Bei den Inhalt goen

Diplomer vun der Beruffsausbildung: DT, DAP, CCP

Erwuessener hunn d'Méiglechkeet, iwwer de Wee vun der Weiderbildung en Diplom vun der Beruffsausbildung ze kréien.

Den DT - Diplôme de technicien ass eng ganz pousséiert Beruffsausbildung, déi dem Apprenant den direkten Zougang zum Beruffsliewen erméiglecht. Den DT ass am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener am duale System oder iwwer d'Validation des acquis de l'expérience zougänglech.

Méi Informatiounen iwwer den DT

Den DAP - Diplôme d'aptitude professionnelle erméiglecht den Zougang zum Aarbechtsmaart als qualifizéierte Salarié. Den DAP ass am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener am duale System oder iwwer d'Validation des acquis de l'expérience zougänglech. Et sief drop higewisen, datt den DAP Aide soignant och parallel zu der normaler Beruffstätegkeet zougänglech ass. Fir dat éischt Joer vum DAP Agent administratif et commercial ginn och Owescoursen ugebueden.

Méi Informatiounen iwwer den DAP

De CCP - Certificat de capacité professionnelle ass eng berufflech Grondausbildung. En ass am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener am duale System oder iwwer d'Validation des acquis de l'expérience zougänglech.

Méi Informatiounen iwwer de CCP

Diplomer vum Enseignement secondaire, DAEU an DAES

Erwuessener hunn d'Méiglechkeet, iwwer de Wee vun der Weiderbildung en Diplom vum Enseignement secondaire ze kréien.

Den Diplôme de fin d'études secondaires classiques (DFESC) an der Sektioun Moderne G - Sciences humaines et sociales kann een iwwer Owescoursen, Dagescoursen oder online (eBac) kréien. Et ass déi eenzeg Sektioun vum Enseignement secondaire classique, déi iwwer de Wee vun der Weiderbildung accessibel ass.

Méi Informatiounen iwwer den DFESC

Erwuessener, déi hir Studien am Enseignement secondaire général ofschléissen oder hir Studien nees ophuele wëllen, kënnen an Owescoursen den Diplôme de fin d'études secondaires générales vun der Division administrative et commerciale, Sektioun Gestion, kréien. Erwuessener, déi schonn am Educatiouns- oder soziale Beräich täteg sinn, kënnen den Diplom vum Educateur parallel zu hirer Beruffstätegkeet kréien.

Méi Informatiounen iwwer den DFESG

Erwuessener, déi keen Ofschloss vum Enseignement secondaire classique oder général oder gläichwäertegen auslänneschen Ofschloss hunn, an déi op enger Universitéit studéiere wëllen, kënne mam Diplôme d’accès aux études universitaires (DAEU), option littéraire, en Diplom kréien, dee mam Diplôme de fin d’études secondaires gläichgestallt ass.

Méi Informatiounen iwwer den DAEU

Den Diplôme d'accès aux études supérieures (DAES) gëtt Erwuessenen eng zweet Chance, en Diplom an domat Zougang zu Héichschoulstudien, de reglementéierte Beruffer an den Aarbechtsplazen am ëffentleche Secteur ze kréien. Den DAES ass en neie Bildungswee, deen am Kader vun der Erwuessenebildung ugebuede gëtt. En ass mam Diplôme de fin d’études secondaires gläichgestallt.

Méi Informatiounen iwwer den DAES

Meeschterkaart, BTS, Bachelor, Master

Erwuessener hunn d'Méiglechkeet, iwwer de Wee vun der Weiderbildung eng Meeschterkaart am Handwierk oder en Diplom aus dem Enseignement supérieur ze kréien.

D'Meeschterkaart ass eng Schlësselqualifikatioun am Handwierk. Mat dëser Qualifikation kann ee säin eegene Betrib grënnen, Léierbouwen a -meedercher ausbilden oder an engem Betrib am Handwierk, an der Industrie oder am Commerce e Poste mat Verantwortung iwwerhuelen. Erwuessener kënnen d'Meeschterkaart kréien, duerch Deelhuelen un Virbereedungscoursë oder duerch d'Validation des acquis de l'expérience.

Méi Informatiounen iwwer d'Meeschterkaart

De BTS - Brevet de technicien supérieur ass e Kuerzzäitstudium vum Enseignement supérieur, deen an der Reegel 2 Joer dauert. Et handelt sech ëm eng beruffsorientéiert Qualifikatioun aus der Héichschoulbildung, déi de Besoine vun den Entreprisen entsprécht. D'Validation des acquis de l'expérience erlaabt et, seng Erfarung unerkennen ze loossen, fir iwwer dee Wee e BTS am jeeweilegen Aktivitéitsberäich ganz oder deelweis ze kréien.

Méi Informatiounen iwwer de BTS

Erwuessener, déi Héichschoulstudie fortsetzen oder ufänke wëllen, an dobäi an der Reegel parallel beruffstäteg sinn, kënnen iwwer de Wee vun der Weiderbildung e Master- (Bac +5), e Bachelor- (Bac +5) oder en Universitéitsdiplom kréien: decaléiert Horairen, Owescoursen, Coursen iwwer de Weekend, Fernunterrecht oder Blended Learning. Mam Dispositif vun der Validation des acquis de l'expérience kritt een Zougang zu engem Studiegang oder Transfert-Kreditter bzw. Dispensen.

Méi Informatiounen iwwer den Universitéitsdiplom

Verstäerkung vun de Kompetenzen: Diplom+ a 5es-Klassen

Fir Jugendlecher an Erwuessener gëtt et eng Rei vu Méiglechkeeten, hir Kompetenzen ze stäerken a besser am Beruffsliewen eens ze ginn.

D'Formatioun Diplom+ fir jonk Diploméierter ass drop ausgeriicht, hinnen zousätzlech Kompetenzen ze vermëttelen an esou hir Chancen ze verbesseren, eng Aarbechtsplaz ze fannen oder sech op hiren Héichschoulstudium virzebereeden.

Méi Informatiounen iwwer d'Formatioun Diplom+

D'5es-Klassen erlaben et Erwuessenen, iwwer den 2. Bildungswee den Niveau vun der 5e ze erreechen, deen et hinnen erméiglecht, hir berufflech a perséinlech Projeten ëmzesetzen. Si adresséiere sech och u Persoune mat engem Migratiounshannergrond, déi iwwer keen unerkannte Bildungsniveau oder net iwwer déi néideg Sproochekenntnisser verfügen, fir an de Lëtzebuerger Schoulsystem opgeholl ze ginn. Dës Klassen erméiglechen den Zougang zu Studien am Secondaire an zu enger Beruffsausbildung. Si kënnen an Owes- oder Dagescoursë besicht ginn.

Méi Informatiounen iwwer d'5es-Klassen

Validation des acquis de l'expérience

D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) ass en zousätzleche Wee, fir zu engem Diplom ze kommen. Et handelt sech ëm en Dispositif, mat deem ee seng berufflech a perséinlech Erfarung unerkenne loosse kann, sief et fir eng Qualifikatioun oder eng partiell Validatioun, Zougang zu engem Formatiounsparcours oder eng partiell Dispens vu verschiddene Coursë vun engem Studieprogramm ze kréien.

D'VAE gëllt fir all Zilgruppen, onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun. Eng onëmgänglech Bedéngung ass, datt d'Kandidaten iwwer mindestens 3 Joer, d.h. 5.000 Stonnen, eng Aktivitéit am direkten Zesummenhang mat der Certificatioun, déi ugefrot gëtt, ausgeüübt hunn.

Méi iwwer d'VAE

Unerkennung vun Diplomer

Déi formell Unerkennung vun engem Bildungsstand an engem Diplom aus dem Enseignement secondaire, der Berufsausbildung oder dem Enseignement supérieur aus dem Ausland erfollegt iwwer eng Unerkennungsdemande oder iwwer d'Androen am Titelregëster vum Enseignement supérieur.

Unerkennung vun Diplomer vum Enseignement secondaire

Persounen, déi op Lëtzebuerg kommen an do studéieren oder schaffe wëllen, kënnen, jee no hirem konkreete Besoin, d'Unerkennung vun hirem Bildungsstand, hirem Diplom oder hirer berufflecher Qualifikatioun aus dem Ausland ufroen.

Méi Informatiounen iwwer d'Unerkennung vun Diplomer vum Enseignement secondaire

Unerkennung vun Diplomer vum Enseignement supérieur

D'Androen an den Titelregëster, Sektioun vum Enseignement supérieur, entsprécht der akadeemescher Unerkennung vun engem Héichschouldiplom aus dem Ausland. Dës Prozedur gëllt fir all Héichschouldiplomer, déi an engem anere Land wéi Lëtzebuerg, der Belsch oder Holland ausgestallt goufen.

Méi Informatiounen iwwer d'Unerkennung vun Diplomer vum Enseignement supérieur