LB-Akademie, Schwartz Tom
Our fatigue is often caused not by work, but by worry, frustration and resentment. - Dale Carnegie
Méi iwwer eis
D’LB-Akademie ass een unerkannt Weiderbildungsinstitut an huet als Ziel, déi mental Gesondheet op der Aarbecht ze verbesseren.
D'Natur ass dobäi eng wichteg Ressource, fir zur Rou ze kommen an iwwert sech a seng Situatioun ze reflektéieren. Eist Ziel ass, déi positiv Wierkung vun der Natur fir eis Coachingen a Consultatiounen ze notzen,dofir fannen d'Gespréicher an d'Formatioune gréisstendeels an der Natur, resp. am Fräie statt.
Eis Servicer riichte sech u Professioneller a Privatpersounen.
Eis Method zeechent sech duerch e pragmatesche ressourcenorientéierten Usaz aus.
Eist Experten-Team besteht aus Psychologen a Sozialaarbechter a gräift op Wëssen aus ville Beräicher zréck:
- Psychologie (Perséinlechkeetsprofil, Kommunikatiounsanalyse,…)
- Systemesch Therapie (Opstellung vu Firmen- a Persounekonstellatiounen)
- Konschttherapie (Neurofeedback)
- Entspanungsmethoden (Autogenen Training, Progressiv Muskelrelaxatioun)
- Mindfulnes
Laut dem Quality of Work Index vun 2020 lafen 1/3 vun de Salariéë hei am Land Gefor, duerch Konditiounen op der Aarbecht eng Depressioun oder aner psychesch Erkrankung ze entwéckelen.
Wann Dir Independant, Patron oder Salarié sidd, a Probleemer op Ärer Aarbecht hutt, zéckt net, a kontaktéiert eis. Zesumme wäerte mer eng Léisung fannen!
Är mental Gesondheet ass méi wichteg wéi all "To do – Lescht".
Äert Experten-Team vun der LB-Akademie
Pädagogesch Methoden
All eis Coachingen a Consultatioune fannen an der Natur statt
- Individuelle Coaching
- Psychologesch Begleedung
- Konschttherapie
- Gruppeseminaren
Themen
- Identitéitsprobleemer: Seng Perséinlechkeetsstruktur erkennen a verstoen
- Emotional Kompetenzen: Seng Emotiounen definéieren a reguléieren
- Problemer an der Equipe: Systemesch Analyse
- Angschtzoustänn: Angscht-Ausléiser an den Ëmgang domat
- Depressioun: Reframing a Coping-Strategien
- Selbstfindung / Recherche de sens: Selbstbestëmmt liewen
- Coaching am Beruff: Perséinlech Psycho-Hygien op der Aarbechtsplaz
- Entspanungstechniken / Mindfulness / Autogenen Training: Seng Mëtt an ënnerlech Rou fannen
Formatiounsdomainer
Fir méi Informatiounen iwwer d'Formatiounsdomainer ze kréien, consultéiert de Glossaire
Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Formatioun
|
- Gestioun Formatiounsparcours
|
- Berodung a Servicer am Formatiounsberäich
|
- Management- an Organisatiounsberodung
|
|
|
E puer Zuelen
- Ufank vun der Formatiounsaktivitéit: 2020
|
- 1 Occasionnell(e) Formateur(en)
|
- 2 Permanent(e) Formateur(en)
| |
Deelt dësen Inhalt
Fir den Inhalt vun dëser Säit ass eleng hiren Auteur, d. h. d'Formatiounsinstitut, verantwortlech LB-Akademie, Schwartz Tom uewe virgestallt