Subside, fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren
Privatentreprisen, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, kënnen en Deel vun de Käschten, déi mat Lëtzebuergeschcoursë verbonne sinn, recuperéieren. Selbststänneger kënnen net vun dësem Subside profitéieren.
D'eligibel Käschten ëmfaassen:
- d'Käschte vum Formateur
- d'Käschte vum didaktesche Material
Fir vun de Subsiden, fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, profitéieren ze kënnen, mussen d'Entreprisë sech un en agreéiert Institut adresséieren.
De Montant vun der Subventioun kann net am Viraus festgeluecht ginn, well d'Héicht vun der Zuel vun Entreprisen, déi eng Demande areechen, a vum Gesamtbetrag vun de Käschten ofhänkt.
Demarchen
D'Entreprise muss:
- de Formulaire fir d'Demande eroflueden an ausfëllen, déi gefroten Dokumenter derbäileeën (Kopien vun den Rechnungen mat Beleeg dass se bezuelt sinn, Certificat, deen attestéiert, dass de Projet net op eng aner Manéier staatlech kofinanzéiert gëtt, d'Präsenzlëschten, déi vun de Participanten a vum Formatiounsinstitut ënnerschriwwe goufen)
- den ausgefëllte Formulaire zesumme mat den néidegen Dokumenter virum Enn vum Kalennerjoer per E-Mail oder Post op de Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft schécken.
- D'Entreprise kritt en Accusé de réception, op deem d'Dokumenter, déi eventuell feelen, opgefouert ginn.
- De Formulaire fir d'Demande enthält:
- d'Coordonnéeë vum Demandeur,
- d'Beschreiwung vum Projet,
- eng detailléiert Käschtenopdeelung.