Lëtzebuergesche Qualifikatiounskader
(Cadre luxembourgeois des qualifications - CLQ)
Nodeem d'Recommandatioun vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 23. Abrëll 2008 iwwer den europäesche Certificatiounskader fir liewenslaangt Léieren ugeholl gi war, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, eng Propositioun fir e lëtzebuergesche Qualifikatiounskader ausgeschafft.
De lëtzebuergesche Qualifikatiounskader versteet sech als en onverbindlechen Orientatiounskader fir Eenzelpersounen, fir Educatiouns- a Formatiounsorganismen a fir den Aarbechtsmaart. En erlaabt deem Eenzelen, seng Qualifikatioun am Verglach mat anere Certificatiounen am Hibléck op d'liewenslaangt Léieren ze positionéieren.
De lëtzebuergesche Qualifikatiounskader zeechent sech weider doduerch aus, datt hie sech net op de formelle Certifikatiounssystem limitéiere wëll, mä och fir net formell Certificatiounen op ass.
Charakteristiken
Qualifikatiounen amplaz vu Certificatiounen
Eng vun de Charakteristike vum lëtzebuergesche Qualifikatiounskader betrëfft d'Terminologie. Während an den offiziellen europäeschen Texter de franséische Begrëff "certification" (Certificatioun) benotzt gouf, fir deen englesche Begrëff "qualification" (Qualifikatioun) ze iwwersetzen, huet Lëtzebuerg sech no den Diskussiounen am Virfeld vum Ausschaffe vun engem lëtzebuergesche Kader dofir decidéiert, "Qualifikatioun" ze benotzen, an dëst well dee Begrëff d'Notioun vu Certificatioun beinhalt an e Lien mat der Aarbechtswelt hierstellt.
Niveaue vum lëtzebuergesche Qualifikatiounskader
Niveau | Definitioun am Kader vum formellen Educatiouns- a Formatiounssystem |
1 | Certificat de réussite vum ënneschten Zyklus vum Enseignement secondaire général |
2 | Certificat de capacité manuelle (CCP) |
3 | Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) Certificat de réussite vum mëtteleren Zyklus vum Enseignement secondaire général Certificat de réussite vu 5 Joer Enseignement secondaire classique
|
4 | Diplôme de technicien Diplôme de fin d’études secondaires générales Diplôme de fin d’études secondaires classiques
|
5 | Brevet de maîtrise (Meeschterkaart) Brevet de technicien supérieur Brevet de technicien supérieur spécialisé |
6 | Bachelor |
7 | Master |
8 | Doktorat |
Descripteurs de niveaux
De lëtzebuergesche Qualifikatiounskader ass, den Ament, eng systematesch Beschreiwung vun de Qualifikatioune vum Lëtzebuerger Educatiouns- a Formatiounssystem. D'Acquisitioun vun dëse Qualifikatioune gëtt duerch en Titel, Diplom oder anere Certificat, dee vun enger zoustänneger Autoritéit ausgestallt gëtt, attestéiert a standardiséiert.
De Kader ëmfaasst eng allgemeng Beschreiwung vun de Qualifikatiounsprofiller, de Formatiounsacquisen an, fir d'Niveaue 5 bis 8, déi sech op den Enseignement supérieur bezéien, nieft deene genannten Elementer och vun de formellen Aspekter, dorënner besonnesch d'Zuel un ECTS. De Kader ass op den europäesche Certificatiounskader fir liewenslaangt Léieren ofgestëmmt. D'Niveaue 5 bis 8 sinn doriwwer eraus un de Qualifikatiounskader fir den Europäeschen Héichschoulraum (Qualification Framework of the European Higher Education Area "QF-EHEA") gebonnen. De Qualifikatiounskader gëtt keng Informatiounen iwwer d'Zouloossung zu deene verschiddene Studienniveauen.
En definéiert iwwer bestëmmten Descripteuren, wat den Apprenant um Enn vun engem Léierprozess weess, versteet a realiséiere kann. Dräi Kategorië vun Descripteure beschreiwen d'Acquis d'apprentissage vun enger Qualifikatioun allgemeng an net op d'Fach bezunn, a klasséieren a spezifiéieren se.
Dräi Kategorië vun Descripteuren
De Kader ënnerscheet déi folgend dräi Kategorië vun Descripteuren: Wëssen, Fäegkeeten a Verhalen.
Wëssen
Resultat vun der Assimilatioun vu Wëssen duerch d'Educatioun an d'Formatioun.
Wëssen ass en Ensembel vun Tatsaachen, Grondsätz, Theorien a Praktiken, déi zu engem Studien- oder Aarbechtsberäich gehéieren, woubäi Assimilatioun definéiert gëtt als de Prozess, duerch deen en Apprenant sech Wëssen oder Know-how uneegent.
Fäegkeet
Capacitéit, Wëssen unzewende fir Aufgaben ze erfëllen a Problemer ze léisen.
Wéi am europäesche Kader kënnen dës Fäegkeete kognitiv (Benotze vu logeschem, intuitivem a kreativem Denken) oder praktesch (baséiert op d'Geschécklechkeet an d'Benotze vu Methoden, Materialien, Geschir oder Instrumenter) sinn.
Verhalen
Perséinlech a sozial Fäegkeeten an Aarbechts- oder Léiersituatiounen a fir déi berufflech oder perséinlech Entwécklung.
Déi perséinlech Kompetenzen zeechne sech duerch eng autonom a responsabel Astellung aus, déi e kritescht Nodenken iwwer déi eegen Handlunge genee wéi déi vun deenen aneren erlaabt; si erméiglechen och d'perséinlech Weiderentwécklung, sief et iwwer Studien oder duerch d'Praxis. Déi sozial Kompetenzen zeechne sech duerch eng autonom a responsabel Astellung aus, déi d'Aarbecht mat aneren erméiglecht an d'Berücksichtegung vun hiren Interessien zouléisst. Fir d'Niveaue 5 bis 8 ginn dës Descripteure mat Kommunikatiounsfäegkeeten an der Capacitéit, sech en Uerteel ze bilden, méi genee beschriwwen.