Formatiounscongé fir Personalvertrieder
Personalvertrieder, déi hir wirtschaftlech, sozial an technesch Kenntnisser am Kader vun hirer Roll als Vertrieder vun de Salariéë verbessere wëllen, kënne vun engem Formatiounscongé ouni Abouss vun hirem Salaire profitéieren.
De Programm vun de Formatiounen, déi am Kader vun dësem Congé ugebuede ginn, gëtt all Joer gemeinsam vun de patronale Beruffsorganisatiounen, de Gewerkschaften, déi um nationale Plang am representatiivste sinn, an der Héichschoul fir Aarbecht (Ecole supérieure du Travail - EST) ausgeschafft.
01 Detailer
De Formatiounscongé kann ugefrot gi vun:
- de Personalvertrieder, déi Titulaire vun hirem Mandat sinn,
- de Personalvertrieder, déi Suppleant vun hirem Mandat sinn, fir d'Hallschent vun de Stonnen, déi fir d'Titulairë virgesi sinn,
- de Sécherheets- a Gesondheetsdelegéierte fir Weiderbildungscoursen am Beräich Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz,
- de Gläichberechtegungsdelegéierte fir Weiderbildungscoursen am wirtschaftlechen, juristeschen, sozialen a psychologesche Beräich, déi fir d'Erfëllung vu senger Missioun nëtzlech sinn.
De Formatiounscongé gëtt wärend den normalen Aarbechtsstonne geholl a kann opgedeelt ginn.
De Formatiounscongé gëllt als effektiv Schaffzäit, an deementspriechend:
- kann en net vum Jorescongé ofgezu ginn,
- muss e berücksichtegt gi bei der Berechnung vum Jorescongé,
- gëtt en ouni Abouss vum Salaire geholl.
Während der Dauer vu sengem Formatiounscongé gelaangt de Salarié weider an de Genoss vun de Bestëmmungen a puncto Aarbechtsschutz a Sécurité sociale.
02 Dauer
D'Dauer vum Formatiounscongé hänkt of vun:
- der Mataarbechterzuel vun der Entreprise,
- dem Typ vu Mandat,
- der Tatsaach, ob et sech ëm en 1. Mandat handelt oder net.
Méi gewuer ginn iwwer de Contingent fir d'Stonnenzuel vum Formatiounscongé
03 Demarche
De Vertrieder muss déi follgend Etappen anhalen:
- d'Formatioun vu sengem Choix um Site vun der ESTauswielen
- sech online iwwer MyGuichet.lu umellen (Demarche ouni Authentifikatioun),
- de Beleg "Accord signé par l’employeur" eroflueden, ënnerschreiwen a vum Patron ënnerschreiwe loossen
Fir all Aschreiwung an eng Formatioun muss eng separat Demarche ënnerholl ginn.
Wann d'Zuel vun de Mataarbechter an der Entreprise ënner 150 läit, iwwergëtt d'EST dem Participant eng Remboursementserklärung fir den Employeur.
Den Employeur schéckt dësen ausgefëllten an (vum Employeur a vum Personalvertrieder, deen un der Formatioun deelgeholl huet) ënnerschriwwene Formulaire un d'EST.
De Remboursement bezitt sech op déi global Sozialversécherungsbäiträg (Bruttoremuneratioun + Cotisatioune vum Patron).
Méi Informatiounen