Agrement

Agréé par l'arrêté ministériel du 22 octobre 2015

Typpe vun ofgehalene Formatiounen

Katalogsformatioun a Formatioun op d'Mooss

Aner Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Formatioun

Begleedung - Coaching, Gestioun Formatiounsparcours, Kompetenzebilan

Interventiounsberäicher

Belsch, Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg (All Regiounen)

Sprooch(e) vun der Déngschtleeschtung

DE EN FR LU

Zuel vu verëffentlechte Formatiounen

1

Méi iwwer eis

Competence ASBL ass eng Associatioun déi am Joer 2013 vun HR Spezialisten, Coachen an Traineren gegrënnt gouf fir erfuerene Fachleit ze hëllefen, déi hir Kompetenzen wëllen weider entwéckelen. Eist multinational, multikulturellt a méisproochegt Team huet praktesch a solid Kenntnesser vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart an och eng international Expérience.

Déi deeglech Aarbechtserfahrung vun eise HR Spezialisten a Coachen weist hinnen datt, wärend déi meescht grouss Firmen gutt Entwécklungsprogrammer hire Mataarbechter ubidden, dëst oft net de Fall ass a klengen oder Mikrofirmen.

Mir treffen dacks erfuere Fachleit, déi op engem Wendepunkt an hirer Carrière ukomm sinn a sech aus verschiddene Grënn nei orientéiere wëllen: Ännerung vu professionnellen Interessen, Verloscht vun der Aarbecht, etc. Vill hunn keen kompetenten Uspriechpartner fir se an hirer Carrière Ännerung z'ënnerstëtzen. Dëst ass virun allem wouer fir Mataarbechter vu klenge Betriber déi net vun Ouplacement Mesuren am Fall vun enger Entloossung.

Eis HR Spezialisten an erfuerene Coachen hunn eng Rei Servicer entwéckelt fir dëse Leit ze hëllefen an se z'ënnerstëtzen.

Professionell Neiorientéierung a Bilans de Compétences

D'Coachen vun der Associatioun ënnerstëtzen erfuere Fachleit, déi eng professionell Neiorientéierung siichen, andeems se hinnen hëllefen hir Schlësselkompetenzen identifizéieren an e professionnelle Projet ze entwéckelen mat Hëllef vun engem Bilan de Compétences.

Perséinlechen Entwécklungsplang

An der konstant changéierender Aarbechstwelt vun haut, ass et wichteg datt all Mataarbechter eegeverantwortlech sinn fir hieren perséinlechen an nohaltegen Entwécklungsplang. D'Coachen hëllefen dëse Persounen hire perséinlechen strategesche Entwécklungsplang ze kreéieren op Basis vun hirem Kompetenz Porfolio souwéi hire perséinlechen a professionellen Aspiratiounen.

Performance Coaching

Manager, déi hir Managerfäegkeeten an hire Leadership entwëckelen wëllen, kënnen op d'Expertise vun eise Coachen zielen fir se an hirem Entwécklungsprozess z'ënnerstëtzen.

"Job Sich Bootcamps" an agile Training fir Demandeurs d'Emploi

D'Associatioun organiséiert regelméisseg intensiv Bootcampen fir Léit, déi eng nei Aarbecht siichen, proaktiv op den Aarbechtsmaart virzebereeden. Eis Coachen an Trainer bidden och individuelle Coaching a praktesch Ënnerstëtzung bei der Virbereedung a Schreiwen vun Kandidaturen, Identifikatioun vu potenziellen Employeuren an Selbstmarketing un.

All eis Servicer kënnen Face à Face oder als Webinar oder Online Coaching statt fannen.

Competence ASBL ass sech hirer Verantwortung vis-à-vis vun den zukünftege Generatiounen bewosst bitt och eng gewëssen Unzuel u Servicer speziell fir Schüler oder Studenten.

Servicer fir Schüler a Studenten

D'Coachen vun Competence ASBL bidden ënner anerem "Job Sich Bootcamps" an "Bilans d'Orientation" fir Schüler a Studenten un fir se an hirer Orientéierung oder op der Sich no engem éischte Stage oder Job z'ennërstëtzen.

Interventioun a Schoulen a mat Studentenverbänn

Verschidde Membere vun der Associatioun (alleguer HR Manager oder HR Spezialisten) schaffe mat Schoulen, fir de Verbindung tëscht der Schoul an der Aarbechtswelt ze erliichteren andeems si Seminairen ofhaalen. Competence ASBL ënnerstëtzt och Studentenverbänn wéi ACEL, ANESEC an ANEIL zenter e puer Joer andeems se während hiren Eventer intervenéiert.

Competence ASBL bitt Schoulen an Associatiounen d'Spill "Job Hunt" un, eng lëschteg Approche fir déi richteg Froen ze stellen wann een e Stage oder eng éischt Aarbecht sicht.

Pedagogesch Methoden

  • Interaktiv Formatiounen
  • Individuelle Coaching
  • Bootcamp (Intensiv Seminairen)
  • Bilans de compétences
  • Bilans d'orientation

Formatiounsdomainer

Perséinlech a berufflech Entwécklung

E puer Zuelen

2015
Ufank vun der Formatiounsaktivitéit
2
Permanent Formateuren