Onbezuelte Formatiounscongé

Lescht Aktualiséierung : 26.02.2024

Eligibel Formatiounen

D'Salariéen aus dem Privatsecteur, déi méi wéi 2 Joer Anciennetéit bei hirem Employeur hunn, kënnen, onofhängeg vum Typ vun hirem Aarbechtsvertrag, onbezuelte Congé fir d'Weiderbildung ufroen.

Déi eligibel Formatioune kënnen zu Lëtzebuerg oder am Ausland ugebuede gi vun:

  • Institutiounen, déi de Statut vun enger ëffentlecher oder privater Schoul hunn, déi vun de staatlechen Autoritéiten unerkannt sinn a Certificaten ausstellen, déi vun deene selwechten Autoritéiten unerkannt sinn,
  • Beruffschamberen,
  • Gemengen,
  • Fondatiounen, natierleche Persounen a privaten Associatiounen, déi fir dësen Zweck vum zoustännege Minister agreéiert sinn,
  • Ministèren, Verwaltungen an ëffentlechen Etablissementer,
  • private Formatiounsinstituter, déi zu Lëtzebuerg oder an engem EU-Memberstaat agreéiert sinn,
  • Entreprisen, déi Material a Servicer liwweren, déi den technologeschen Fortschrëtt fërderen, an déi Formatiounen am Zesummenhang mat dësem Material ofhalen,
  • Prestatairen, déi en Agrement vum Gesondheetsministère hunn.

Demarche

De Salarié muss seng Demande per ageschriwwene Bréif mat Accusé de réception areechen oder dëse Bréif perséinlech ofginn an eng Empfangsbestätegung kréien.

D'Demande muss Informatiounen enthalen iwwer:

  • den Typ vu Formatioun,
  • d'Dauer vun der Formatioun,
  • d'Formatiounsinstitut,
  • d'Congésperiod(en), déi ugefrot gëtt(ginn), an d'Mentioun, datt d'Demande als ugeholl gëllt, wann den Employeur net bannent 30 Deeg äntwert.

D'Persoun, déi de Congé ufreet, muss e Preavis anhale vun:

  • 2 Méint fir e Congé, dee manner wéi 3 Méint dauert,
  • 4 Méint fir e Congé, deen 3 Méint a méi dauert

Op Ufro vum Employeur muss de Salarié e Certificat virleeën, aus deem ervirgeet, datt hien un der Formatioun, fir déi hien onbezuelte Congé krut, deelgeholl huet.

Avis vum Employeur

Den Employeur muss bannent 30 Deeg schrëftlech mat engem Accusé de réception äntweren.

D'Demande fir onbezuelte Congé ze kréie kann:

  • vum Employeur akzeptéiert ginn. Op seng Ufro hi muss de Salarié e Certificat virleeën, aus deem ervirgeet, datt hien un der Formatioun, fir déi hien onbezuelte Congé krut, deelgeholl huet
  • vum Employeur refuséiert ginn, wann et sech beim Employé ëm e Cadre supérieur handelt oder wann d'Entreprise reegelméisseg manner ewéi 15 Salariéë beschäftegt
  • vum Employeur reportéiert ginn, woubäi deen Zäitraum net méi laang däerf sinn ewéi:
    • 1 Joer, wann d'Dauer vum Congé, deen ugefrot gouf, bei 3 Méint oder manner läit;
    • 2 Joer, wann d'Dauer vum Congé, deen ugefrot gouf, iwwer 3 Méint läit.

Esou e Report ass méiglech:

  • wann e groussen Deel vun de Salariéen aus engem Departement während der Congésperiod, déi ugefrot gouf, iwwer méi e laangen Zäitraum net do ass, an d'Aarbechtsorganisatioun aus deem Grond staark gestéiert géif ginn,
  • wann d'Ersetze vum Kandidat wéinst der Spezifizitéit vu senger Aarbecht oder wéinst feelender Main d'oeuvre am betraffene Secteur/Beruff net wärend der Preaviszäit kann organiséiert ginn,
  • wann et sech ëm eng saisonal Aarbecht handelt an de Congé, deen ugefrot gëtt, an eng Saisonsperiod fält.

Multipel Demanden

Wann an engem Departement oder enger Entreprise méi Congésdemanden agereecht ginn an et net méiglech ass, se alleguer unzehuelen, da kritt deejéinegen Employé mat der héchster Anciennetéit an der Entreprise d'Prioritéit, wa keen Accord tëschent de betraffenen Employéë konnt fonnt ginn oder e Report net méiglech war.

Dauer

  • D'Héchstdauer vun engem Congé läit bei 6 Méint ouni Ënnerbriechung.
  • D'Mindestdauer vun engem Congé läit bei 4 Wochen ouni Ënnerbriechung.
  • Déi kumuléiert Héchstdauer vun de Congésperiode läit bei 2 Joer pro Employeur.

D'Dauer vum Congé gëtt ëmmer a ganze Wochen oder Méint ausgedréckt a muss proportionell zu der Dauer vun der Formatioun sinn.

Wärend der Dauer vum Congé gëtt den Aarbechtsvertrag ausgesat. Et handelt sech ëm eng zäitweileg Ënnerbriechung vun de Wierkunge vum Vertrag, ouni datt dësen opgeléist gëtt. De Salarié muss dofir suergen, sech fir d'Dauer vum onbezuelte Congé fräiwëlleg ze versécheren (z.B. Krankeversécherung, Pensiounsversécherung)

Den Employeur ass verflicht, d'Aarbechtsplaz vum Salarié, deen am Congé ass, bäizebehalen an him all Avantagen, déi hie virum Congé hat, no sengem Retour zeréckzeginn. Wann dat net méiglech ass, muss de Salarié eng vergläichbar Beschäftegung, déi senge Qualifikatiounen entsprécht an op d'mannst equivalent bezuelt gëtt, kréien a seng fréier Avantagë behalen.

Ënnerbriechung

D'Akzeptatioun vun der Demande, fir onbezuelte Congé fir d'Weiderbildung ze kréien, gëllt als onwidderrufflechen Accord, souwuel fir de Salarié wéi och fir den Employeur.

An engem Cas de force majeure kann den Accord vum Employeur oder d'Engagement vum Salarié ënner gewësse Bedéngungen annuléiert ginn:

  • wann dës Annulatioun vum Salarié ausgeet, muss den Employeur säin Accord ginn. Eng Annulatioun ass awer net méiglech, wann den Employeur eng Persoun mat engem Contrat à durée déterminée agestallt huet, fir de Salarié ze ersetzen,
  • wann dës Annulatioun vum Employeur ausgeet, muss hien dem Salarié d'Käschten, déi hie fir seng Formatioun bezuelt huet an net recuperéiere kann, rembourséieren.

Krankheet vum Salarié

Krankheet während dem onbezuelte Congé gëtt kee Recht op e Report vum verbleiwenden accordéierte Congé.

Wann d'Krankheet sech iwwer méi wéi 25% vun der Congésperiod erstreckt oder bei engem Cas de force majeure, deen et onméiglech mécht, ganz oder deelweis un der Formatioun deelzehuelen, kann de Salarié d'Ofbrieche vu sengem Congé ufroen.

Den Employeur hëlt dës Demande un, et sief dann, et wier aus wichtege Grënn vun der betriblecher Organisatioun hier net méiglech, de Salarié virum Enn vum accordéierte Congé nees ze integréieren.

Kontakt

Chambre de commerce: +352 42 39 39 1
Chambre des métiers: +352 42 67 67 1
Chambre d'agriculture: +352 31 38 76 1
Chambre des salariés: +352 2749 4200
LCGB: +352 49 94 24 1
OGB-L: +352 26 54 37 77