Gemeinsamen europäesche Referenzkader fir Sproochen
De Gemeinsamen europäische Referenzkader fir Sproochen: léieren, enseignéieren, evaluéieren(GeR oder GeRS) soll eng transparent, kohärent a méiglechst breet Grondlag bilden, fir:
- den Niveau vu Sproochecoursen ze ermëttelen,
- Sproocheprogrammer, Richtlinne fir d'Programmer, Unterrechts- a Léiermaterial auszeschaffen,
- d'Kompetenzen an de Friemsproochen ze evaluéieren.
Ee weesentleche Grondsaz vum GeR ass eng positiv Formuléierung vun de Kompetenzen, d. h. eng Opwäertung vun deem, wat den Apprenant kann. Seng Definitioun vun den Aspekter vun der Kompetenz a Form vun „ech kann“ liwwert eng kloer a gemeinsam Feuille de route fir den Apprentissage. De GeR beschreift d'Kompetenzen an de Friemsproochen op 6 Niveauen: A1, A2, B1, B2, C1 an C2.
E gouf 2001 vum Europarot ausgeschafft an 2018 ugepasst a gëtt an Europa, mee och op aner Plazen op der Welt benotzt. Et gëtt en a 40 Sproochen.
Referenzniveauen - A1, A2, B1, B2, C1, C2
De GeR beschreift d'Kompetenzen an de Friemsproochen an deelt se op 6 Niveauen op: A1 an A2, B1 a B2, C1 an C2, woubäi A1 déi niddregst an C2 déi héchste Kompetenzstuf ass.

Fir de lokale Besoine gerecht ze ginn an trotzdem mam allgemenge System vum GeR verbonnen ze bleiwen, kënnen d'Kompetenzniveauen an Zwëschen- oder Ënnerniveauen ënnerdeelt ginn.
Mat dëser flexibeler Arborescence (z. B.: A1 - A1.1, A1.2) kënnen d'Instituter d'Niveauen esou wäit ënnerdeelen, wéi et fir si wichteg ass, fir d'Niveauen, déi an hirem System benotzt ginn, ze situéieren an/oder mat der Terminologie vum GeR auszedrécken.
E Beispill vun enger flexibeler Arborescence:

Méi Informatiounen
Kompetenzniveauen - Global Echelle
Mat dëser Echelle kënnen Tester an Examen a verschiddene Sprooche verglach ginn. De GeR liwwert och eng Basis fir d'géigesäiteg Unerkennung vu Certificatiounen an de Sproochen a fërdert esou d'Mobilitéit am Bildungsberäich an am Beruffsliewen.
Elementare Sproochgebrauch
| A1 Aféierung
| Ka vertraut, alldeeglech Ausdréck a ganz einfach Aussoen, mat deene konkret Besoine sollen erfëllt ginn, verstoen a benotzen. Ka sech oder anerer virstellen an anere Leit Froen zu hirer Persoun stellen - zum Beispill wou se wunnen, wéi eng Leit se kennen, wéi eng Saache se hunn asw. - a kann op dës Zort Froen äntweren. Ka sech op eng einfach Manéier verstännegen, wann de Gespréichspartner lues an däitlech schwätzt a sech kooperativ weist. |
| A2 Éischt Grondlagen
| Kann eenzel Sätz an oft benotzten Ausdréck verstoen, déi mat direkte Prioritéitsberäicher ze dinn hunn (zum Beispill einfach Informatiounen iwwer d'Persoun oder d'Famill, Akafen, not Ëmfeld, Aarbecht). Ka sech an einfachen a gewinnte Situatioune verstännegen, bei deenen nëmmen en einfachen an direkten Austausch vun Informatiounen iwwer bekannten a gewinnte Sujeten néideg ass. Ka mat einfache Mëttele seng Formatioun, säin direkt Ëmfeld a Saachen am Zesummenhang mat sengen direkte Besoine beschreiwen.
|
Selbststännege Sproochgebrauch
| B1 Mëttelstuf
| Kann d’Haaptpunkte verstoen, wann eng kloer Standardsprooch gebraucht gëtt a wann et ëm vertraut Theme vun der Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. geet. Ka sech an deene meeschte Situatiounen op Reesen an enger Regioun, an där d'Zilsprooch geschwat gëtt, debrouilléieren. Ka sech einfach a kohärent iwwer vertraut Themen an am Zesummenhang mat sengen Interessensgebidder äusseren. Kann en Erliefnes, eng Erfarung oder en Dram erzielen, eng Hoffnung oder en Zil beschreiwen a Grënn oder Erklärunge fir e Projet oder eng Iddi kuerz duerstellen. |
| B2 Avancéiert Mëttelstuf
| Kann d'Haaptinhalter vu konkreten oder abstrakte Sujeten an engem komplexe Kontext an och fachlech Diskussiounen op sengem Spezialgebitt verstoen. Ka sech esou spontan a fléissend verstännegen, datt e Gespréich mat engem Mammesproochler fir béid Säiten ouni Tensioune méiglech ass. Ka sech kloer an detailléiert zu engem breede Spektrum un Themen ausdrécken, eng Meenung zu engem aktuellen Thema ofginn an d'Vir- an Nodeeler vu verschiddene Méiglechkeeten duerstellen.
|
Kompetente Sproochgebrauch
| C1 Autonomen Niveau
| Kann eng grouss Bandbreet u laangen an exigenten Texter verstoen an implizit Bedeitungen erfaassen. Ka sech spontan a fléissend ausdrécken, ouni ze vill offensichtlech no Wierder ze sichen. Kann d'Sprooch efficace a flexibel a sengem sozialen, berufflechen oder akademesche Liewe benotzen. Ka sech kloer a gutt strukturéiert zu komplexen Themen äusseren a beherrscht d'Mëttelen, fir säin Discours ze organiséieren, ze artikuléieren a kohärent ze gestalten. |
| C2 Maîtrise
| Ka praktesch alles, wat e liest oder héiert ouni Méi verstoen. Kann Informatiounen an Argumenter aus verschiddene schrëftlechen a mëndleche Quellen erëmginn a se kohärent resuméieren. Ka sech spontan, ganz fléissend a präzis ausdrécken a Sënnnuancen am Zesummenhang mat komplexe Sujeten däitlech maachen.
|
Grille fir d'Auto-Evaluatioun
Fir et den Apprenanten ze erméiglechen, hire Kompetenzniveau am GeR ze situéieren, gëtt eng Grille fir d'Auto-Evaluatioun ugebueden, op där d'Haaptkategorie vum Sproochgebrauch op alle 6 Niveauen duergestallt sinn.
Kategorië vun der Sproochverwendung:
- VERSTOEN: Lauschteren | Liesen
- SCHWÄTZEN: Un engem Gespréich deelhuelen | Sech fléissend mëndlech ausdrécken
- SCHREIWEN
D'Grille fir d'Auto-Evaluatioun vum GeR consultéieren.