Sproochecongé
Salariéen, Selbststänneger a Fräiberuffler kënnen e Sproochecongé ufroen, d. h. e bezuelte Spezialcongé vu bis zu 200 Deeg am Laf vun engem Beruffsliewen, fir Lëtzebuergesch ze léieren oder seng Lëtzebuergeschkenntnesser ze verdéiwen an esou d'Integratioun an d'Gesellschaft ze erliichteren.
01 Detailer
Fir de Sproochecongé kënnen an Usproch ze huelen, mussen d'Salariéen, onofhängeg vun hirer Nationalitéit:
- am Normalen op enger Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg beschäftegt sinn,
- op d'mannst 6 Méint am Joer duerch en Aarbechtsvertrag un deeselwechten Employeur, dee legal zu Lëtzebuerg etabléiert ass, gebonne sinn.
Selbststänneger a Fräiberuffler mussen zënter mindestens 6 Méint bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert sinn.
Dëse Congé gëllt och fir auslännesch Salariéen, déi d'lëtzebuergesch Nationalitéit kréie wëllen an dofir déi am Nationalitéitegesetz virgeschriwwe Sproochecertificate brauchen.
02 Beispiller
D'Mercedes, eng selbststänneg Doktesch, wëll Lëtzebuergeschcoursë maachen
D'Mercedes, 45 Joer, schafft zënter 6 Méint an engem Centre médical als selbststänneg Doktesch. Si ass Spuenierin a wëll sech bei engem staatlechen Institut an Intensivcoursen aschreiwen, fir hir Lëtzebuergeschkenntnesser ze verdéiwen.
Eng Kollegin informéiert si iwwer d'Existenz vum Sproochecongé, mat deem hir bis zu 200 Stonne bezuelte Spezialcongé zoustinn. D'Mercedes hat bis elo gemengt, et kéinten nëmme Salariéë vun deem Congé profitéieren, a freet sech iwwer déi Noriicht. Si reecht direkt hir Demande iwwer den Online-Formulaire an.
Den Donald wunnt zu Lëtzebuerg a wëll d'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien
Den Donald, en 39 Joer alen Amerikaner, schafft zënter 10 Joer an enger amerikanescher Firma zu Lëtzebuerg. Well hien och zu Lëtzebuerg wunnt, wëll hien d'lëtzebuergesch Nationalitéit unhuelen.
Hie muss dofir, ënner anerem, eng mëndlech Prüfung am Lëtzebuergeschen ofleeën. Hien huet zwar säit hien zu Lëtzebuerg lieft, ni Lëtzebuergesch schwätze geléiert, weess awer, dass hien Usproch op Sproochecongé huet.
Säi Patron ënnerstëtzt hie bei senger Demarche an akzeptéiert seng Demande. Nodeems hie säin Exame gepackt huet, freet hie beim Justizministère de Remboursement vun den Aschreiwungskäschte fir déi mëndlech Prüfung un.
03 Eligibel Formatiounen
Déi eligibel Formatiounen am Lëtzebuergesche kënnen zu Lëtzebuerg oder am Ausland ugebuede gi vun:
- Institutiounen, déi de Statut vun enger ëffentlecher oder privater Schoul hunn, déi vun de staatlechen Autoritéiten unerkannt sinn a Certificaten ausstellen, déi vun deene selwechten Autoritéiten unerkannt sinn,
- Beruffschamberen,
- Gemengen,
- Associatiounen a privat Persounen, déi fir dësen Zweck vum Minister deen fir d'Beruffsausbildung zoustänneg ass, agreéiert sinn.
Si musse während der normaler Aarbechtszäit stattfannen.
Iwwer aner gesetzlech Bestëmmunge finanzéiert Formatioune sinn net eligibel.
04 Demarchen
D'Demandë fir de Sproochecongé musse beim Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft agereecht ginn. D'Salariéë mussen obligatoresch den Avis vun hirem Patron derbäileeën. D'Demandë musse virum Ufank vun de Coursen agereecht ginn.
Dauer
All Beneficiaire huet am Laf vu sengem Beruffsliewen Usproch op maximal 200 Stonne Sproochecongé, déi obligatoresch an zwou Tranchë vu jeeweils 80 bis 120 Stonnen opgedeelt ginn.
De Congé kann opgespléckt ginn. D'Mindestdauer läit bei enger hallwer Stonn pro Dag.
Nëmme wann déi éischt Tranche mat engem Diplom oder anere Réussite- oder Participatiounscertificat ofgeschloss gouf, kann déi 2. Tranche ugefaange ginn.
Fir Salariéen, déi Deelzäit schaffen, ginn d'Stonne vum Sproochecongé proportionell zu hirer Aarbechtszäit berechent.
Während der Dauer vum Sproochecongé bleiwen d'gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung an dem Aarbechtsschutz bestoen.
Demarchen
Fir jiddereng vun deenen zwou Tranchë muss déi selwecht Demarche ënnerholl ginn.
De Salarié muss:
- de Formulaire vun der Demande eroflueden an ausfëllen,
- sengem Employeur säin Avis iwwer seng Demande kréien,
- den ausgefëllte Formulaire an déi gefroten Dokumenter (Aarbechtsvertrag, Inscriptiouns-Certificat, Certificat vun der Affiliatioun bei der Sozialversécherung, Zäitplang an Dauer vun de Coursen…) un de Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft schécken.
De Salarié gëtt per Post iwwer d'Zuel vun den accordéierte Congésstonnen informéiert. No der Formatioun muss hien d'Participatiouns-Certificate bei sengem Employeur ofginn.
Den Employeur muss:
Fir Selbststänneger a Fräiberuffler gëllt déi selwecht Demarche, mat Ausnam vum Formulaire an de gefroten Dokumenter.
Avis vum Employeur
De Congé kann:
05 Ausgläichsindemnitéit
Fir de Salarié gëtt all accordéiert Congésstonn Usproch op eng Ausgläichsindemnitéit, déi dem duerchschnëttleche Stonneverdéngscht entsprécht, deen den Employeur bezilt. Den Employeur streckt d'Indemnitéit vir a gëtt vum Staat an Héicht vu 50% vun der Indemnitéit an der Part patronale vun de Sozialversécherungsbeiträg rembourséiert.
Fir Selbststänneger a Fräiberuffler gëtt d'Indemnitéit, déi vum Staat bezuelt gëtt, zu 50% vum Referenzbetrag rembourséiert, deen op der Basis vun deem Montant, deen am leschte Geschäftsjoer als Bemiessungsgrondlag fir d'Renteversécherung gegollt huet, festgeluecht gëtt.
D'Ausgläichsindemnitéit kann net méi héich si wéi de véierfache Mindestloun pro Stonn fir onqualifizéiert Salariéen (53,4884€ / Index 877,01 den 1. Abrëll 2022).