D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Europass - Ären europäesche Kompetenzeportfolio

Seng Qualifikatiounen a Kompetenze kloer duerstellen

Den Europass ass e Kompetenzeportfolio, deen a 34 europäesche Länner unerkannt ass a benotzt gëtt. Mat dësem Portfolio ka jiddereen d'Qualifikatiounen a Kompetenzen, déi e sech ugëeegent huet, kloer duerstellen, sief et bei engem Employeur, engem Formatiounsinstitut oder enger Bildungsariichtung an Europa.

EuropassDen Europass ass en eenheetlecht Referenzinstrument, dat:
  • de Bierger hëlleft, hir Kompetenzen a Qualifikatioune besser duerzestellen an nozeweisen, sief et fir eng Aarbecht ze fannen oder fir eng Formatioun ze suivéieren;

  • den Employeuren hëlleft, d'Kompetenzen an d'Qualifikatioune vun de Persounen, déi eng Aarbecht sichen, respektiv vun hiren zukünftege Mataarbechter ze verstoen;

  • den zoustännegen Autoritéiten am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung hëlleft, iwwer hir Programminhalter ze kommunizéieren, hir Formatiounsoffer op europäeschem Plang ze valoriséieren an d'Kompetenzen, déi hir Diplomer vermëttelen, ervirzehiewen.
Den europäesche Kompetenzepass setzt sech aus 5 Dokumenter zesummen, kann donieft awer och aner Zorte vun Dokumenter enthalen, déi nëtzlech schéngen, fir déi Kompetenzen, déi am CV opgefouert sinn, nozeweisen (Diplomer, Stage-Attestatiounen, Recommandatiounsbréiwer…).

Zwee Dokumenter si fräi zougänglech a kënne vun allen europäesche Bierger um Europass-Site online ausgefëllt ginn:
Dräi weider Dokumenter gi vun den zoustännegen Autoritéiten am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung ausgestallt:

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer