Lescht Aktualiséierung : 01.03.2024

Allgemenges

Fir Jugendaktivitéite verantwortlech Persoune kënnen, egal ob si Salarié, selbstänneg oder Fräiberuffler sinn, Jugendcongé ufroen. Dat ass e bezuelte Spezialcongé vu bis zu 60 Deeg am Laf vun engem Beruffsliewen.

De Jugendcongé erméiglecht Persounen, déi fir Jugendaktivitéite verantwortlech sinn, u Stagen, Studiendeeg oder -wochen a Vakanzecampen oder -kolonien deelzehuelen.

Dës Aktivitéite kënnen zu Lëtzebuerg oder am Ausland stattfannen.

Fir de Jugendcongé kënnen an Usproch ze huelen, mussen d'Salariéen aus dem Privat- oder ëffentleche Secteur:

  • am Normalen op enger Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg beschäftegt sinn,
  • duerch en Aarbechtsvertrag un eng Entreprise oder Associatioun gebonne sinn, déi legal zu Lëtzebuerg etabléiert an aktiv ass,

Independanten a Fräiberuffler mussen zanter mindestens 2 Joer bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert sinn.

Eligibel Aktivitéiten

Formatiounen

  • Vum Minister, dee fir d'Jugend zoustänneg ass, homologéiert Formatioune fir Animateuren
  • International Formatiounen oder Seminairen, déi am Kader vum Programm "Erasmus + / Jeunesse en action" vum Service jeunesse vum Europarot ugebuede ginn
  • International Formatiounen oder Seminairë vun internationalen Organisatiounen, bei deenen national Ariichtungen, déi vum Minister, dee fir d'Jugend zoustänneg ass, agreéiert sinn, Member sinn
  • Formatioune fir Animateuren am Kulturberäich oder fir Sportstrainer, wa si op den Encadrement vu Jugendlecher ausgeriicht a vun enger mam Kulturministère oder Sportministère konventionéierter oder vun hinnen agreéierter Ariichtung unerkannt sinn

Aktivitéiten am Educatiounsberäich

  • Vakanzekolonien, Campen oder aner Fräizäitaktivitéiten
  • International Concoursen, d'Virbereedung op dës Concoursen abegraff
  • Museksstagen, Orchestertournéeën
  • Stagen am kreative Beräich
  • Sportlech Evenementer, Trainingscampen, Tournoien

souwäit si sech u Jugendlecher adresséieren an organiséiert gi vun:

  • enger vum Minister, dee fir d'Jugend, d'Educatioun, d'Kultur, de Sport oder d'Famill zu Lëtzebuerg zoustänneg ass, agreéierter oder konventionéierter Ariichtung
  • enger Gruppéierung, déi Member ass vun enger Federatioun, déi vum Minister, dee fir d'Jugend, d'Educatioun, d'Kultur, de Sport oder d'Famill zu Lëtzebuerg zoustänneg ass, unerkannt ass
  • engem ëffentleche Service, enger Grondschoul oder engem Lycée zu Lëtzebuerg
  • engem Gemengeservice zu Lëtzebuerg

Demarchen

D'Demande fir Jugendcongé muss 1 Mount virum Ufank vum ugefrote Congé beim Service national de la Jeunesse agoen.

De Salarié muss dofir:

  • de Formulaire eroflueden, den Deel, deen hie betrëfft, ausfëllen an, wann dat zoutrëfft, d'Kopie vum Certificat vun der Formatioun am Beräich vun der Jugendaarbecht derbäileeën,
  • sengem Employeur säin Avis iwwer seng Demande kréien,
  • de Formulaire un den Organisateur vun der betraffener Formatioun oder Aktivitéit schécken. Dësen Organisateur (Associatioun oder Federatioun) certifiéiert mat senger Ënnerschrëft d'Participatioun vum Demandeur an hänkt de Programm un d'Demande,
  • de Formulaire un de Service national de la Jeunesse schécken.

De Salarié an den Employeur gi per Post iwwer d'Zuel vun de Congésdeeg, déi accordéiert ginn, informéiert. No der Formatioun/Aktivitéit muss de Salarié de Participatiounscertificat resp. d'Participatiounscertificate bei sengem Employeur ofginn.

Den Employeur muss:

  • en Avis iwwer d'Demande vu sengem Salarié ofginn,
  • de Remboursementsformulaire eroflueden an ausfëllen, déi gefroten Dokumenter derbäileeën,
  • den ausgefëllte Formulaire mat de gefroten Dokumenter un de Service national de la jeunesse schécken.

Fir Independanten a Fräiberuffler gëllt déi selwecht Demarche. De Paiziedel muss ersat ginn duerch e Certificat de revenus fir dat lescht Geschäftsjoer (vum 01.01. bis den 31.12.), dee si beim Centre Commun de la Sécurité Sociale ufroe kënnen.

Negativen Avis vum Employeur

De Congé ka reportéiert ginn, wann dat congésbedéngt Feele riskéiert, gréisser negativ Auswierkungen op de Betrib oder op d'harmonesch Organisatioun vum bezuelte Jorescongé vum Personal ze hunn.

Zuel vun Deeg an Dauer

Bestëmmung vun der Zuel vu Congésdeeg

  • Fir d'Titulairë vun engem Brevet d’aide-animateur oder Brevet d’animateur (oder enger equivalenter Qualifikatioun*) entspriechen d'Deeg vum Jugendcongé, deen accordéiert gëtt, der Dauer vun der Formatioun/Aktivitéit.
  • Fir d'Persounen, déi dës Krittären net erfëllen an eng Formatioun fir d'Organisatioun an den Encadrement vu Formatiounsstagen oder Educatiounsaktivitéite fir Jugendlecher matmaache wëllen, kënnen nëmmen 2/3 vun der Zuel vun Deeg, déi an d'Jugendaarbecht investéiert goufen, vun engem Jugendcongé ofgedeckt ginn.

Brochdeeler vu berücksichtegten Deeg ginn op déi nächst ganz Zuel opgerënnt.

* Breveten, déi als equivalent zum Brevet d’(aide)-animateur gëllen

  • Spezifesch Formatiounen:
    • Animateur Sport a Fräizäit
    • Trainer mat enger spezifescher Formatioun fir Jugendtraining
  • Berufflech Ausbildung am Educatiounsberäich:
    • Educateur/-trice gradué(e), Educateur/-trice diplômé(e)
    • Schoulmeeschter/Léierin, Professer
    • Pädagog
  • Am Ausland unerkannt Breveten:
    • Bafa (F)
    • Juleika (D)

Dauer

  • D'Héchstdauer vum Jugendcongé läit bei 60 Deeg fir all Beneficiaire am Laf vu sengem Beruffsliewen.
  • Iwwer en Zäitraum vun 2 Joer kënne maximal 20 Deeg Jugendcongé accordéiert ginn.
  • Dëse Congé kann a Periode vu mindestens zwee Deeg opgedeelt ginn, et sief dann, et handelt sech ëm eng fortlafend Rei vu Coursen, déi all nëmme jeeweils een Dag daueren.

Fir Salariéen, déi Deelzäit schaffen, ginn d'Deeg vum Jugendcongé proportionell zu hirer Aarbechtszäit berechent.

De Jugendcongé kann net un de gesetzleche Jorescongé oder un eng Absence wéinst Krankheet drugehaange ginn, wann doduerch eng onënnerbrachen Absence vu méi ewéi 3 Wochen entsteet.

Während der Dauer vum Jugendcongé bleiwen d'gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung an dem Aarbechtsschutz bestoen.

Ausgläichsindemnitéit

Fir de Salarié gëtt all Dag Congé, deen accordéiert gëtt, Usproch op eng Ausgläichsindemnitéit, déi dem duerchschnëttlechen Dagesverdéngscht entsprécht, deen den Employeur bezilt. Den Employeur streckt d'Indemnitéit vir a gëtt vum Staat an Héicht vun der Indemnitéit an der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg rembourséiert.

Fir den Independant an de Fräiberuffler gëtt d'Indemnitéit, déi vum Staat bezuelt gëtt, op der Basis vum Revenu festgeluecht, deen am leschte Geschäftsjoer als Bemiessungsgrondlag fir d'Renteversécherung gegollt huet.

D'Ausgläichsindemnitéit kann net méi héich si wéi de véierfache Mindestloun fir onqualifizéiert Salariéen (10.283,72€ / Index 944,43 den 1. Januar 2024).

Kontakt

SNJ - Service national de la Jeunesse

33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.snj.public.lu
Secrétariat général
+352 247 86465
secretariat@snj.lu