Formanews abonéieren

Lescht Aktualiséierung : 09.02.2024

Dir wëllt iwwer d'Entwécklung vun der Weiderbildung informéiert bleiwen?

Dann abonéiert Formanews, déi gratis Newslettere vum Portal lifelong-learning.lu.

Formanews Actualité de la formation

All Mount kritt Dir déi neisten Noriichten iwwer d'Formationsinstituter an d'Evenementer, déi Dir net verpasse sollt a kënnt Formatiounsorganismen entdecken, déi nei op lifelong-learning.lu referenzéiert ginn, genee wéi och den Offreur vum Mount.

Formanews Offres de formation

All Woch kënnt Dir hei entdecken, wéi eng Formatiounen am Fokus stinn an d'Lëscht vun de geplangte Formatiounen, klasséiert no Formatiounsdomaine, consultéieren. Setzt Iech Är Newsletter selwer zesummen, andeem Dir nëmmen déi Domainer auswielt, déi Iech interesséieren. D'Formatioune gi systematesch iwwer en Zäitraum vu 7 Deeg presentéiert, mam Numm vun der Formatioun, dem Numm vum Formatiounsinstitut, der Plaz, wou d'Formatioun ofgehale gëtt an dem Datum vun der nächster Sessioun. Klickt op déi Formatioun, déi Iech interesséiert, fir de Programm ze consultéieren an Iech online anzeschreiwen. E-Learning an Formatioun op d'Mooss sinn och iwwert de Formatiounsberäich zougänglech.

Fir Iech ze abonnéieren, gitt einfach Är E-Mail-Adress an a klickt op Abonnéieren.

Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen, andeem Dir op den entspriechende Link an all Formanews klickt.

D'perséinlech Donnéeën, déi iwwer den Intermediaire vun Ärem Abonnement erhuewe ginn, ginn am Aklang mat de Bestëmmunge vum Allgemengen Dateschutzreglement (RGPD) veraarbecht. Méi doriwwer fannt Dir an eiser Dateschutzpolitik.

Kontakt

INFPC

Anne Oswald
Responsable lifelong-learning.lu