Our fatigue is often caused not by work, but by worry, frustration and resentment. - Dale Carnegie
Eis Servicer riichte sech u Professioneller a Privatpersounen.
Eis Method zeechent sech duerch e pragmatesche ressourcenorientéierten Usaz aus.
Eist Experten-Team besteht aus Psychologen a Sozialaarbechter a gräift op Wëssen aus ville Beräicher zréck:
Laut dem Quality of Work Index vun 2020 lafen 1/3 vun de Salariéë hei am Land Gefor, duerch Konditiounen op der Aarbecht eng Depressioun oder aner psychesch Erkrankung ze entwéckelen.
Wann Dir Independant, Patron oder Salarié sidd, a Probleemer op Ärer Aarbecht hutt, zéckt net, a kontaktéiert eis. Zesumme wäerte mer eng Léisung fannen!
Är mental Gesondheet ass méi wichteg wéi all "To do – Lescht".
Äert Experten-Team vun der LB-Akademie