • Profitéiert vu personaliséierte Suggestioune vun Aarbechtsplazen oder Formatiounen op der Basis vun den Informatiounen aus Ärem Kompetenzeprofil an Interessensgebidder.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Méi doriwwer

Kontakt

ANEFORE - Agence nationale pour le programme européen d’éducation et de formation tout au long de la vie

eduPôle Walferdange
Bâtiment 03 – étage 01
Route de Diekirch
L-7220 Walferdange

https://www.anefore.lu/