Erasmus+

Ännert Liewen, erweidert den Horizont
Lescht Aktualiséierung : 26.02.2024

Allgemenges

De Programm 2021-2027 setzt e staarken Akzent op d'sozial Inklusioun, den ekologeschen an digitale Wandel an d'Fërderung vun der Bedeelegung vun deene Jonken um demokratesche Liewen.

Akzeptéiert wgl. d'Marketing-Cookies, fir dëse Video ze kucken.

Erasmus+ ass prioritär ausgeriicht op d'finanziell Ënnerstëtzung:

  • vun der Mobilitéit an den Aktivitéite vun Apprenanten (Schüler, Studenten, jonk an erwuessen Apprenanten),
  • vun der Mobilitéit an de Kooperatiounsaktioune vum Personal aus de Beräicher Educatioun, Formatioun, Jugend a Sport, déi d'Roll vun engem Prescripteur bei de jonken an erwuessenen Apprenante spillen.

Privatpersounen ass et net erlaabt, eng individuell Kandidatur fir de Programm Erasmus+ anzereechen. Eng Ausnam gëllt fir Kandidaturen, déi am Numm vun engem Grupp vu Jonker mat Aktivitéiten an der sozio-edukativer Animatioun agereecht ginn. Am Hibléck op eng institutionell Demarche musse si hir Organisatioun an de Projet Erasmus+ mat abezéien. Den Accord fir de Projet gëtt dann der Organisatioun erdeelt, a si kritt och deen accordéierte Co-Finanzement.

Haaptaktiounen

De Programm Erasmus+ besteet aus 3 groussen Haaptaktiounen.

1. Haaptaktioun - Mobilitéit vun Eenzelpersoune fir Léierzwecker

D'Mobilitéitsofferen an de Beräicher Schoulbildung, berufflech Bildung an Ausbildung, Héichschoulbildung, Erwuessenen- a Jugendbildung zielen zu den zentralen Aktivitéite vum Programm Erasmus+.

Onofhängeg vun Alter a Bildungsniveau kréien d'Leit hei d'Méiglechkeet, sech aktiv um Aarbechtsmaart an un der Gesellschaft ze bedeelegen an zu der sozialer Inklusioun an der Entwécklung vun enger europäescher Identitéit bäizedroen.

Betraff sinn:

  • Schüler, déi am Kader vun der Schoulbildung un enger Eenzel- oder Gruppemobilitéit an d'Ausland interesséiert sinn
  • Léierjongen a -meedercher, Apprenanten a jonk Diploméierter an der berufflecher Ausbildung, fir Stagen an Entreprisen oder Beruffsinstituter an Europa an op internationalem Niveau ze maachen, wärend engem gewëssen Zäitraum ze studéieren oder u Beruffsconcoursen deelzehuelen
  • Studenten, Doktoranden a jonk Diploméierter aus dem Enseignement supérieur, fir wärend engem gewëssen Zäitraum an Europa oder op internationalem Niveau ze studéieren oder e Stage ze maachen oder un intensiven hybride Programmer deelzehuelen1
  • erwuessen Apprenanten, déi vu perséinlechen Entwécklungsméiglechkeete profitéiere wëllen oder hir Grondkompetenzen duerch individuell oder Gruppemobilitéit verbessere wëllen
  • jonk Leit, déi un engem "Jugendaustausch" an un "Aktivitéite fir d'Jugendbedeelegung" deelhuele wëllen
  • Persounen, déi an de Beräicher Educatioun, Formatioun a Jugend schaffen, fir Enseignements- oder Formatiounsmissiounen an Aktivitéiten am Kader vun der Formatioun vum Personal duerchzeféieren, genee ewéi Membere vum Personal aus den Héichschoulinstituter, déi drun interesséiert sinn, un intensiven hybride Programmer deelzehuelen.

    Enseignanten an Educateuren, déi an der Ausbildung sinn, kënnen hire Stage am Ausland absolvéieren.
    Ausserdeem kënnen Organisatiounen, déi an de Beräicher Educatioun a Formatioun aktiv sinn, Experten alueden, fir hir Unterrechts- a Léiermethode weiderzëentwéckelen.

1 - Intensiv hybrid Programmer verbannen eng méi kuerz Aktivitéit vu physescher Mobilitéit mat enger virtueller Komponent. Den Zäitraum vun der physescher Mobilitéit kann tëschent 5 an 30 Deeg laang sinn a muss sech ëm eng obligatoresch virtuell Komponent verduebelen, déi de kollaborativen Online-Apprentissage duerch den Austausch a Gruppenaarbecht erliichtert. Eng hybrid Mobilitéitsaktivitéit zu Léierzwecker muss et erlaben, op d'mannst 3 ECTS-Kreditter ze kréien.

Haaptaktioun 2 - Zesummenaarbecht tëschent Organisatiounen an Institutiounen

D'Partenariater fir d'Fërderung vun der Kooperatioun entspriechen dem Besoin un innovative Praktiken an un Zesummenaarbecht an Erfarungsaustausch op europäeschem Plang. Si si méiglech fir all Zorte vun Organisatiounen, déi am Beräich vun der Educatioun, der Formatioun, der sozio-edukativer Animatioun an an anere sozio-ekonomesche Secteuren aktiv sinn.

Ofhängeg vun den Objektiver an der Zesummesetzung vum Partenariat gëtt tëschent 2 verschiddenen Zorte vu Partenariat ënnerscheet:

  • D'Kooperatiounspartenariater
    • sinn drop ausgeriicht, Initiativen aus engem oder e puer Beräicher vun der Educatioun, der Formatioun an der Jugend ze entwéckelen
    • kënnen tëschent 12 a 36 Méint daueren
    • mussen op d'mannst 3 Partner aus 3 verschiddene Länner implizéieren
    • kënne vun enger europäescher Subventioun an Héicht vun 120.000€, 250.000€ oder 400.000€ pro Projet profitéieren
  • D'Partenariater am klenge Moossstaf
    • sinn drop ausgeriicht, Initiativen aus engem oder e puer Beräicher vun der Educatioun, der Formatioun an der Jugend ze entwéckelen
    • kënnen tëschent 6 a 24 Méint daueren
    • mussen op d'mannst 2 Partner aus 2 verschiddene Länner implizéieren
    • kënne vun enger europäescher Subventioun an Héicht vun 30.000€ oder 60.000€ profitéieren

3. Haaptaktioun - Ënnerstëtzung vun der Politikentwécklung a vun der Kooperatioun

Déi 3. Haaptaktioun gëtt direkt vun der Europäescher Kommissioun geréiert.

Dës Haaptaktioun ënnerstëtzt:

  • d'Aktioun "Déi jonk Europäer zesummen", déi sech un d'Jugendorganisatiounen riicht, déi grenziwwerschreidend Partenariater fir d'Fërderung vu regionale Partenariater an enker Zesummenaarbecht mat de Jonken aus ganz Europa opbaue wëllen

Déi 3. Haaptaktivitéit ënnerstëtzt ausserdeem d'Jean Monnet-Aktiounen "Enseignement a Fuerschung" a "Jean Monnet-Netzwierker" an der Héichschoulbildung, genee ewéi "Formatioun vun den Enseignanten", den "Apprentissage vun den EU-Initiativen" an d'"Jean Monnet-Netzwierker" an den anere Beräicher vun der Educatioun an der Formatioun. All dës Aktioune fërderen d'Verbreedung vum Wëssen iwwer d'Integratiounsfroe vun der Europäescher Unioun.

Kontakt

ANEFORE - Agence nationale pour le programme européen d’éducation et de formation tout au long de la vie

eduPôle Walferdange
Bâtiment 03 – étage 01
Route de Diekirch
L-7220 Walferdange

https://www.anefore.lu