Stressfräi liewen, méi aus sech man

Betribsiwwergräifend a betribsintern Formatioun

U wie riicht sech d'Formatioun?

All Persoun déi un dësen Themen intresséiert as.

Erreechten Niveau

Ufänger

Dauer

1,50 Stonn(en)

Sprooch(e) vun der Déngschtleeschtung

DE EN FR LU

Nächst Sessioun

Virkenntnisser

Keng Virkenntnisser erfuerdert

Ziler

Eisen Training "Stressfräi liewen, méi aus sech man"

  • Gëtt Iech eng effektiv Léisung géint Angscht, Stress a Burnout, an hëlleft hir negativ Konsequenzen verhënneren
  • Restauréiert Selbstvertrauen, Wuelbefannen, Vitalitéit an Zefriddenheet am Privat- an Beruffsliewen
  • Stimuléiert Kreativitéit an Motivatioun
  • Stärkt a schützt d'ënnert Gläichgewiicht, an dat tëschent Privat- a Beruffsliewen
  • Verbessert d'Gehirfunktioun an erhéicht Kloerheet am Denken an verhëlleft zu besseren Entscheedungen

Dës Ziler erfëllen t'Erwaardungen vun deenen Beruffer, déi dem Stress am meeschten ausgesat sin, wéi z. B. an der Gesondheet an am sozialen Bereich, an den Betriiber, an der Bildung - Enseignanten, Schüler, Elteren -, Schutz a Sécherheet, inklusiv Polizei a Militär. Eisen Training hëlleft jidferengem, deen seng Perséinlechkeet, seng Stabilitéit, seng emotional Intelligenz oder sein Ëmgang mat den Erausfuerderungen vum LIewen wëll verbesseren. Oder wien einfach seng Kréativitéit, am Beruff, am Studium a Léieren, an der Konscht, am Sport oder an all aner Aktivitéit. wëllt stimuléieren.

Inhalt

  • Verstitt den destabiliséierenden Mechanismus vum negativen Stress an seng schiedegend Effekter
  • Esou ënnerscheed Dir verschidden Approchen fir den Stress ze kontrolléieren
  • Wéi Dir séier, zouverlässeg an ouni Ustrengung dauerhaft Resultater erreecht
  • Am Häerz vun eisem Training: d'Technik vun der Transzendentaler Meditatioun:
    • Hir Eenzegartegkeet, wéi si fonktionéiert, an wëssenschaftlech nogewisen Resultater
  • Wéi erhâlt a flegt Dir déi fënnef Sailen vu Gesondheet an Erfolleg am Liewen, individuell an gesellschaftlech:
    • Wuelbefannen an perséinlech Entwécklung
    • Gesondheet an Präventioun vu Krankheeten
    • D'Qualitéit vu mënschleche Bezéiungen
    • Gehir-Kohärenz verstäerken
    • Nei a gepréiften Erkenntnisser fir gesellschaftlech Stabilitéit, Sécherheet a Fridden notzen
  • Esou léiert Dir dës effizient Technik an kritt Dir weider Ënnerstëtzung

Pedagogesch Methoden

Théoretesch an perséinlech Iwerleeungen, Austausch, Froen an Äentwerten

Organisatiounsmodus

COVID-19: Zur Zeit sin all ons Fortbildungen nëmmen individuell an op rendez-vous. Rufft ons weg un fir Aeren rendez-vous. Merci fir Aert Versteestemech.

Zousätzlech Informatiounen

Gratis Informatiounssëtzung

Dës Formatioune kéinten Iech interesséieren